Home > Geschicht, Gesellschaft, Wëssenschaft > Nach en Opfer vun Ignoranten.

Nach en Opfer vun Ignoranten.

kfig6_turingOuni den Alan Turing giffe mer haut villäicht all an engem faschisteschen Grouss-Däischland liewen. Hien woer en brillianten Logiker, Mathematiker an Kryptoanalytiker, deen ënnert anerem die ominéis Enigma-Chiffréirungsmaschinn vun de Nazien während dem zweeten Weltkrich geknackt hat. Ouni seng Erkenntnisser an Erfindungen (déi natiirlech op deenen vun aneren brillianten Läit baséiert hunn) wier et onméiglech gewiescht, fir den Nazien hier Funksprëch ze decodéieren an auszenotzen. Verschidden Historiker sinn suguer der Meenung, dass die Decodéirung krichsentscheedend woer.

Ausserdem huet hien och nach en Groussdeel vun den theoreteschen Grondlagen vun der modernen Computer- an Informatiounstechnologie geschafen (besonnesch duerch säin Modell vun der sougenannter Turing-Maschinn).

Mat 42 Joër huet en sech selwer duerch d’Iessen vun engem vergëftenen Apel embruëcht. Firwat?

Well en wéinst senger Homosexualitéit verurteelt gouff (‘grobe Unzucht und sexuelle Perversion’) an de Choix hat tëschent Prisong an enger psychiatrëscher Behandlung. Hien hat die zweet Optioun gewielt an ass während der ‘Behandlung’ extrem depressiv ginn … Aus die Maus. Tragesch, tragesch.

A wee wees och, wou d’Computertechnik haut scho wier, wann hien net wéinst senger sexueller Neigung sou cougenéiert gi wier …

Duerfir en häerzlechen ‘Merci’ nach eng Kéier un all die bigott Ignoranten!!

  1. Pol
    March 7, 2009 at 10:47 pm

    Als halwen Infostudent kann ech nemmen ennerschreiwen

  2. March 8, 2009 at 4:06 am

    Quizfro: Wéi ass en gestuewen an wien huet em en Denkmal gesat? (deen eischten Deel hues de jo beschriwwen)

    ROT13: Ra uhrg ra iretrsgrgra Nncry tvrff na frpu fryjre rzoehrpug. Qbsve uhrg Nccyr qng unhg anpu nyfb Ybtb nyf Haqraxra ha qra Ghevat.

  3. March 8, 2009 at 10:38 am

    Respekt, Här Thorben. Mat wat fir engem Tool hues de dat do chiffréiert?

    Embruëcht huet en sech jo per vergëftenen Apel. Denkmal wees ech net? Sinn lo ze faul fir all Buchstaw em 13 Plazen ze verréckelen😉

  4. Pol
  5. March 8, 2009 at 10:45 am

    Merci Pol!

  6. Pol
    March 8, 2009 at 10:46 am

    Laut dem Jobs senger Biografie heescht Apple awer sou well heen jo Fruitarier ass an och zu daer Zait schon baal nemmen äppel giess huet…

    Um éischten Logo war jo och den Newton ennert dem Baam drop

  7. March 8, 2009 at 10:47 am

    Ok, hunn et dann lo dank Pol dechiffréiert.

    Wow, dat wousst ech net! Ass zwar cool🙂

  8. March 8, 2009 at 10:48 am

    Hmm … also awer rem just eng Urban Legend? Jeje🙂

  9. March 8, 2009 at 4:28 pm

    rot13.com
    einfach ze verhaalend URL an keen Krimskrams.

    Et ged der Legenden em Apple nach méi. Anscheinend wier hinnen och keen Numm angefall an den Jobs hätt en Appel giess an gesoot wann eis an 10 Minuten naischt anfällt nennen mer se Apple. Egal, déi Geschicht mam Turing fannen ech méi schein!

  10. Pol
  11. March 8, 2009 at 5:27 pm

    Grml den Joël war méi séier, ech wollt och rot13.com posten. (;

  12. March 8, 2009 at 5:46 pm

    hunn en lo op 5 ropgesat😉

  13. Pol
    March 8, 2009 at 6:02 pm

    an nemmen well ech “decrypt rot13” an net einfach “rot13” gegoogled hun😉

  14. Pol
    March 10, 2009 at 11:30 am

    a propos apple: grad op engadget😉 http://www.youtube.com/watch?v=aoiGJMZjs0o

  15. March 10, 2009 at 12:00 pm

    hehe, mee hien schéngt jo Spaass ze hunn an ass guer net mol sou schlecht! an säin Enthusiamus a seng Freed kompenséieren de Recht bäi wäitem🙂

  16. Pol
    March 10, 2009 at 3:04 pm

    “Hey Woz, you’re still a nerd hero to all of us.” schreiwt engadget dozou😀

  17. March 10, 2009 at 3:06 pm

    De Woz ass cool!

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: