Home > Gesellschaft > Duebelen Standard?

Duebelen Standard?

Jo, ech wees, et gët méi Wichteges, trotzdem fannen ech et interessant:

Die däitsch Medien bezeechnen den Amokleefer vun Winnenden, den Tim Kretschmer, ëmmer als Tim K.

Mee sie hunn awer keng Problemer fir en Mann, deen als Mafia-Märder verdächtegt gët, als Giovanni Strangio ze benennen (z.B. SpiegelWelt). Firwat net Giovanni S. an deem Fall? Huet deen keen Recht op ‘Menschewürde’, huet deen keng Famill, déi dorënner leid, dass säin Numm genannt gët (déi jo als Argumenter fir d’Verhalen am Fall TK benotzt ginn)?

rtl.lu ass iwweregens nees super kohärent! Am Titel steet ‘Tim K.’ an am Artikel steet ‘Tim Kretschmer …

Suwuel d’BBC, den Monde an den CNN schräiwen jeweils Tim Kretschmer.

Die däitsch Medien anersäits hunn awer och keng Problemer fir Bernard Madoff amplaz Bernard M. ze schreiwen, oder fir den ‘Kannibal vun Rothenburg’ als Arwin Meiwes ze identifizéieren.

Wou sinn also die Ennerscheeder, déi ech net gesinn? Firwat gët bei verschiddenen Läit, an ähnlechen Fäll, de ganzen Numm gesot an bei aneren nët?

Categories: Gesellschaft
  1. March 13, 2009 at 9:31 am

    Ech mengen am Fall vun Mannerjähregen ass dat an Däitschland standart nee?

  2. March 13, 2009 at 9:43 am

    Ka sinn. Den Ennerscheed hei wier also, dass den Täter (well vun Verdacht ka jo kee schwätzen) mannerjähreg ass?

    An dat mécht et ok fir den assuméierten italieneschen Märder, deen volljähreg ass, beim ganzen Numm ze nennen? Schéngt mer awer wéi wann se bei däitschen Verdächtegen och den Familjennumm oft ofkierzen?

  3. pa
    March 13, 2009 at 12:32 pm

    Vläit och just bei Nimm, di schwéier ze buchstawéire sin.

  4. March 13, 2009 at 12:34 pm

    Méngs de dat lo serieux?

    Ech verstinn jo, wann een Nimm ofkierzen wëll, dat ass jo beim JFK an sou jo och gemaach ginn. Mee ech mengen net, dass dat an dësem Fall zoutrëfft.

  5. Chris
    March 13, 2009 at 2:36 pm

    Lies dach einfach de Pressekodex, da verstees de et vläicht méi.

    Se dierfen reng theoretesch den Numm ausschreiwen, well en seng Dot an der Ëffentlechkeet begaang huet. Se man et awer net, wahrscheinlech well se ugehal sinn, d’Perséinlechkeetsrechter vu Jugendlechen besonneg ze schützen. Dofir Madoff, Strangio, mee net Kretschmer.

  6. March 13, 2009 at 2:46 pm

    Deen däitschen Pressekodex?

    Well och am Essentiel woer haut de Numm ausgeschriwwen.

    Ech mengen mäin Haaptverständnisproblem läit bei ‘Perséinlechkeetsrechter’ vun engem doudegen Märder … zumools wann dat op säin Numm bezunn ass!?

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: