Home > Geschicht, Gesellschaft, Luxembourg, Perséinleches, Religion/Philosophy > Mäin Dilemma mat der Kierch.

Mäin Dilemma mat der Kierch.

February 18, 2009 Leave a comment Go to comments

dsc_0165

Ech sinn e bëssen an engem Dilemma.

Usech wëll ech aus der Kierch eraustrieden. Haaptsächlech aus Protest géint all deen Brach, deen sie iwwert d’Joërhonnerten verzaapt hunn an iwwert dat Leed, wat sech onsëllegen Läit ugedoen hunn. Den Problem ass awer, dass se eben nët nemmen Brach erzielt hunn an dass se och villen Läit iwwert all déi Zäit gehollef hunn. An och wann ech perséinlech mat hierem eigentlechen Glawen rationell näischt ufänken kann, so kann ech awer verstoen, wat en aneren Läit fir en Halt an Hoffnung ka ginn. An soulaang déi Läit och Net- oder Anersgleeweger liewen loossen, hunn ech och absolut kee Problem domadder. Jedem Tierchen säin Plaisirchen. An die meescht Läit wëssen jo souwiesou net sou genau wat se gleewen oder wat hier Religioun wirklech léiert. Do brauch een just e bessen nozebueren. Sie sinn zefridden mat deem vaguen Gefill vun Sënn an Sëcherheet, deen vermëttelt gët. D’Problemer ginn réischt offensichtlech, wann een die Religiounen wirklech mol analyséiert an a Fro stellt.

Ech sinn awer lo net géint Religoun per se, wéi den Dawkins zum Beispill. Hien ass jo strikt dogéint well hien seet, dass den Glawen un eppes Iwwernatiirleches ëmmer en negativen Effekt huet, zumools och op d’Wëssenschaaft. An dat ass natiirlech och net ganz falsch. Proffen, déi Kanner aus engem religéisen Elterenhaus d’Evolutiounstheorie, den Urknall, Plattentekonik, etc wëllen bäibréngen, hunn e schwéieren Stand. Bei eis ass dat villäicht nach rar. An England an den USA sécher net. Vun moslemeschen Länner ganz ze schweigen. An fir aner Läit ze diskriminéieren oder ze verurteelen, just well en onsichtbart Wiesen engem dat opgedroen huet, ass och net akzeptabel.

Mee d’Religioun kann Läit och dozou motivéieren fir gutt ze sinn, fir sech net d’Käpp anzeschloen, etc (jo, sie kann och genau den Géigendeel verursaachen!). An ech froen mech, wéi een dat an eiser aktueller Situatioun ouni Religoun ka maachen. Natiirlech kënnen net-gleeweg oder agnostesch Elteren hieren Kanner moralescht an sozialt Verhalen bäibréngen. An dat ass jo och wat, zB, meng gemaach hunn (obwuel sie natiirlech klassesch religéis Wäerter matvermëttelt kruten, dat awer no 68 spéitestens relativéiert hunn). Mee irgendwéi sinn ech mer net sécher op d’Majoritéit vun de Läit sech einfach sou, ouni extern Hëllef, sou verhällt oder verhalen kann. Mäi Punkt ass mengen ech deen: et geet net duer fir eppes einfach ofzeschafen oder ofzelehnen, et muss een och en Ersatz ubidden! Ouni kloer Regelen an Hëllef schéngen vill Läit verluer an ech wees net ob ech asozial Atheisten besser soll fannen wéi sozial Gleeweger. Wat natiirlech net heescht, dass all Atheist asozial ass oder all Gleewegen sozial! Loin de là! Wahrscheinlech ass et och manner eng Saach vun Gleewen oder net Gleewen, wéi vun Bildung a gesondem Mënschenverstand … Villäicht läit et och dorunner, dass ech villen Läit (der Majoritéit?) net zoutrauen vun alleng, ouni all ze vill Schued ze verursaachen, zur Conclusioun ze kommen, dass sech ‘gutt’ verhalen die bescht Léisung ass fir jidereen. Duerfir misst et eng humanistesch Organisatioun ginn, déi sech em déi Wäertvermëttlung an Edukatioun këmmert amplaz vun der Kierch … mee villäicht ass sou eppes eng Utopie … an et kann natiirlech séier an eppes à la dem Plato seng faschistesch Republik ausarten … mee dat muss awer villäicht net sinn. Mäin Austrëtt kéint awer och Läit, déi nët prêt sinn ouni Guidage an Hëllef ze liewen, motivéieren auszetrieden (oder iwwerhaapt mol hieren ‘Glaawen’ a Fro ze stellen) an dat kéint negativ Konsequenzen fir d’Gesellschaft ‘overall’ hunn. Villäicht gesinn ech dat awer och rem ze pessimistesch.

En weideren Aspekt ass och, dass net nëmmen eng Moralvermëttlung (déi sécher net perfekt ass, mee en vaguen Peace & Love Message, jo eng rezent liberal-religéis Entwécklung, ass besser wéi näischt) verluer ginn, mee och Ritualer. An Ritualer sinn schon irgendwéi wichteg! Wann se positiv sinn. D’Klassiker sinn natiirlech: Daf, Hochzäit an Begriefness. De religéisen Message vun dësen Ritualen as fir mech, an wuel och ganz vill aner Läit, null. Mee d’Ritual usech ass awer schéin. An sou laang een net zevill iwwert den Contenu vun den Wieder nodenkt, ass och alles an der Réi. Wann een awer driwwer nodenkt an zur Conclusioun kënt, dass dat 90% usech Schwachsinn ass, dann ass et hypokritesch die Ritualer an deem Kader wéiderzeféieren. Mee dann hu mer nees de Problem: wou ass den Ersatz? Eng Hochzäit op der Gemëng ass einfach net dat selwecht wéi eng Hochzäit an der Kierch (vun der Feierlechkeet hier, etc). Natiirlech kann een soen: souvill Feierlechkeet brauch ech net. Ass och ok. Mee heiansdo ass Feierlechkeet awer schéin. Ech kann jo och Chrëschtdag féierlech als Fest vun der Léift an der Famill feieren ouni dass ech un die chrëschlech Mythen gleewen muss …

A wat mech och nodenken léisst ass, dass d’Religioun d’Mënschen awer och oft zu Héichstleeschtungen animéiert huet. Zumools an der Konscht an an der Architektur. Atheisten an Agnostiker kënnen herrlech an brilliant Saachen à la Evolutiounstheorie schafen (an natiirlech och Literatur, Molerei, etc), mee trotzdem schéngen grandios Bauwierker wéi Pyramiden, gothesch Kathedralen, buddhistesch an hinduistesch Tempelen, Moscheen, etc éischter eng Leeschtung vun religéisen Läit (ok, oft gekoppelt mat +- brutalen Herrscher, déi dat ganzt organiséieren an och oft méi wéinst hierer wéi wéinst hierem Gott man, mee ech mengen, dass awer och vill Aarbechter iwwerzeegt woren un engem ‘gëttlechen’ Projet matzeschaffen, doropper stolz woren an dass dat hinnen Freed gemaach huet). Allerdëngs ass dat och eng falsch Iwwerleeung, well die Beispiller do all historesch Beispiller sinn an fréier d’Religioun einfach en normalen Bestanddeel vum Alldag an Liewen woer. Villäicht drécken ech mech och einfach ongeschéckt aus an hunn zevill Zäit fir iwwerhaapt iwwer sou Saachen nozedenken …

Ech hunn awer weiderhin usech vir fir auszetrieden. Et ass just net alles sou schwaarz a wäiss, wéi verschidden Läit dat op béiden Säiten wëllen duerstellen. A ganz vereenzelt ginn et och sou Hoffnungsschimmeren, dass eng Kierch och kéint gutt sinn. Mee dat ass nees am Klengen. Usech bräicht een einfach eng humanistesch Philosophie oder Vision (déi och den Doud mat aschléisst), déi all déi positiv Aspekter vun den Religiounen iwwerhëllt, die negativ erausléisst an zum gréissten Deel rational ass (bëssen Sputt fir Spekulatioun kann/muss/soll och bléiwen, mee et muss unerkannt ginn, dass mir net alles wëssen an net alles wëssen kënnen).

Sou, an lo sot mer an den Comments wou ech falsch raisonnéiert hunn!

  1. j.h.
    February 18, 2009 at 9:48 pm

    Discussion à suivre, bei der nächster Geleegenheet. Bis dann, J.

  2. Eiswierfel
    February 18, 2009 at 11:34 pm

    Naischt Konkretes an vill Blabla

  3. Georges
    February 18, 2009 at 11:56 pm

    Dass du an engem Dilemma bass, kann ech gutt verstoen. Ech hunn och schonn un dee Schrëtt geduecht, well ech gréisstendeels deng Usiichten iwwer d’Kierch deelen. Mä et ass awer keng vu menge momentane Prioritéiten an dofir lossen ech fir de Moment mol alles wéi et ass amplaz mer och sou de Kapp ze zerbriechen.😉

    Zu deem wat s du ‘Ritualer’ nenns wëll ech awer folgendes soen: Ech sinn net an der Kierch bestuet ginn, well weder meng Fra nach ech dat ‘Ritual’ do novollzéien wéi d’Kierch dat op-/ausféiert. Mir wollten awer genausou schéi feieren wéi dat an der Kierch Usus ass. A mir hunn dat gemaacht: Mir haten eng Tenue déi an der Kierch akzeptéiert gewiescht wier, mir haten en 3-Mann-Orchester mat op d’Gemeng a mir hunn eis Gesellschaft mat dohi geholl. Wéi den 1. Schäffen (den deemolege Buergermeeschter an hautegen Ëmweltminister hat et verpasst eis ze bestueden) eis gesinn hat, ass e mol séier eng Krawatt undoe gaangen, hehe. No der Zeremonie si mer dunn an d’Buerg feiere gaangen. Vun dohier denken ech net, dass eis Hochzäit duerch eng Mass méi schéin an onvergiesslech gemaacht gi wier.

    Zur Daf/Kommioun: Meng Fra an ech si gedeeft an hunn d’Kommioun gemaacht. Well mer awer allebéid keng praktizéierend Chrëschte sinn, wier et fir eis net nëmmen irrelevant, mä souguer inkonsequent wa mer déi Ritualer fir eist Kand ofhale willten. Vun dohier ass et net gedeeft ginn, mä et huet trotzdem e Pätter an eng Giedel an him zu Éieren hate mer e Familljefest organiséiert zu engem Zäitpunkt wou aner Leit d’Daf vun hierem Kand feieren. An och wa verschidde Familljememberen wahrscheinlech léiwer kierchlech Fester gehat hätten, sou huet awer jiddereen eise Choix acceptéiert. So what?

  4. marionmuller
    February 19, 2009 at 12:43 am

    zum Inspiréieren vu Konschtwierker: dat huet ganz einfach domadder ze dinn dass d’Kierch déi meescht Suen hat fir Kënschtler ze bezuelen fir dass se sollen hir Motiver kënschtleresch duerstellen.
    soubal z.b. d Bourgeoisie entstan war an och Suen ugeheeft hat, konnt och si Kënschtler bezuelen fir HIR Motiver duerzestellen. E gutt Beispill ass Holland mat senge Meeschteren, fir just eent ze nennen.
    Hätten am Mëttelalter oder zu soss enger Epoch d’Baueren am meeschte Sue gehat, gingen haut d’Muséen vollhänken mat Meeschterwierker déi Kéih, Pléi a Mëschtekéip gingen duerstellen ; )

  5. February 19, 2009 at 9:16 am

    @Georges:

    – Souvill zerbriechen ech mer de Kapp och net. A meng Entscheedung steet souwiesou och schon quasi fest. Ech woer just interesséiert, op et nach aner Argumenter giff ginn fir net auszetrieden.

    – An souvill Läit kann een mat op d’Gemëng huelen? Geet awer wuel och net iwwerall. Am Beschten wier et, et kéint een die Zeremonie och direkt (zB) an der Buerg man, oder generell do wou een feiert. Ech woer desläscht an Istanbul op enger sekulärer Hochzäit an do gouff die Zeremonie Owes virum Hochzäitsiessen vun enger ‘Gemengenaarbechterin’ duerch gefouert. Sou eppes giff ech och gutt fannen. Do ass dann den festlechen Kader automatesch mat dobäi.

    – Natiirlech kann een selwer lauter Ersatzritualer erfannen an duerchzéien. Dat ass jo och gutt a schéin! Den liichten Nodeel dovunner fannen ech, dass alles op eemol immens individuell gët an net jidereen sou selbststänneg ass.

    – Ech wier trotzdem och un denger Meenung, wat dat ‘moralescht’ an ‘edukativt’ ugeet. Heiandsdo muss een jo och iwwerdriwwen héich usetzen fir dann en gesond Mëttelmooss ze behalen? A là: D’Kierch braddelt an erwaard vill, dat kann souwiesou keen anhalen, mee ëmmerhin bléiwt eppes hänken an d’Läit verhalen sech awer ‘besser’ wéi wann se an engem Millieu opwuessen, wou d’Läit sech foutéieren an een dem aneren säin Feind ass? NET dass dat die zwou eenzeg Méiglechkeeten sinn natiirlech! Mee well (nach?) keng richteg Struktur niewent der Kierch besteet …

  6. February 19, 2009 at 9:42 am

    @marion:

    Jo, dat ass natiirlech en Argument. A wat Biller an sou ugeet, ginn ech der komplett Recht.

    Bei Gebäier schéngt et mer awer schon méi schwiereg. Obwuel, schlussendlech kënt et och do just drop un, ween d’Suen an d’Muecht huet … net ouni Grond ginn hautzudags die extravagansten Gebäier vun Scheichen an/oder Despoten (zB Kasachstan) gebaut. An Läit wéi den Stalin oder den Hitler haten och rieseg architektonesch Projet’en, déi zum (klengen) Deel och realiséiert gouffen an déi och op eng morbid Art faszinant sinn, alleng well se sou gigantesch sinn.

    Villäicht impressionnéieren mech die religéis Megabauten och just méi, well se méi al sinn an mat méi primitiven Mëttel gebaut gouffen. Mee bon, dat alles huet jo just periphär mat der Kierch resp. mengem probablen Kierchenaustrëtt ze dinn.

    Keen Kommentar zum moraleschen, gesellschaftlechen Aspekt vum Post?🙂

  7. Pol
    February 19, 2009 at 12:02 pm

    “Keen Kommentar zum moraleschen, gesellschaftlechen Aspekt vum Post?”

    gaer, mech freet et das de dech souvill domatt beschäftegs an net op deen Zuch vun blanner “Hexejuegd” opsprengs, deen am moment duerch dLand rast….

    Zumols deen Aspekt mat engem Ersatz vir dei reliéis Moralvirstellungen fannen ech intressant. Leider kann do net jiddereen op eng Bildung (WWII, aner Genozide etc) zreckgraifen.

  8. February 19, 2009 at 12:11 pm

    @Pol:

    Eng Hexejuegd ass jo och eppes déif kathoulesches😉

    A Moral fënnt een och net nëmmen an der Kierch oder dem Chrëschtentum. Vergiessen däerf een och net, dass suwuel an der Kierch wéi och dem Chrëschtentum (an dem Judentum) d’Moralvirstellungen iwwert d’Zäit gewiesselt hunn. Zeus sei dank! Soss giffe mer haut nach Läit stengegen, oder d’Fraen verschleiert an der Mass setzen, etc.

    Ech gesinn, wat generell Moralvirstellungen vun, oder an, enger Gesellschaft ugeet, d’Kierch och nëmmen als en Mëttel zum Zweck. Net als der Weisheit letzter Schluss!

    Also net ze fréi feieren, ok?😉 Zumools ech wahrscheinlech trotz allem, an aus Protest an fir en Zeechen ze setzen, austrieden wäert. Och wann (leider) nach keng Ersatzstrukturen existéieren an d’Austrieden duerfir net fir jidereen optimal oder iwwerhaapt méiglech ass …

  9. Pol
    February 19, 2009 at 12:15 pm

    Ech féieren jo net wells de austrieds oder net austrieds, mee wells de der iers de et mess Gedanke mess😉
    “Der Weg ist das Ziel” soen se

  10. Georges
    February 19, 2009 at 3:20 pm

    @strawdog:

    D'(kathoulesch) Kierch huet jo nieft dem reliéisen Aspekt och nach eng sozial a kulturell Bedeitung, an do fléissen di moralesch an edukativ Usiichten da mat eran. Soulaang déi Usiichten net dozou bäidroen verschidde Gruppéierungen ze benodeelegen an au contraire eppes zum gesellschaftlechen Allgemeinwohl bäidroen, hunn ech kee Problem domat. Ech ka mer och virstellen, dass besonnesch fir déi Leit, déi sech net sou vill Gedanken heiriwwer maache kënnen oder wëllen, d’Institutioun Kierch sou wéi se sech um Terrain de Leit présentéiert (Mass, Reliounsunterrécht, karitativ Organisatiounen, …) eng Orientéierungshëllef ass, déi ech der Ofwiesenheet vun enger alternativer, allgemenger gesellschaftlecher Struktur virzéien. Well moralesche Leitsätz wéi z.B. bridderlech Deelen oder Verzeien kann een och an enger méi universeller Ethik eng Plaz ginn, an dovu profitéiert herno och d’Zesummeliewe an der Gesellschaft.

    Dass lo op eemol vill Leit de Courage weisen fir ëffentlech aus der Kierch auszetrieden ass fir mech éischter e symboleschen Akt wéi dass en eppes Gesellschaftleches ännere wäert. D’Kierchen ginn doduerch net méi eidel, well déi Leit déi lo austrieden jo wuel kaum bis dohin all Sonndes an d’Mass gaange sinn. Sii wäerten ausserdem och wuel kaum sou verbruet sinn fir sech dann an Zukunft ze weigeren an eng Hochzäits- oder Doudesmass ze goen, wann déi Mass fir Leit gehale gëtt, déi hinnen nostinn. A wann ee Leit vum Bistum perséinlech kennt, da schwätzt ee jo bestëmmt och nom Kierchenaustrëtt nach mat deenen, well déi kënnen jo awer wierklech net dofir wann am Vatikan d’Demenz d’PR bestëmmt.

  11. February 19, 2009 at 3:55 pm

    @Georges:

    Merci fir deen ausféierlechen Kommentar, woer interessant ze liesen. Generell sinn ech och mat der d’accord, den Däiwel ass just rem am Détail:

    > Soulaang déi Usiichten net dozou bäidroen verschidde Gruppéierungen ze benodeelegen an au contraire eppes zum gesellschaftlechen Allgemeinwohl bäidroen, hunn ech kee Problem domat.

    Die offiziell Positiounen vun der kathoulescher Kierch a Punkto Stierfhëllef, Ofdréiwung, Homosexualitéit, etc sinn jo awer ganz kloer an och ganz kloer ausgrenzend an verurteelend.

    Andeems du Member vun der Organisatioun bass, wann och stillschweigend, sou ennerstëtzt de och déi Positiounen doduerch. Ass dat ok fir dech? Stees du zu deenen? Kanns du dech mat deenen identifizéieren?

  12. Cartman306
    February 19, 2009 at 4:05 pm

    Ech fir main Deel ginn dëst Joer bestued an zwar just op der Gemeng. Dat passt zwar nët all Mënsch, mee meng Frendin an ech hunn net agesinn firwat mir dee ganzen Trara sollen opféieren, wa mir soss naischt mat der Kierch ze dinn hunn. Zu 99% ass dat jo just Show a nët well déi Leit dru gleewen.
    An trotzdeem sinn ech der Meenung datt d’Fest genausou flott ka sinn ouni d’Kierch.
    Ech sinn awer momentan nach net sou konsequent, datt ech géing austrieden och wann ech hier Meenungen nët deelen, an ech mech andauernd iwwert d’Paffen opreegen. Et geet mir deemno bësse sou wéi dem Georges.
    Dofir main Respekt, falls du dës Décisioun wierklech wëlls durchzéien.

  13. February 19, 2009 at 4:10 pm

    @Cartman:

    Jo, natiirlech ass et fir die allermeescht just d’Show, déi sie fir eng Hochzäit an d’Kierch bréngt! Soss ginn se jo och nie dohinner. An dat ass natiirlech hypokritesch. Sie wëssen dat natiirlech selwer an ech mengen et ass dowéinst, dass d’Läit bëssen komesch réagéieren, wann een seet, dass een selwer mam Gedanken spillt auszetrieden. Well dat jo méi konsequent ass wéi sie dee Moment …

    Allerdëngs geet et mir net drëms fir die aner als Hypokriten duer ze stellen, jidereen huet seng Grënn fir dran ze bléiwen oder auszetrieden.

  14. Georges
    February 19, 2009 at 9:04 pm

    @strawdog:

    > Die offiziell Positiounen vun der kathoulescher Kierch a Punkto Stierfhëllef, Ofdréiwung, Homosexualitéit, etc sinn jo awer ganz kloer an och ganz kloer ausgrenzend an verurteelend.

    Dat heescht net anengems dass um “Terrain” (cf. mäi Comment méi uewen) déi dote Positiounen ëmmer tel quel onkritesch nogeplappert an héichgehale ginn. Wann de Chef vun der Institutioun Kierch a seng direkt (Weih)wasserträger Brach schwätzen, da muss dat net onbedéngt all Duerfpaschtouer ënner d’Nues geriwwe ginn, wann dee sech z.B. am deeglechen Ëmgang mat senge Scheewecher méi moderat gëtt, a senger Funktioun innerhalb vun der Kierch awer eben och heiansdo e Bëschofswuert virliese muss.

    Woumat ech lo awer net wëll gesot hunn, dass een déi offiziell Positioun vum Vatikan guttheeschen an/oder ignoréiere soll, ganz am Contraire: ech hu selwer jo och schonn deen een oder anere Kommentar hannerlooss wou kloer erauszeliesen ass, dass ech net mat deene Positiounen d’accord sinn. Ech wëll awer och net, dass duerch déplacéiert Agéieren vun engem Chef all d’Ugestellten a Memberen vun enger Institutioun als genausou schlecht duergestallt ginn. Dat wier wéi wann ee lo am Finanzwiesen all Bankugestellten, vum Caissier iwwert d’Leit an de Guicheten bis an de Backoffice, an dann och nach d’Clienten als Drecksäck dohinnerstelle géif, well skrupellos Chefen d’Kar an den Dreck gesteiert hunn.

    > Andeems du Member vun der Organisatioun bass, wann och stillschweigend, sou ennerstëtzt de och déi Positiounen doduerch. Ass dat ok fir dech? Stees du zu deenen? Kanns du dech mat deenen identifizéieren?

    Erlab mer hei e🙂 opzesetzen. Ech gesi mech nämlech net als Member vun där Organisatioun, dat ass jo grad firwat den Austrëtt net zu menge momentane Prioritéite gehéiert. Ech fannen d’Initiativ vu fräiheet.lu zwar ganz gutt, mä ech war nach ni Demandeur dofir a vun dohier gesinn ech net an firwat ech elo dovu profitéiere soll, just because I can? Ech schléissen awer net aus, dass ech vläicht eng Kéier drop zréckkomme wäert.

    Ech si vläicht gedeeft an hunn di ganz kathoulesch Sozialisatioun matgemaacht (Reliounsunterrécht, Kommioun, Firmung, Beicht), mä réckbléckend kann ech just feststellen, dass déi Sozialisatioun bei mir feelgeschloen ass: Ech ginn zënter bal 20 Joer net méi an d’Sonndesmass, hu mech net an der Kierch bestuet a gi mer am Zesummeliewe mam eegenen wéi och anere Kanner d’Méi humanistesch Wäerter ze vermëttelen. Wéi kann ech doduerch déi kierchlech Positiounen déi s du am Détail genannt hues “ënnerstëtzen”? Dat geet dach guer net. An “stillschweigend” ass och falsch, well de Fait, dass ech meng Meenung zu deene Positiounen net sou oft an ausféierlech am Web kommentéieren wéi s du dat méchs, heescht net anengems dass ech nach ni meng Meenung dozou duerchblécke gelooss hunn (BTW ech wetten ech hunn och schonn doriwwer getwittert😉 )

    Sou, no dësen Erklärungen missten d’Äntwerten op deng 3 lescht Froen jo dann och kloer sinn.

  15. February 19, 2009 at 9:21 pm

    @georges:

    Ech mengen du has déi Froen bëssen méi perséinlech geholl, wéi ech se an dengem Fall gemengt hat😉

    Ech sinn d’accord, am Géigensaz zu aneren déi séch mat dëser Thematik befaassen, dass een keng Generalverurteelung soll man! An sécher sinn verschidden (vill?) Paschtéier net ëmmer op dem Poopst senger Linn. Mee da fro se awer mol riicht eraus, wéi sie zu deenen groussen Themen wéi Contraceptioun, Ofdréiwung, Homosexualitéit, Stierfhëllef, etc stinn! Wann sie do NET op dem Vatikan senger Linn sinn (wat méch éierlech wonneren géiff), dann léisst sie dat och nët nëmmen an engem gudde Liicht do stoen, well sie domadder d’Authoritéit an d’Seriösitéit vun hierem eegenen Club, an speziell hierem Chef, ferme ennergruewen. Wann d’Paschtéier an sou groussen Dossieren géint die offiziell Dogmen verstoussen kënnen (woumadder de Poopst allerdëngs net averstan ass an wier!), firwat braucht d’Kierch die Dogmen dann iwwerhaapt nach? Dann ass dee ganze Club jo definitiv eng Scharade!

    Wat d’Sozialisatioun ugeet, sou mengen ech net, dass se komplett fehl geschloen ass. Du bass ëmmer hin e ‘gudden’ an déifgrënnegen Mënsch ginn. Mee natiirlech kee Chrëscht am klasseschen Sënn. Mee dat ass jo dat, wat ech mengen: et ass net onbedengt e Feeler héich unzesetzen (‘chrëschtlech Moralvirstellungen’), well henno relativéieren déi meescht jo souwiesou an deems se dat behalen, wat Sënn mëcht an den Brimborium iwwer Bord geheien (Schlange, déi schwätzen kënnenm Männer, déi d’Mier splécken, Zombien, déi aus den Griewer kommen, etc).

    Wann awer lo géiff niddreg ugesat ginn, à la ‘maacht dach einfach, wat der wëllt a kuckt, dass der eens gitt’, da sinn ech mer net sécher op d’Läit dann den Wee no ‘uewen’ fannen an erausfannen, dass et villäicht besser ass, gut mateneen emzegoen amplaz sech géigensäiteg auszenotzen an sou.

    An dat ass den Haaptproblem, deen ech gesinn, wann een zB d’Kierch giff radikal vun haut op muer verbidden. Et ass keng Ersazstruktur fir d’Läit do!

    ps. twitteren man ech net a wäert ech och net! net nach méi online sinn!!😉

  16. Georges
    February 20, 2009 at 5:34 pm

    Du has dach selwer dës Lescht d’Story vun engem Paschtouer gepost, deen guer net um Poopst senger Linn ass, eng Fra a Kanner huet. Interessant dobäi hunn ech fonnt, dass deen zimlech vill Scheewecher a senger Mass begréisse kann, vläicht grad well e chrëschtlech Wäerter méi realitéitsno an dogmefern interpretéiert. Et wier deemno bestëmmt kee sou grousse Risiko do d’Scheewecher ze vergraulen, wann d’kathoulesch Kierch selwer mol géif e gudden Deel vum Brimborium iwwer Bord geheien a sech der gesellschaftlecher Realitéit vun >2000 Joer no Christus géif upassen. Mä da géifen hier Muechthaber sech jo selwer iwwerflësseg maachen, dofir gi se net do drun.

    Wat d’Sozialisatioun ubelaangt, do ginn ech der Recht. Vläicht hätt Missionéierung besser ausgedréckt wat ech gemengt hunn.

    Wann dann d’Kierch vum moralesche Standpunkt effektiv e positiven Afloss op Generatiounen gehat huet, sou huet de Fait dass vill Leit sech vun hier ofwenden vläicht als Konsequenz, dass d’Sitten hautdesdaags par rapport zu fréier och méi rau ze si schéngen. Punkto Edukatioun war do dës lescht en interessanten Artikel vun engem Schoulmeeschter am Wort, wou z.D. vum Verfall vun de Wäerter Rieds geet, wat et den Enseignanten haut vill méi schwéier mécht fir sech op d’Bildungsaufgab ze konzentréieren, well se fir d’éischt mol mussen eng Situatioun schafen an där geléiert ka ginn.

    Ech weess awer net ob een einfach soe kann, fréier wéi d’Kierch nach am Duerf war, war alles besser. Well ëmmerhin ass déi Generatioun déi et haut net méi fäerdeg ze brénge schéngt, de Gros vun de Kanner sou ze erzéien, dass se elementär sozial Kompetenzen vun doheem aus scho matbréngen, jo vun enger Generatioun opgezu ginn, op déi d’Kierch nach méi Afloss hat wéi haut. Deemno muss een oppassen, wéi d’kausal Zesummenhäng spillen.

    Zu denger lescher Iddi: Dat Engt (‘niddreg ugesat’) wier eng Laisser-faire-Attitude wou haut jo awer bekannt ass, dass dat pädagogeschen Nonsense ass. Dat anert (‘radikal verbidden’) ass eng Extremléisung a sou eppes soll ee réischt betruechten, wann ee mierkt, dass et de goldene Mëttelwee net gëtt.😉

  17. February 21, 2009 at 10:56 am

    Georges:

    > Du has dach selwer dës Lescht d’Story vun engem Paschtouer gepost, deen guer net um Poopst senger Linn ass, eng Fra a Kanner huet

    Dee Paschtouer do ass awer och en ‘Outcast’ an der kathoulescher Kierch, vill aner Priesteren, Bëscheef, etc sinn jo géint hien. Hien wäer schon laang strofversat oder rausgehäit ginn, wann net sou en akuten Priestermangel giff herrschen.

    > Interessant dobäi hunn ech fonnt, dass deen zimlech vill Scheewecher a senger Mass begréisse kann, vläicht grad well e chrëschtlech Wäerter méi realitéitsno an dogmefern interpretéiert.

    Jo, hien focusséiert sech op de Mënsch a seng real Problemer an Besoins, an dat fannen ech gutt. Dat sinn awer och net exklusiv ‘chrëschtlech’ Wäerter. An och nët all chrëschtlech Moralvirstellung mëcht Sënn: de Paulus zB woer der Meenung, dass sech net-Bestueden besser wier, wéi sech ze bestueden. An dass just déi ‘Schwaach’ sech sollten bestueden, wann se hier Loscht net ennerdréckt giffe kréien. Dat ass en inhuman an dämlech Astellung, menger Meenung no, allerdëngs e bëssen nozevollzéien, wann een wees, dass den Paulus en Apokalyptiker woer, deen (opmanst um Ufank) iwwerzeecht woer, dass d’Enn vun der Welt nach zu sengen Liewzäiten giff kommen.

    > Et wier deemno bestëmmt kee sou grousse Risiko do d’Scheewecher ze vergraulen, wann d’kathoulesch Kierch selwer mol géif e gudden Deel vum Brimborium iwwer Bord geheien a sech der gesellschaftlecher Realitéit vun >2000 Joer no Christus géif upassen. Mä da géifen hier Muechthaber sech jo selwer iwwerflësseg maachen, dofir gi se net do drun.

    Richteg. En plus kéint een se jo gescheit moderniséieren, ouni all Minutt séch engem Trend wëllen unzeschléissen.

    Et soll een awer och nie vergiessen, dass d’Kathoulesch Kierch um Modell vun der Réimescher Administratioun opgebaut ass an genau wéi den Keeser deemools ëmmer dat läschten Wuert hat, sou ass et lo den Poopst!

    > Wann dann d’Kierch vum moralesche Standpunkt effektiv e positiven Afloss op Generatiounen gehat huet, sou huet de Fait dass vill Leit sech vun hier ofwenden vläicht als Konsequenz, dass d’Sitten hautdesdaags par rapport zu fréier och méi rau ze si schéngen.

    Sinn se dann wirklech souvill méi rau haut? Villäicht am Verglach mat den romantesch verfierwten 50er Joren, mee soss woer d’Liewen awer och net ëmmer en Zuckerschlecken … Ech wéilt nët am Normalo-London des 19. Jht geliewt hunn!

    > Punkto Edukatioun war do dës lescht en interessanten Artikel vun engem Schoulmeeschter am Wort, wou z.D. vum Verfall vun de Wäerter Rieds geet, wat et den Enseignanten haut vill méi schwéier mécht fir sech op d’Bildungsaufgab ze konzentréieren, well se fir d’éischt mol mussen eng Situatioun schafen an där geléiert ka ginn.

    Dat ass en effet tragesch. An dat ass jo wat ech soen, ouni Spillregelen vun uewen ginn déi meescht net wirklech alleng eens. D’Fro ass eben just op een déi och anescht, wéi duerch d’Kierch vermëttelen kann. Selwer froen ech mech natiirlech, wat sou schwéier drun ass fir sengen Kanner doheem bëssen Anstand and Edukatioun bäizebrengen? Mee villäicht ass et, well haut die 2 Elteren oft mussen schaffen goen, an dann ass keen do deen sech em d’Kanner këmmert … Woubäi natiirlech och eng Rëtschl Elteren selwer schon net immens, uh, kapabel sinn an och net immens vill Anstand hunn …

    > Ech weess awer net ob een einfach soe kann, fréier wéi d’Kierch nach am Duerf war, war alles besser. Well ëmmerhin ass déi Generatioun déi et haut net méi fäerdeg ze brénge schéngt, de Gros vun de Kanner sou ze erzéien, dass se elementär sozial Kompetenzen vun doheem aus scho matbréngen, jo vun enger Generatioun opgezu ginn, op déi d’Kierch nach méi Afloss hat wéi haut. Deemno muss een oppassen, wéi d’kausal Zesummenhäng spillen.

    Richteg. Do stëcht wéi ëmmer den Däiwel am Detail.

    > Zu denger lescher Iddi: Dat Engt (’niddreg ugesat’) wier eng Laisser-faire-Attitude wou haut jo awer bekannt ass, dass dat pädagogeschen Nonsense ass. Dat anert (’radikal verbidden’) ass eng Extremléisung a sou eppes soll ee réischt betruechten, wann ee mierkt, dass et de goldene Mëttelwee net gëtt.

    Meng Theorie ass jo, dass wann een d’Lat héich leet, duerno automatesch de +- gëllenen Mëttelwee rauskënt, well alles emmer ‘erofsackt’ … awer seelen eben erop, duerfir ass den Laisser-faire keng Optioun.

  1. February 19, 2009 at 6:43 pm

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: