Home > Gesellschaft > Dat Béisst.

Dat Béisst.

Nee, domatter mengen ech net, di kleng Gees, déi der an der Spillschoul ëmmer däin Bréitchen geklaut huet an dech och soss ëmmer gestresst huet.

Ech mengen dat, wat een traditionell ënnert dat Béisst (das BöseEvil) versteet. Menger Meenung no gëttet dat net (oder et ass falsch definéiert). Menger Meenung no sinn eenzel Läit ‘béiss’ well se ignorant,verängschtegt, verletzt, frustréiert, verzweiweltverblend an/oder geeschteskrank sinn. Wat kéint och sossde Grond sinn??

Frou, zefridden, ausgeglachen a gesond Mënschen maachen keng béiss Saachen.

Verschidden vun deenen Grënn, déi ech uewen genannt hunn, treffen och sécher op eisen Tim K. zou: verletzt, frustréiert, verzweiwelt, verblennt. Et ass jo och keen Zoufall, dass en esouvill Fraen a Meedercher erschoss huet!

Heescht dat, dass all Frustréierten Amok leeft? Nee, natierlech net, Zeus sei Dank! Just déi, bei deenen eng ganz Rëtsch sou onglécklech Facteuren zesummen kommen. An déi och nach en plus iergendanzwousch Zougrëff op eng Waff hunn an domatter ëmzegoen wëssen 

Duerfir wier et wichteg fir sou gutt et geet ze verhënneren, dass sou extrem Fäll an eiser Gesellschaft entstoen kënnen. A wann een, zB, dë Kanner/Läit erklärt, dass ‘Mobbing’ etc kann, an extremen Fäll a mat enger Rëtsch aneren Facteuren zesummen, zou solchen Kurzschlussreaktiounen féieren, dann iwwerleeteen sech villäicht déi eng oder aner Kéier op een wierklech mat deem ‘Loser’ oder der ‘Loserin’ de Géckmécht. Natierlech ass ‘Mobbing’ net d’Haaptursaach, mä et ass eng vun Villen. Mee villäicht ass dat dann awer déi Drëps déi fehlt, fir esou en Faass mat all sengen negativen Konsequenzen zum Iwwerlafen ze bréngen  An dovunner ofgesinn, giff et der Gesellschaft an dem Mateneen sécher net schueden, wann d’Läit generell e bëssen méi fein mateneen giffen ëmgoen!

Är Commentairen?

Categories: Gesellschaft
  1. Cartman
    March 12, 2009 at 10:19 am

    Do ass ganz bestëmmt eppes woueres drun strawdog. D’Gesellschaft soll net nëmmen mam Fanger op den Timi weisen, well se selwer net ganz onschëlleg um Massaker ass. Déi eng méi, déi aaner manner. Ween kennt dat net, deen Matschüler/in, deen gehänselt gouf well en bëssen aneschters war wéi de Rescht. Wann dann nach verschidde Fakteuren dobai kommen, notamment en Zougrëff op Waffen, dann kann soueppes wéi gëschter geschéihen.

    Mee bon haaptsach déi schlau Politiker klappen nees op Computerspiller an Horrorfilmer anstatt och mol eng Kéier d’Responsabilitéit vun eiser egoistischer Gesellschaft ze hannerfroen. Domat gewënnt een jo schliesslech keng Wielerstëmmen.

  2. March 12, 2009 at 10:31 am

    Jo. Obwuel Ballerspiller an zumools Horrorfilmer och Deel vum Problem sinn (alleng geholl natierlech net noutgedrongen!).

  3. March 12, 2009 at 10:55 pm

    Hm, schued. Ech hunn geduecht, dat hei wier en Thema, wat méi Läit giff interesséieren an zudeem jidereen eng Meenung hätt an se och soen wéilt. Mee bon, sou kann een sech ieren😉

  4. March 13, 2009 at 4:06 pm

    Wirklech erstaunlech, dass mäin Thread iwwert den Familjennumm souvill Emotiounen schürt während dësen, deen sech méi mat den eigentlechen an trageschen Aspekter vun der Geschicht usech beschäftegt verkümmert.

    Oder hunn ech nees just dat Offensichtlecht gesot?😉

    An de Medien fokusséieren se sech awer nees op ganz aner Aspekter.

  5. Brigitte
    March 13, 2009 at 6:57 pm

    @Grommel,

    du hues alles gesoot. Well’s du awer och gesoot hues mir sollen léif matëneen sin, soen ech dir elo dass du alles ganz gudd gesoot hues.

  6. March 13, 2009 at 8:50 pm

    Merci😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: