Home > Literatur, Luxembourg > Newspeak?

Newspeak?

February 25, 2009 Leave a comment Go to comments

Lokales: Mann zu Betebuerg ënner en Zuch komm

Zu Betebuerg ass um Dënschdeg am fréien Owend en déidlecht Accident geschitt, an dat en Zuch verwéckelt war.

Géint véierel vir 6 huet sech e Mann op d’Gleiser gestallt, wéi just grad en Zuch koum, dee vu Betebuerg aus an d’Stad gefuer ass. Obwuel de Machinist nach gebremst huet, krut den Zuch de Mann ze paken.

D’Accident ass géint 20 fir 6 bei enger Barrière an der rue Lentz geschitt.

Firwat nennt een d’Kand net einfach beim Numm an schräiwt ‘Selbstmord’? Oder ass dat aus irgendengem bizarren Grond net politesch korrekt?

Well en Akzident gët esou definéiert: “Ein Unfall ist ein unvermutetes, von außen auf einen Menschen rasch einwirkendes Ereignis (Unfallereignis), das zu einer Verletzung, einer Gesundheitsschädigung oder zum Tod führt. Unfälle sind für den Betroffenen unvorhersehbar und unfreiwillig. Sie erfolgen meist plötzlich, ihre Ursache kann aber längerdauernd sein.”

Wat jo awer wuel kaum de Fall kann sinn, wann en Mann sech, selon selwechten Artikel, “op d’Gleiser stellt”.

Kann sinn, dass ech en Ierzenzieler sinn, mee mech nerven sou Detailer.

Categories: Literatur, Luxembourg
  1. pa
    February 26, 2009 at 8:33 am

    Anscheinend weisen Statistiken, datt d’Selbstmodraten an d’Luut gin, wann an de Noriichten vun Suiziden riëts ass. Vläit gin d’Leit domat op Iddie bruëcht, ech weess ët och nët. Duerfir sin séch d’Medien an di offizielle Pressespriëcher eens, die Wiërder sou mann wi méiglech ze gebrauchen.

  2. February 26, 2009 at 9:12 am

    Ah sou … mee déi Statistiken wéilt ech mol gären gesinn!

    Dann hoffe mer alt, dass sech lo keen vun mengen Lieser hei wëll suicidéieren well ech dat Wuert SELBSTMORD benotzt hunn!!

    Jeje. Falls dat stëmmt, dann ass de Mënsch nach méi gelungen, wéi ech geduecht hunn.

  3. Chris
    February 26, 2009 at 1:59 pm

    Dat stëmmt, wat de pa seet. Dat ganzt nennt sech Werther-Effekt, benannt nom Goethe sengem Personnage.

    Déi nämlecht Diskussioun hu mer scho mol beim Sulfura um Blog gefouert, wou ech en op déi nämlecht Problematik opmierksam gema hunn. Et gëtt nëmmen iwwer Selbstmord beriicht, wann et vun ëffentlechem Interesse ass. Dat heescht, wann e Minister muer a sengem Büro fonnt géif ginn, wéi e vum Plafong hängt, da steet dat och sou an der Zeitung.

  4. Chris
    February 26, 2009 at 2:01 pm

    Oh an:

    hei fënns de deng Statistike vläicht an de Referenzen:
    http://en.wikipedia.org/wiki/Werther_effect

    Dat mam ” de Mënsch ass e komescht déier”. Jein. Du gees jo och oft réicht an d’Waasser, no deem en anere mam Fouss gefruet huet, ob et net ze kal ass.

  5. February 26, 2009 at 3:21 pm

    Ah jo, de gudden, alen Werther!

    Nujee, ok, do wäert jo dann eppes drun sinn. En erstaunlecht Phänomen dann. An die ‘Todessehnsucht’ muss jo dann awer schon latent präsent sinn … kënt jo awer keen einfach sou op d’Iddi fir sech emzebréngen just fir mol ze kucken, wéi dat ass? Interessant Thematik.

  6. Chris
    February 26, 2009 at 3:25 pm

    Nee, mee dofir vergläichen ech et jo mam Schwamme gon:

    Du hues Loscht fir an d’Waasser, mee wees net ob et net ze kal ass. Wann s de da gesäis, dass ee virgeet, mëss de et och.

  7. February 26, 2009 at 3:30 pm

    Ech verstinn schon. Mee beim Schwammen gesäiss de opmanst wat mat deem aneren passéiert, d’Resultat souzesoen.

    Beim Sech-embréngen gesäit een just, dass een sech getraut huet, mee et gesäit een net wou deen lo ass oder wéi et deem geet. Mee dass een sech getraut huet, wäert en deem Fall schon duergoen an motivant genuch sinn.

  8. February 27, 2009 at 12:26 am

    Et ged jo och den Roman “Der Schüler Gerber” – an anscheinend gouf et och do no der Lektüre an der Schoul verschidden Fäll vum Selbstmord héi am Land. An déi Geschicht ass jo quasi zaitlos …

  9. February 27, 2009 at 1:59 am

    Naja, ech ka mer duechaus vierstellen datt verschidde Leit sou vum Fuerwëtz iwwert den Doud opgefriess goufen … datten se et dann einfach probéiert hunn.

  10. February 27, 2009 at 9:10 am

    @federico:

    Dann haten se awer wirklech soss keng Problemer oder Interessen! Den Doud kënt jo souwiesou … firwat die Hektik?😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: