Home > Gesellschaft, Wëssenschaft > Handy am Flijer?

Handy am Flijer?

February 18, 2009 Leave a comment Go to comments

Dass een Handien am Flijer muss ausman fannen ech eng fäin Saach. Zumools well et dann méi roueg ass. Allerdëngs hunn ech et ëmmer schon komesch fonnt, dass Handien (an Laptoppen, CDPlayer, etc) sollten en Sécherheetsrisiko beim Starten an Landen duerstellen!? Usech kann dat jo net de Fall sinn, well wann dach, dann misst d’Personal dach ALL Handy kontrolléieren op en och wirklech aus ass! A wat, wann een säin Handy vergiess huet auszeman? Kéint en Terrorist en Flijer zum Ofstuerz bréngen well hien en net ofgeschaltenen Handy a sengem Handgepäck verstoppt huet?

Duerfir wéilt ech gären wëssen, wat wirklech de Grond woer, firwat dësen Pilot hei refuséiert huet ze starten:

Der 54-Jährige hatte im Oktober 2006 vom Flughafen Basel-Mühlhausen abfliegen wollen. Der Pilot hatte den Start verweigert, nachdem der Passagier sein Handy nicht ausschalten wollte. Daraufhin war der Mann handgreiflich geworden.

Misst jo éischter eng Prinzipiensaach gewiescht sinn, wéi dass lo wirklech en Risiko bestanen huet … ?

  1. February 18, 2009 at 11:12 am

    http://skeptoid.com/episodes/4014

    ech hun no wessenschaftlechen publikatiounen doriwer gesicht an net vill schlaues font…

  2. February 18, 2009 at 11:16 am

    Wahrscheinlech gouf et een Grond wou Handyen nach net via GSM funktioneiert hun, deen awer mat GSM net mei gülteg ass.

    Wahrscheinlech wees keen mei wisou di Regel gudd war an dass dunn einfach beibehaalen gin amplatz eng nei Etude ze maan dei Geld kascht an keent eranbrengt.

  3. February 18, 2009 at 1:08 pm

    Du haas dach virun engem Mound oder sou en Video mat engem Typ, den vun Internet am Flijer erziehlt huet. Also ech kann mir net virstellen, daat dat soll manner stéieren?

  4. February 18, 2009 at 1:37 pm

    Jo, verschidden Airlines bidden lo (oder demnächst) onboard Internet un. Wat den Telefon ugeet, sou huelen ech un, dass dat einfach eppes ass, wat als acquis ugeholl gët an lo keen sech traut, dat rem reckgängeg ze man. Well wee wees, et KEINT jo awer villäicht eng Auswierkung hunn … mee genausou KEINT de Flijer och vun engem Meteorite getraff ginn oder sou.

    A wat genau soll dann beim Telefon stéieren? Hiere System wäert jo net esou sensibel sinn, dass en dofir géiff direkt an d’Gëtten goen … ?

  5. Pol
    February 18, 2009 at 3:48 pm

    Mengen dei wellen einfach kee Risiko agoen.

    Daat eenzegt wou ech mer virstellen waat gesteiert gi keint ass dem Pilot sai Headset, wei wann een den handy bai lautsprecher leed…

    Wollt net och eng airline handy antennen an der kabinn installeieren an dann dBenotzen vun Handyen erlaben?

  6. February 18, 2009 at 3:50 pm

    @pol:

    > Mengen dei wellen einfach kee Risiko agoen

    Mee déi Iwwerleeung mécht kee Sënn! WANN och nëmmen de mannsten REELLEN Risiko wier, wéi kënnen sie sech dann einfach drop verloossen, dass d’Läit den Handy ausman an keen et vergësst? Oder dass en, uh, Terrorist, en express uléisst?

    Die ganz Handy-Saach do schéngt mir héichgradeg irrationell.

    > Wollt net och eng airline handy antennen an der kabinn installeieren an dann dBenotzen vun Handyen erlaben?

    Dat wier fir mech en Grond fir déi Airline NET ze huelen! Net wéinst dem ‘Risiko’, mee wéinst dem Geschnëss!

  7. Pol
    February 18, 2009 at 5:21 pm

    “Dat wier fir mech en Grond fir déi Airline NET ze huelen! Net wéinst dem ‘Risiko’, mee wéinst dem Geschnëss!”
    hehe😀

    vlaischt ass daat einfach ee psychologeschen Trick? dLeit man hiren handy aus, se beschäftegt a fillen se doduerch einfach besse mei secher?

  8. February 18, 2009 at 5:23 pm

    > vlaischt ass daat einfach ee psychologeschen Trick? d’Leit man hiren handy aus, se beschäftegt a fillen se doduerch einfach besse mei secher?

    Kéint sinn … En aneren Sënn schéngt et jo net ze man.

  9. Patrick
    February 18, 2009 at 7:41 pm

    Ech hat virun e puer Méint an den Norrichten heieren, dat e Fliger Problemer beim Landen hat, well eng Persoun déi wärend der Landung um Handy war d’Navigatiounssystemer gesteiert hat. Dess Persoun ass dunn och verhaft ginn.

  10. February 18, 2009 at 7:46 pm

    Patrick:

    Du ërenners dech net un e bëssen méi Detailer fir den Artikel kënnen erem ze fannen?

    Well dat wier jo awer dann eng enorm Schwaachstell an hierem System …

  11. February 18, 2009 at 8:07 pm

    Vergiess Bommen… Muss een just Navigatiouns-Jammer un Bord schmuggelen… ohje ^^

  12. pa
    February 18, 2009 at 10:53 pm

    Laptopen sollen och geféierlech sin:

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: