Home > Gesellschaft > Tim K.?

Tim K.?

Dir wësst dach ëmmer sou Tricken: firwat kierzen se an Däitschland d’Nimm vun Täteren (wou jo keen Doute méi ass) och ëmmeren of? Kënt dach souwiesou ëmmer raus wéi se heeschen. Den Fritzl ass jo och henno Fritzl genannt ginn.

Firwat also Tim K. amplaz Tim Kretschmer?

Categories: Gesellschaft
  1. March 12, 2009 at 12:43 am

    T’ass deen Balanceakt tëscht Presserecht an allgemengem Perséinlechkeetsrecht. De Numm gouf jo vun der lokaler Press veröffentlecht, grouss Zeitungen ginn bei esou Saachen meeschtens méi virsichteg fir. Esoulaang den Tim K. net schëlleg gesprach gouf, ass en dat juristiesch net, säi vollen Numm ze veröffentlechen ass also e bëssen heikel.

  2. pa
    March 12, 2009 at 8:06 am

    Éischtens den Onscholdverdacht (obschons ët natirlech Fäll gin, wou ët zimlech kloer ass, mee trotzdem soll jhiddereen firum Gesetz gläich sin) an zweetens muss d’Famill ënnert hirem schwaarze Schof jo net och nach leiden. Wat méngs de, wat déi lo fir Uriff a Bréifer kënnen, obschons se wahrscheinlech näischt duerfir kënnen.

  3. March 12, 2009 at 9:06 am

    Jo, mee an sou Fäll, wéi deenen hei fannen ech perséinlech et e bëssen lächerlech … et ass jo offensichtlech, dass hien den Täter woer.

  4. March 12, 2009 at 9:08 am

    Ob se *guer näischt* dofir kënnen sief mol dohinner gestallt fir de Moment. Emmerhin luuch eng Waff einfach sou doheem ronderem (an 12 anerer anscheinend ofgeséchert) …

  5. Cartman
    March 12, 2009 at 10:08 am

    Ech sinn jo der Meenung datt ët dorunner leit datt den Täter nach mannerjähreg ass/war an ët laut Pressegesetz nët erlabt ass de ganze Numm vun engem Mannerjähregen ze publizéieren. Dat stéiert d’Bildzeitung natirlech nët, sie nennt d’Kand beim (ganze) Numm.

    An dësem Fall kann een awer wahrscheinlech argumentéieren, datt d’Dott sou enorm ass, datt een dëst Recht ignoréieren därf.

  6. March 12, 2009 at 10:12 am

    CNN huet de Numm och ganz genannt.

  7. March 12, 2009 at 11:08 am

    Et ass einfach gudd Behuelen. Punkt.
    Dass der obgefall dat de Spiegel den Numm vum Fritz nach emmer oofkierzt? Josef F.?

  8. March 12, 2009 at 11:11 am

    Nee. Ass mer net opgefall.

    Musse mer dann och Adolf H. soen?

  9. Chris
    March 12, 2009 at 11:50 am

    Dat do ass lo wierklech déi dëmmsten Äntwert, déi s de bis ewell komme geloss hues. A lo komm net rem mat dengem Polemik-Fändelchen, wat s de sou gäer wénks, wann s de eppes Blödes geschriwwen hues.

    Ech mengen de pa, den Thierry an de cartman hunn d’Saach ganz gutt erklärt: Perséinlechkeetsrecht vum Verdächtegen, Pietéit virun den Affer.

  10. March 12, 2009 at 11:57 am

    Ech woer mer bewosst, dass die do Reaktioun komme géiff🙂

    Mee:

    1. An dësem Fall schwätze mer net vun engem Verdächtegen, mee engem Täter. Dat ass jo wuel eindeuteg. Firwat also net de Numm nennen? Bei Verdächtegen ass d’Saach natierlech ganz anescht. Do sinn ech absolut fir d’Ofkierzen.

    2. Wat hunn d’Affer mam Numm vum Täter ze dinn??

  11. Chris
    March 12, 2009 at 2:34 pm

    1. Wem bréngt et eppes ze wëssen wéi dem Jong säin Nonumm ass? Kengem. Et ass jo net sou wéi wa mer iergendee prakteschen Notzen aus der Notzung vu sou Informatiounen zéie géifen.

    2. Affer ginn doduercher, dass dem Auteur säin Numm bekannt gëtt, ëfffentlech ënnert e gewëssen Drock gesat. An niewebäi sinn genee sou wéi déi déi en direkte Schued vu senger Dot weiderdroen, och d’Leit a sengem sozialen Emfeld ze schützen. Dat ass dach ganz einfach ze verstoen, oder net?

  12. March 12, 2009 at 3:01 pm

    1. Emmerhin wees een dann, wann een Läit vun do kennt, dass en den Tim Kretschmer an net den Tim Kabowski woer.

    2. Wéi ginn d’Affer doduerch ënner Drock gesat? Dat verstinn ech lo net?

    3. Die Läit, déi do wunnen, wëssen dach souwiesou dass et den Tim Kretschmer ass. A wann irgendeng Gefohr fir säin Emfëld ausgeet, dann jo wuel vun lokalen Läit, déi betraff sinn! Oder vun Familjenmemberen vun lokalen Läit. An déi wëssen jo wiederum de Numm souwiesou. Dofir gesinn ech nach ëmmer keen Grond firwat an sou engem offensichtlechen Fall een de Numm net nennen soll. Ass jo net wéi wann en just en Tut Chips geklaut hätt an lo un de Pranger giff gestallt ginn …

  13. March 12, 2009 at 4:55 pm

    De Numm ged et eben net veröffentlecht. Op een elo eng Tut Chips geklaut huet oder 17 Leit embruecht huet, et huet een awer nach emmer déi selwescht Perseinlechkeetsrechter. An daat ass och gudd esou.

  14. March 12, 2009 at 4:56 pm

    En 17-fachen Märder huet Perséinlechkeetsrechter? Firwat? En plus ass en doud.

  15. Pol
    March 12, 2009 at 10:58 pm

    dMamm vun engem 17fachen Märder huet de jo awer op allefall

  16. March 12, 2009 at 11:10 pm

    An … ?

    Am Duerf wëssen se dach souwiesou all, ween et woer??

  17. Pol
    March 12, 2009 at 11:22 pm

    kuerz recherche brengt daat hei:
    an daitschland:

    grundgesetz art 1&2
    Informationelle Selbstbestimmung (Allgemeines Persönlichkeitsrecht, Freie Entfaltung der Persönlichkeit, Freiheit der Person,)

    an reischt am artikel 5 steet:

    Meinungsfreiheit, Informationsfreiheit, Pressefreiheit, sowie die Freiheit der Kunst und der Wissenschaft

  18. March 12, 2009 at 11:29 pm

    An … ?

    D’Läit am Duerf wëssen dach souwiesou ween et ass. Wou ass dann de Problem falls an engem Fall wéi deen heiten och de ganzen Numm an der Press genannt gët?

    Et ass méi eng prinzipiell Fro, wéi dass ech mengen, dass et en effet en immensen Ennerscheed giff man. Ech fannen et just irgendwéi iwwerdriwwen politesch korrekt. Firwat däerf een d’Kand (de Märder an dësem Fall) net mam Numm nennen? Dat schéngt mir iwwerdriwwenen Respekt vis-à-vis vun him.

  19. Pol
    March 12, 2009 at 11:38 pm

    wéi gesoot daat sen deem Jong seng Rechter an deem Land.

    „Die Würde des Menschen ist unantastbar. Sie zu achten und zu schützen ist Verpflichtung aller staatlichen Gewalt.“ ass den ieweschten Grondsaatz vum Daitschen Staat.
    wéisou soll et verwerflech oder net gudd senn sech un dei Regel ze halen dei een sech selwer gema huet? Nemmen well een aneren se gebrach huet?

  20. March 12, 2009 at 11:48 pm

    Wéi gët seng Würde verletzt, wa säin Numm genannt gët? Am Duerf selwer wees jo och jidereen säin Numm a seet en?

  21. March 13, 2009 at 10:30 am

    Firwat huet en doudegen, 17-jähregen, 17-fachen Mäerder Perséinlechkeetsrechter?
    Ganz einfach: Et ass e Mensch (gewiecht) an mir liewen an enger Welt wou eigentlech all Mensch soll déi selwecht Rechter hun. An dofir huet en 17-fachen Mäerder net manner Rechter wéi en aaneren och. An dat ass – sou krass et klengt – och gudd sou.
    An op en doud ass oder net, spillt keng Roll: Och wanns du stiews bleift jo zB d’Schweigepflicht fir d’Police, Dokteren an dei ganz Leit bestoen.
    “Have you no sense of decency?”

  22. March 13, 2009 at 10:36 am

    Natierlech, do ginn ech der jo Recht.

    Mee wat huet de FAMILJENNUMM domadder ze dinn? Et ass jo net wéi wann dat e Geheimnis wier?

    ps. see my following blog post

  23. March 13, 2009 at 3:01 pm

    Just well jhiddereen et wees, heescht dat nach laang net dats de muss matmaan. Wéi soot deng Mamm dir schon: Just well all d’Kanner vun der Breck sprangen sprengs du net noo.
    Ma hues du da keng Manéiren.
    Ma dat ass onerhéiert.
    De Familliennumm dengt fir mech och dem Schutz vun der Famill. Dat dat beim ganzen Duerf bekannt ass, ass jo schlemm genuch, mee dei ganz Welt brauch et net ze wessen.
    Beispill: E Fluglotse koordinéiert zwee Fliigeren falsch, se knuppen aneneen a faale roof. Lo woren an engem Fliiger Russesch Kanner. Bei der Flugobsiicht wees jhiddereen bescheed, wien et verbockt huet. Och deem säi ganzt Duerf wees bescheed dass hien mat sengem Feeler 30 Kanner um Gewëssen huet. Tragesch, mee Feeler geschéien.
    Ma lo stell dir viir. d’Zeitungen géingen dat Public man wéi deen heescht a wou säin Haus wunnt (haha). Da kéint et dach sin dat iergend ee Russeschen Papp dohinner reest fir deen aus Rache oofzeschluechten. Onwahrscheinlech ass et, mee et kéint jo mol sin.
    Natierlech ass et hei aanecht: Deen dee Responsabel ass, ass dout. Gudd fir hien. Mee just well d’Duerf et wees, brauch d’Welt et net ze wessen.

  24. March 13, 2009 at 3:08 pm

    Bei denger Argumentatioun sinn e puer Problemer:

    1. “Wéi soot deng Mamm dir schon: Just well all d’Kanner vun der Breck sprangen sprengs du net noo.”

    – Ech gesinn net de Bezuch net ganz zur Situatioun hei.

    2. “Dat dat beim ganzen Duerf bekannt ass, ass jo schlemm genuch, mee dei ganz Welt brauch et net ze wessen.”

    – Wat wirklech schlëmm ass, dass den Kretschmer all déi Läit erschoss huet.

    – Doduerch, dass en dat gemaach huet, ass en zur Personne Publique ginn. Also kann een och säi Numm nennen. Genau wéi d’Journalisten dat jo och be x aneren Läit, Märder oder net, man (wann kee wirklechen Grond besteet fir et geheim ze halen wéi zB wann et just en Verdacht ass).

    3. Dee Fluglotse huet e Fehler gemaach. Aus Middegkeet, aus Onkonzentréiertheet, aus Bequemlechkeet. Do besteet jo awerr wuel eng grouss Differenz zu engem deen gezielt Mënschen ofknallt. Also kann een déi zwou Situatiounen wuel kaum mateneen vergläichen.

  25. March 13, 2009 at 3:53 pm

    1. nonexistent.
    2. ack / nack – dofir dierf d’Famill awer net bestroft gin. Déi vläit lo nuets aus der ganzer Welt uriff kritt, bedroht gett a Spaghettimonster wat wees ech. Déi kennen nämlech näischt dofir. Wann ech e Politker bestuden kann ech schon eppes dofir.
    3. Dass d’Doot net ze vergläichen ass, ass jo schéin a gudd. Et geet drems dass hei aaner Leit mat drunhänken, wéi d’Famill. An déi brachen net an der ganzer Welt gebrandmarkt ze gin. Déi si genuch am Schäiss a lo facht och nach d’Sun drob.

  26. March 13, 2009 at 4:02 pm

    @thorben:

    > 2. ack / nack – dofir dierf d’Famill awer net bestroft gin. Déi vläit lo nuets aus der ganzer Welt uriff kritt, bedroht gett a Spaghettimonster wat wees ech. Déi kennen nämlech näischt dofir. Wann ech e Politker bestuden kann ech schon eppes dofir.

    An dat ass bei den Familjenmemberen vun deenen aneren Läit (Krimineller oder suguer nëmmen Verdächtegen cf ‘Duebelen Standard’ Post) net de Fall?

    Die gréisst ‘Gefor’ bei sou enger Geschicht kënt jo vun lokalen Läit, déi betraff sinn! Déi wëssen de Numm jo awer souwiesou. Firwat also die falsch Zereckhaltung?

    An op d’Famill guer keng Schold huet, sief mol dohinner gestallt. Emmerhin luuch zB eng Waff ongeséchert ronderem …

    >3. Dass d’Doot net ze vergläichen ass, ass jo schéin a gudd. Et geet drems dass hei aaner Leit mat drunhänken, wéi d’Famill. An déi brachen net an der ganzer Welt gebrandmarkt ze gin. Déi si genuch am Schäiss a lo facht och nach d’Sun drob.

    A wou ass och hei d’Differenz zu aneren Fäll? Do hänken och Familjen drun an trotzdem ginn d’Nimm genannt.

    Bedréiwen also all déi international Zeitungen, déi den ganzen Numm bréngen denger Meenung no ‘Hetze’ op d’Famill vum Affer?

  27. March 16, 2009 at 10:46 am

    Hm, d’Bild nennt en lo offiziell Tim Kretschmer …

    D’ARD benotzt och zB Josef Fritzl, de Spiegel weiderhin just Josef F.

    Jeje, wat e Kuddelmuddel.

  28. March 17, 2009 at 7:26 pm

    Aus dem neisten SpOn-Artikel:

    Bei seinem Amoklauf am Mittwoch der vergangenen Woche an der Albertville-Realschule in Winnenden und seiner anschließenden Flucht nach Wendlingen hatte Tim Kretschmer 15 Menschen erschossen, darunter neun Schüler und drei Lehrerinnen an seiner ehemaligen Schule. Zuletzt tötete er sich selbst mit einem Kopfschuss in die Stirn.

    an e puer Zeilen weider verfalen se rem an ‘Tim K.’:

    Nach dem vorläufigen Obduktionsergebnis hat sich Tim K. am Ende seiner Flucht mit einem Kopfschuss selbst gerichtet. Seine Leiche wurde bereits am vergangenen Freitag freigegeben. Wann Tim K. beigesetzt wird, ist nicht bekannt.

    Vun Kohärenz keng Spuer.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: