Home > Gesellschaft, Politik, Video > The Crisis of Credit.

The Crisis of Credit.

February 21, 2009 Leave a comment Go to comments

An nach en Erklärungsversuch. Sou gesinn woer et jo offensichtlech, dass dee ganze Schrott huet missen irgendwann zesummenklappen … Mol gespaant, wéi d’Weltwirtschaft do nees erauskënt.

Categories: Gesellschaft, Politik, Video
  1. February 22, 2009 at 6:15 am

    ech hunn deen ganzen System nach ëmmer f’up fonnt.
    An ech fannen all déi dichteg Economisten sollen sech schéin schummen. (ech sin richteg stolz op meng Datzen an der compta)

    Den MBA Diplom soll elo offiziell erof gesat ginn als “Certificat in PowerPoint presentation”.

    Anyway, hei an Kalifornia fangt et un eng richteg Katastrof ze ginn, an keen job ass méi sécher.
    All Daach héieren ech vun engem aneren deen entlooss ginn ass.
    An jiddereen huet Angscht ëm séin job.
    Eech froen mech wéini een Land wei LETZ, waat jo awer vum Bankenwirtschaft lieft, esou richteg betraff get.
    The shit has hit the fan!

  2. Jean-Claude
    February 22, 2009 at 12:58 pm

    Ech fannen et firun allem interessant ewei weineg d’Finanzkrise en Thema ass. Et mengt een grad mier hätten neischt dermatt ze sinn. Just als Erënnerung, Lëtzebuerg ass Nr.2 ob der Welt wat Fongen ugeet an dei 8t greisst Finanzplatz.

    D’Fro ass weisou dat keen Thema ass? Eng Iddi wier well am Finanzsecteur esou vill Auslänner schaffen an d’Lëtzebuerger eischter beim Staat oder Parastaat schaffen. Oder ass dei Iwerleeung ze einfach?

  3. February 22, 2009 at 4:46 pm

    @urban:

    > Den MBA Diplom soll elo offiziell erof gesat ginn als “Certificat in PowerPoint presentation”

    Gutt gesot!

    > Eech froen mech wéini een Land wei LETZ, waat jo awer vum Bankenwirtschaft lieft, esou richteg betraff get.

    Just eng Fro vun der Zäit …

    @jean-claude:

    > D’Fro ass weisou dat keen Thema ass? Eng Iddi wier well am Finanzsecteur esou vill Auslänner schaffen an d’Lëtzebuerger eischter beim Staat oder Parastaat schaffen. Oder ass dei Iwerleeung ze einfach?

    Do ass bestëmmt eppes drun! Wann x Fransousen oder Belge hier Plaz verléieren, sou pickt eis dat béiss wéineg … en plus kënne déi jo hei och net wielen, also ass et och net sou wichteg fir d’Politiker.

    An et ass eng Tatsaach, dass extrem vill Lëtzebuerger beim Staat oder beim Parastaat schaffen, wat jo, opmanst theoretesch, bommesécher Plazen sinn. Allerdëngd wäert den Staat insgesamt wesentlech manner Stéieren eranhuelen, wat op jidereen wäert Auswierkungen hunn ab e gewësse Moment. Fir die eng just méi fréi wéi fir die aner …

    Ech sinn wirklech gespaant, wéi dat weidergeet … ech kann der Saach jo och relativ entspaant entgéint kucken, well ech jo een vun den Glécklechen sinn, déi beim Staat schaffen …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: