Home > Gesellschaft, Politik > Natural selection?

Natural selection?

February 23, 2009 Leave a comment Go to comments

Den Scott Adams huet mol rem en interessanten/polemeschen Post:

The idea of keeping immigrants out of your country is starting to seem outdated. In many cases you need them more than they need you. Obviously you can’t let people cross borders all willy-nilly, but the immigration policy in the United States seems a hodgepodge. I say this not because I have studied our immigration policy but because I wanted to use willy-nilly and hodgepodge in the same sentence.

A better immigration policy would be to make the U.S. as inviting as possible so everyone wants in. Then choose the most worthy applicants based on how much they would contribute to the economy, or how attractive they are. And obviously all applicants would have to pass a physical exam so they don’t burden the healthcare system.

I know, I know, it smacks of eugenics. The Nazis gave it a bad name. But every corporation hires employees based on some sense of economic worthiness, or in some cases hotness. Why should a country settle for less. Technically we wouldn’t be practicing eugenics if our selectivity was based on what a person can contribute today. Improving the gene pool would simply be a bonus. So get over it.

With this sort of immigration policy our competitive advantage would include anything that made living in the U.S. more enjoyable than living elsewhere. We would focus all of our energy on cleaning the environment and keeping crime low while giving people as much freedom as practical. And of course we would want a top school system and lots of entertainment options to keep our new immigrants happy. Everything we did to attract the cream of the immigrant crop would be good for the current residents. It’s a win-win.

Comments?

Mech huet dat hei festgehal: I know, I know, it smacks of eugenics. The Nazis gave it a bad name. But every corporation hires employees based on some sense of economic worthiness, or in some cases hotness.

Dat ass net falsch. An der Geschäftswelt herrscht manifestement Business Darwinismus. Profit an Efficacitéit ginn fir (op dat die bescht Solutioun à la longue ass, ass eng aner Saach). Ausser de Staat bezillt en Boni fir dass een Handicapéierter etc beschäftegt. Mee fräiwëlleg mëcht dat jo bal keen, resp. kann keen sech dat erlaben. Ausser der Caritas zB. Déi jo awer och net muss profitabel sinn.

Sinn och mol gespaant, wéi dat sëch an der Krise auswierken wäert. Nach méi Selektioun oder éischter Zesummenhalen an die Schwaach matduerchzéien …

Villäicht ergët sech op der anerer Säit awer och eng méi gerecht an efficace Gesellschaft? Optimismus muss jo erlaabt sinn …

Categories: Gesellschaft, Politik
  1. Pol
    February 23, 2009 at 11:30 pm

    leschte Samsteg war um RTL an der emissioun Backround am Gespréisch den Mars Di Bartolomeo, an deen huet kloer mei solidaritéit an dese Krisenzaiten ausgeschwaat.
    A sozial Kohäsioun ass jo och een grousst Thema vun der CSV.

    Dofir sen ech lo mol mindestens sou Optimisteg wéis du.

  2. February 23, 2009 at 11:31 pm

    Sozialdarwinissmus ass eng vun denen schlemmsten Ideen vum 20. Johrhonnert. En plus helleft daat, waat hien do virschleit, net wierklech. Oder mengs de ieren, “illegal Immigranten” géifen sech drun stéiren, daat sie eben net gescheit/schein/gesond genuch sinn fir d’US an A?

    An wou féiert esou en System hinn, wann een en konsequent duerchdenkt? Wiesou soll ech als Staat Kranker an Dommer “duerchfidderen”, wann ech se als “onamerikanesch” deklaréiren kann an se iwert den pikkegen Droht an Mexiko werfen kann? Ok, hien schleit naischt esou eppes vir, an daat wier och eng ziemlech krass Entwecklung, mee et ass just logesch déi Idee weidergeduercht.

    Et ginn zwou Pisten fir d’Immigrationsproblematik ze bekämpfen, an déi muss en gemeinsam verfolgen: Leit eranlossen no bestemmten Kritairen – waat am Fong net esou domm ass, wann ech irgendwou hinwandern, well ech do jo eng besser an net eng méi schlecht Zukunft. Mee (2. Pist) dann muss d’Aussenpolitik awer och dorobber ofzielen, an denen Länner fir Besserung vun den Bedengungen ze suergen. Dann bleiwen d’Leit nämlech ganz vum Selwen do, wou se sinn.
    En plus fannen ech den EU-waiten System vun offenen Grenzen gudd, och wann d’EU net graad en Musterbeispill fir d’Behandlung vun Net-EU-Migrannten ass. Am Geigendeel.

  3. Pol
    February 24, 2009 at 12:37 am

    Daat Immigranten Thema get emmer gaer emotional…

    Ech perseinlech se net derfir grouss Immigrantenzoustreim zouzeloossen well daat weder fir eis Situatioun nach fir deenen hier Hierkonftslänner gudd ass. A wa mer dann nach nemmen geifen speziell ausgebild oder soss mei elitär Leit raloossen da wier daat fir deenen hier Heemeschtslänner nach schlemmer.

    Ass jo iergendwei kloer daat een als Europa net soen kann “Wee komme well soll kommen”.

    Bai asyl ass daat natirlech eppes aneres, wa kloer ass daat Leit an hierer heemescht verfollegt gin, ass et natirlech total falshc dei net opzehuelen.

  4. Jean-Claude
    February 24, 2009 at 1:27 am

    Hei gett et menger Meenung eng duebel Moral.

    Banken:
    Banken, dei komplette Mescht gebaut hun, ginn ennerstëtzt an kreien Suen fier dat se um Liewen bleiwen. Dat obwuel se bewissen hun dat se net kennen dermatt emgoen, oder Konzepter hun dei net funktioneieren.
    D’Selektioun gett hei am Moment fun den Regierungen verhënnert.

    Menschen:
    Schwach (aal, krank oder behënnert) Menschen gin fier d’Betrieber zur Belaaschtung an gin eraus geheit.
    Hei greift d’Selektioun dann a gett als normal hin geholl.

  5. February 24, 2009 at 9:15 am

    – Ech sinn och géint ongeregelt Immigratioun. Besser, fir béid Säiten, ass et ze kucken, dass et an deenen aneren Länner zu Situatiounen kënt, wou keen méi wëll fortlafen!

    – Politescht Asyl ass nees eppes anescht.

    – D’Banken ginn menger Meenung no net ëm der Banken Wëllen gerett, mee em der Mënschen Wëllen, déi do hiert Geld leien, resp. hier Hypothéiken hunn! Allerdëngs fannen ech, dass d’BANKER missten méi haart bestrooft ginn. Well déi hunn sech jo wéi am Casino verhal! An den Läit hier Suen als Chips benotzt (ok, eng gëwess Gier vun de Client’en woer och do, an verschidden Läit hätten och keng Suen fir en Haus kréien sollten).

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: