Home > Gesellschaft, Wired world > Twitter. Nach eng Kéier.

Twitter. Nach eng Kéier.

(via)

Twitter huet natiirlech eng Existenzberechtegung genau wéi SMS (oder en Blog). Mee et kann een et och iwwerdréiwen. A firwat muss eis Datenflut ëmmer méi grouss ginn? Mir erdrénken dach lo schon dran. Muss alles ëmmer permanent gesot (a gelies ginn)? A ween huet eng hallef Stonn drop nach verhal, wat gesot gouff?

So much noise …

Categories: Gesellschaft, Wired world
  1. March 6, 2009 at 1:08 pm

    Ech erdrenken net an der Datenflut, ech sinn Meeschter iwert se. Ech benotzen twitter als Medium, wann ech Bock drop hunn, wann ech net well alleng sinn, wann ech schnell well eppes lassginn an fir ze kucken wéi et mengen Frenn an Bekannten geht. An wann ech am ICE setzen an den mer uweißt daat ech graad mat 250 km/h geschass hunn, twitteren ech daat och. Well et Spaß mescht.

    Mir brauchen méi Informatiounen. Wéi waar daat? Eng Woch New York Times enthällt méi Informationen wéi en Mensch aus dem 16. Jhd. duerchschnettlech gewuer géif ginn, an sengem Liewen.

    Natierlech “mussen” all déi Saachen net sinn. Natirlech hätt ech och heinsdo gären meng Rou. Wann ech un engem Plot schaffen bauen ech mir eng Buerg aus Kessen an decken leen mech op den Buedem an molen eng Stonn Zaitlinnen an Plotbunnies an lauschtren dobai d’Néijohrsdaagskonzert vun e puer doudegen Jazzlegenden.
    An eng Stonn drop twitteren ech erem an geneißen et, en Deel vun dem Ganzen ze sinn, vun dem wonnerbaren Netz, daat esou vill genial Saachen méiglech mescht, an wann ech drun denken daat ech am Fong all Daach iwer eppes trellen waat over the top awesome ass, dann kréien ech Tréinen an d’Aan.
    Ech brauch d’Hannergrondrauschen, ech brauch en Ozean, eng Galaxie vun Daten, ech brauch d’Gefill, den Bols fillen ze kënnen vun Milliounen vun Leit. An genee den Bols kann twitter sinn.
    The best of times, the worst of times. Et hängt just dovunner oof, waat en dorrauser mescht!

  2. Chris
    March 6, 2009 at 1:43 pm

    Iwwersetz dat do op Englesch a schéck et un Twitter, dass se Reklamm domadder man kënnen.

  3. March 6, 2009 at 1:53 pm

    > Ech erdrenken net an der Datenflut, ech sinn Meeschter iwert se.

    Da bass du besser wéi ech. Ech tendéieren zum Erdrénken. Mee dat ass jo da mäi Problem😉

    >Ech benotzen twitter als Medium, wann ech Bock drop hunn, wann ech net well alleng sinn, wann ech schnell well eppes lassginn an fir ze kucken wéi et mengen Frenn an Bekannten geht.

    Just firwetzeg: giffs de soen, dass de deng Kollegen duerch die elektronesch Medien physesch méi oder manner oft gesäiss?

    > Mir brauchen méi Informatiounen. Wéi waar daat? Eng Woch New York Times enthällt méi Informationen wéi en Mensch aus dem 16. Jhd. duerchschnettlech gewuer géif ginn, an sengem Liewen.

    Firwat brauche mer déi?? Eis Gehiirer packen dat jo manifestement net. An ouni Google wiere mer souwiesou komplett verluer!

    > Natirlech hätt ech och heinsdo gären meng Rou. Wann ech un engem Plot schaffen bauen ech mir eng Buerg aus Kessen an decken leen mech op den Buedem an molen eng Stonn Zaitlinnen an Plotbunnies an lauschtren dobai d’Néijohrsdaagskonzert vun e puer doudegen Jazzlegenden.

    Gutt.

    > An eng Stonn drop twitteren ech erem an geneißen et, en Deel vun dem Ganzen ze sinn, vun dem wonnerbaren Netz, daat esou vill genial Saachen méiglech mescht, an wann ech drun denken daat ech am Fong all Daach iwer eppes trellen waat over the top awesome ass, dann kréien ech Tréinen an d’Aan.

    Oh, d’Netz ass genial! Do ginn ech der Recht. An d’Méiglechkeeten och. Mee ech fannen et frustrant festzestellen, dass een nie alles maachen, wëssen oder gesinn kann … opwuel d’Saachen do sinn! Fréier hat een beschränkt Méiglechkeeten, mee déi konnt een dann ausschöpfen. Fréier hunn d’Kanner (oder d’Läit) e Buch sou oft gelies, bis se et quasi auswenneg kannt hunn. Haut gët eent konsomméiert an da kënt schon rem dat nächst drun. An dat muss dach och den Auteuren/Journalisten ze schafen maachen? Sech Zäit ze huelen fir eppes roueg ze liesen, wéivill Läit man dat nach? Dat ass dach just Zäit, déi vum Twitteren ofhällt!

    Oder d’Journalisten. Sie mussen souvill Neies d’ganzen Zäit produzéieren, dass d’Qualitéit manifestement bei villen drënner läit. Vun Recherchen ganz ze schweigen. Et ginn einfach Communiquéën reformuléiert.

    > Ech brauch d’Hannergrondrauschen, ech brauch en Ozean, eng Galaxie vun Daten, ech brauch d’Gefill, den Bols fillen ze kënnen vun Milliounen vun Leit. An genee den Bols kann twitter sinn.

    Ok. An dat ass do wou mer eben wäerten grondverschidden sinn. Mee soulaang et dir dobäi gutt geet, ass et jo ok🙂

    Fir méch wier et näischt. Ech sinn lo schon iwwerfuedert. Ech hätt gären sou eng Schnëttstell hannen am Kapp, wou ech mer all d’Donnéen kann eroplueden, ouni brauchen ze liesen. An DEEM Fall mëcht mir en Riesenangebot (oder Iwwerangebot) vun Donnéen och manner Problemer … Mee wann ech eppes KEINT wëssen (well d’Informatioun zur Verfügung steet), dann WELL ech et och wëssen! Dat ass jo mäin Dilemma😉

  4. March 6, 2009 at 1:53 pm

    Jo, zumools deen hei Deel: Ech brauch d’Hannergrondrauschen, ech brauch en Ozean, eng Galaxie vun Daten, ech brauch d’Gefill, den Bols fillen ze kënnen vun Milliounen vun Leit. An genee den Bols kann twitter sinn.
    😉

    Mee et ass gutt formuléiert.

  5. March 6, 2009 at 7:06 pm

    > Just firwetzeg: giffs de soen, dass de deng Kollegen duerch die elektronesch Medien physesch méi oder manner oft gesäiss?

    Ech gesinn meng Kolleegen genau esou oft. Mee déi elektronesch Medien erlaben mir et, och déi Kolleegen um Lafenden ze halen, déi ze wäit ewech sëtzen fir se ze gesinn. Ech hunn Kolleegen vun Vancouver iwwert Bern an Singapur bis Melbourne. An nemmen dank deenen elektronesche Medien kann ech mat hinnen a Kontakt bleiwen (ausser ech wéillt e Bréif schreiwen, deen dann Wochen brauch bis en ukënnt).

    An fir de Recht stëmmen ech dem Joël zou. Et setzt een sech där Dateflut jo ganz bewosst aus. Wann ee wëll aleng sinn, kann een sech ganz einfach vun deem Hannergrondräischen ewech maachen.

  6. March 6, 2009 at 10:00 pm

    “Ech hätt gären sou eng Schnëttstell hannen am Kapp, wou ech mer all d’Donnéen kann eroplueden, ouni brauchen ze liesen”
    Déi well ech och. Do sinn mir guer net esou verschidden. Ech verstinn deen Dileman vun “et kann een nie alles wessen, an an den Bibliothéirek verotten Bicher, déi ech nie wärt all liesen kennen”. Am Fong ass daat eppes, waat mir immens Angscht mescht. Aanersaits ass dann déi Omnipotenz vum Internet do, déi mer all déi Angscht erem hellt, well quasi alles, waat ech well wessen, verfügbar ass. (oder et an denen nächsten 10 Joer wärt sinn)

    Zum Thema Kollegen:
    Ech hunn eng ganz Retsch reng Netzfrendschaften, déi daat wahrscheinlech bleiwen wärten. Verschidden Leit hunn ech schon getraff, den Thierry zielen ech lo zu mengem engsten Frendeskrees! Ech denken, dem Thierry seng Erklärung graift do ganz gudd!

  7. March 7, 2009 at 10:57 am

    > ee déi elektronesch Medien erlaben mir et, och déi Kolleegen um Lafenden ze halen, déi ze wäit ewech sëtzen fir se ze gesinn. Ech hunn Kolleegen vun Vancouver iwwert Bern an Singapur bis Melbourne. An nemmen dank deenen elektronesche Medien kann ech mat hinnen a Kontakt bleiwen.

    Absolut. An deem Fall sinn E-mail, Facebook an Twitter en effet ganz praktesch. Dat bestreiden ech jo net an hunn ech och nie (obwuel bei Twitter prinzipiell dee selwechten ‘Problem’ bleift). Ech hat awer méi un Kollegen geduecht, déis de och physesch kéint gesinn. Momentan studéiers de am Ausland, dann ass dat natiirlech och nees anescht, wéi wanns de zu Lux wiers.

  8. March 7, 2009 at 10:59 am

    > Aanersaits ass dann déi Omnipotenz vum Internet do, déi mer all déi Angscht erem hellt, well quasi alles, waat ech well wessen, verfügbar ass

    Et ass villäicht VERFÜGBAR. Mee du wäers NIE alles wëssen kënnen. Well däi Gehiir dat net packt, wells de net séier genuch liesen kanns, etc. DAT ass et wat mech bei der Saach (e bëssen) frustréiert.

    > Ech hunn eng ganz Retsch reng Netzfrendschaften, déi daat wahrscheinlech bleiwen wärten. Verschidden Leit hunn ech schon getraff, den Thierry zielen ech lo zu mengem engsten Frendeskrees! Ech denken, dem Thierry seng Erklärung graift do ganz gudd!

    Ok, trotzdem schéngt et mer, wéi wann dat Physescht par rapport zum Virtuellen éischter verléiert. Mee bon. Alles huet jo Vir- an Nodeeler an soulaangs du zefridden bass, ass et jo ok🙂

  9. March 8, 2009 at 4:40 am

    Géing et den Internet net ginn, hätten de Joël an ech eis ni kennengeléiert. Ech hätt d’Sara, d’Lisa, d’Leti ni kennengeléiert. Domatter géifen et d’jeunes mélancoliques dann wuel och net ginn. An duerch déi hunn ech alt nees erem Leit kennengeléiert hunn (zum Beispill hunn ech Leit wéi de bloGeescht an den Thorben just doduercher iwwerhaapt eréischt am echte Liewen gesinn). Ech hät de Claude ni kennengeléiert, de benem net, an den Joël vu joel.lu och net.

    An wat d’Studéiren ugeet: och wann ech géing zu Lëtzebuerg studéiren, hätt ech de selwechte Probleemer. Ech géing trotzdem nach emmer Leit kennen, déi soss enzwousch an der Welt liewen – net (nemmen) studéiren, mee effektiv do liewen. An dank Facebook sinn mer grad zu e puer amgaangen eng Vakanz z’organiséiren (mat Leit aus Kanada, der Schwäiz, Däitschland an Norwegen). Ouni Facebook wier dat em Meilen méi komplizéiert.

    Hei op der Uni organiséiren mir eis Owender just, well mer dat alles per Facebook kënnen maachen. Mir sinn mëttlerweil beim 3. Thread, deen gläich 1000 Messagen huet (de Maximum ass 1000). Wann een draschreiwt, dass en den Owend an de Café geet, weess de Recht, wou en Owes kann higoen an Leit treffen déi e kennt. An dat fannen ech extreem flott, well et engem erspuert 100 SMSen ze verschécken, bis een e puer Leit zesummenhuet déi Zäit hunn.

    Fazit: Ech géing meng Kolleegen am echte Liewen manner oft gesinn, wann et keen Facebook, Twitter a keng Blogs géife ginn. An déi puer reng Netzfrënnschaften déi ech hunn fannen ech eigentlech och ganz schéin esou. Déi ersetzen mer näischt, mee ech wéillt se awer och net mëssen.

    Virtuell Kommunikatioun hin oder hier, ech wert ni alles wëssen kënnen. Mee do hunn ech zwou Méiglechkeeten: verzweiflen, well mäi Gehier ze kleng ass a mäi Liewen ze kuerz, oder souvill Informatiounen déi ech fir relevant halen ophuelen wéi ech kann.🙂

  10. March 8, 2009 at 10:56 am

    Thierry:

    Ech hu jo nie behaapt den Internet per se wier schlecht! Loin de là!🙂

    Just dass e puer vun dësen virtuellen Medien overkill sinn (Twitter) an verschidden Läit dat Virtuellt op eemol dem Physeschen schéngen virzezéien.

    An natiirlech sinn Siten wéi Facebook super praktesch.

    De Problem mat der gigantescher Informatioun, déi zur Verfügung steet, ass fir mech, fir ze decidéieren, wat fir mech relevant ass😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: