Home > Gesellschaft, Perséinleches > Born to kill.

Born to kill.

Ech hat jo schon eng Kéier meng Meenung zum Thema geäussert an dass ech mat der Juegd als Bëschreguléirung (falls wirklech néideg) an, wat bei eis awer natiirlech net méi néideg ass, zur Nahrungsbeschaffung averstan sinn.

Gëschter hat ech lo mol rem eng interessant Diskussioun an deem Kader an en (amerikaneschen) Jéeër huet mer versicht ze erklären, dass fir hien d’Juegd (hien schéisst fir z’iessen) och eng Méiglechkeet wier, seng mënschlech Natur auszeliewen. Dunn sot ech liicht irritéiert an skandaliséiert: ‘Die mënschlech Natur ass fir Déieren doud ze man?’ Dorops huet hien geäntwert: ‘Jo, genau wéi all die aner Fleeschfriesser muss de Mënsch och, wann en halt nët nëmmen Kären wëll iessen, en anert Liewewiesen embrëngen! Eppes, wat een liicht vergësst, wann een säin loftdicht verpaaktenen Beefsteak am Supermarché keeft.’ Do hat en natiirlech Recht. En plus kann/konnt een jo och d’Fell nach als Kleedung benotzen, d’Schanken als Utensilien, etc.

An deem Sënn woer d’Juegd fréier en Effet just en Deel vum natierlechen Kreeslaf vum Liewen.

Hautzudags, an zumools an eisen Géigenden, ass d’Juegd awer natierlech haaptsächlech zu engem lamentablen an lächerlechen Hobby vun e puer (meeschtens räichen) Möchtegern-Helden verkomm, déi net d’Déieren schéissen, well se dat mussen fir ze iwwerliewen, mee just well se et können an se mengen, domadder sech an aneren irgendeppes beweisen ze kënnen. An dat ass traureg an minabel.

Trotzdem ass et derwäert fir sech heiandsdo bewosst ze ginn, wou dat Fleesch hier kënt, wat mer um Teller hunn. An dass Fleeschiessen en effet eppes ganz ‘primitives’ oder ‘primordiales’ un sech huet. Et ësst een en Deel vun engem aneren Liewewiesen a verwandelt et an en Deel vun sech selwer.

  1. March 15, 2009 at 11:46 am

    Et ësst een en Deel vun engem aneren Liewewiesen a verwandelt et an en Deel vun sech selwer.

    Daat maachen och Leit, déi just pflanzlescht Iessen zou sech huelen.😉

    Du hues do vlaischt méi Ahnung wéi ech, mee sinn mir dann effektiv en “Raubtier”? Ech géif jo mol unhand vun eisem Gebess soen, daat mer eischter Déiren waaren, déi heiansdo mol e bessi Aas kruuten, awer net wierklech fir d’Juegd gemaach waaren? (den Mensch staamt vum Aaf of, net vum Wollef!) Bleiwt d’Fro, wéivill mer wierklech vun der Steenzait wessen an wéivill mer als Bagagde mat rondrem eis schleefen. Ech tendéiren jo zu: “wéineg, an daat ass och nach egal, mir hunn eis op irgendengem Plang wéiderentweckelt”

    An jo, et soll een sech Gedanken iwer daat maan, waat um Teller lait. An nee, d’Faalenjuegd ass zu Lëtzebuerg net erlaabt.

  2. March 15, 2009 at 12:29 pm

    > Daat maachen och Leit, déi just pflanzlescht Iessen zou sech huelen.

    Kloer. Just, dass Planzen net an deem selwechten Mooss lieweg sinn oder fillen kënnen wéi Déieren. Oder huet du schon eng Porett virun Pëng jaulen héieren?😉

    > Du hues do vlaischt méi Ahnung wéi ech, mee sinn mir dann effektiv en “Raubtier”?

    Mir sinn jo sougenannten Allesfriesser. An eis Waffen, déi mer benotzen fir en Déier doud ze man, sinn och artifiziell an net mat agebaut. Sie sinn e Prdukt vun eiser Kreativitéit, eiser Intelligenz. An deem Sënn ennerscheeden mer eis sécher vun den rengen Fleeschfriesser, dat stëmmt. Gudde Punkt. Och si mer net komplett op Fleesch ugewiesen, sous condition dass mer die néideg Nahrstoffer zwousch anescht kréien.

    Trotzdem wäert et zumools fréier méi schwiereg gewiescht sinn fir komplett ouni Fleesch gesond iwwert d’Ronnen ze kommen … dovunner ofgesinn konnt een jo wéi gesot och nach vun deenen aneren Deeler vum Déier profitéieren: zumools d’Fell. Wou een natierlech och driwwer streiden kéint op dat wirklech néideg woer. Ech tendéieren awer zu engem Jo, zumools an méi kalen Géigenden!

    Et ass wéi sou villes am Liewen keng schwarz-wäiss Saach … Mee trotzdem, oder grad dowéinst, net oninteressant fir sech Froen driwwer ze stellen.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: