Home > Luxembourg, Politik > E Lëtzebuerger bei der NPD Tréier …

E Lëtzebuerger bei der NPD Tréier …

De Kamerad Pierre Peters, Grënner vun der ‘Nationaler Bewegung Lëtzebuerg’, hat desläscht e klengen Ausfluch op Tréier gemaach. Awer net nëmmen fir anzekafen (ass dat usech net anti-lëtzebuergesch fir am Ausland anzekafen?):

Am 6.März 2009 fand in Trier wie jeden Monat eine NPD-Versammlung statt. Nach einigen organisatorischen Hinweisen, konnte der Ehrengast des Abends mit seinem Vortrag beginnen. Wohl zum ersten Mal sprach ein Luxemburger auf einer NPD-Veranstaltung. Zu Gast beim NPD Kreisverband Trier war kein Geringerer als Pierre Peters, studierter Volkswirt und Parteigründer der „Nationalen Bewegung Luxemburg“.

Erzielt huet en dann e Koup Schäiss. Dat kann een am Link noliesen. An ass een no sou eppes net houfreg, Lëtzebuerger ze sinn?

Ech fir mäin Deel ginn dann awer léiwer haut den Owend d’deutsche Kochschau kucken, Kameraden!

ps. den Kreisvorsitzenden vun der Tréier NPD huet en extrem germaneschen Numm.

Categories: Luxembourg, Politik
  1. March 18, 2009 at 6:55 pm

    Erschreckend. An ech stemmen wahrscheinlech fir déi eischten Kéier engem Banquier zou. (Wann och aus aaneren Grenn!)

  2. March 18, 2009 at 6:57 pm

    Banquier? Hunn ech nees eppes verpasst …

  3. March 18, 2009 at 7:57 pm

    Am 18. Juli 1970 schrieb Edmund Rothschild, französischer Banquier, „Die Struktur die gesprengt werden muss, ist die Nation!“

    Kann een awer och just op d’Nationalisten bezéihen.

  4. Pancho
    March 18, 2009 at 8:48 pm

    Moral vun der Geschicht…

    “Trau kengem studéierten Volkswirt (deen wahrscheinlech ze laang an Däitschland verbruecht/studéiert huet?) “…d’Konsequenzen kenne mer jo all…zemools die däitsch LB…

    »Gebt mir die Kontrolle über die Währung einer Nation, dann ist es für mich gleichgültig, wer die Gesetze macht.« Mayer Amschel Rothschild

    Hasta, Pancho

  5. Pol
    March 18, 2009 at 9:34 pm

    Waat spackt deen vun 150 Joer onofhengegkeet am joer 1939????

    also entweder 100 joer oder 1989….

    kennt deen dLetzebuerger geschicht net?

  6. LECOQ
    March 18, 2009 at 11:34 pm

    Niëwebäi bemierkt, DEEN war een vun eisem sinisteren Jeannot Pesché (& Co) sengen gréissten Supporteren, mat vill nationalistischem Gesabbels am Gästebuch vun proreferendum. lu, deem Site deen mëttlerweil geläscht as.

  7. March 19, 2009 at 12:13 am

    Aha, déi hun déi klassesch Motiver nach drop: Rothschild = Jud = Banquier = vaterlandslosen Gesell.
    D’ “golden International”, aka d’ “jiddescht Finanzkapital”, waar fir d’Nazien schon emmer déi dreiwend Kraaft hannert der Entnationaliséierung (et kënnt een och Globaliséierung soen) an domadder vun der “Entwuerzelung” an “Individualiséierung”, kuerz der “Zersetzung” vun den Natiounen/Völker.

  8. Pancho
    March 19, 2009 at 3:19 am

    Spaass elo beisäit…geliest um site vun der “NPD”…

    Verantwortlich
    Safet Babic
    Kreisvorsitzender

    …numm, dee kléngt…hmmm…éwéi kéint een daat définéieren…”typësch däitsch”?…oder…?

    ROTFL…

    Hasta, Pancho

  9. March 19, 2009 at 9:09 am

    Jo, dat hunn ech jo och an mengem PS erwähnt😉

  10. March 19, 2009 at 2:15 pm

    Wann nach ee seet, d’Letzebuerger Sprooch wier vum Ausstiewen bedroht, da friessen ech mäi Schal!

  11. Pol
    March 19, 2009 at 2:23 pm

    Also wann ech daat liesen, a gesin wéivill Ligen an onwourechten ee vu sech gi muss vir Nationalismus a Xenophobie ze verbreeden…
    schengbar gin et dofir guer keng real argumenter, waat mech schon e bessen berouegt🙂

  12. March 19, 2009 at 2:34 pm

    D’Lëtzebuerger Sprooch ass vum Ausstierwen bedréit.

    Sou, ech erwaarden lo en Youtube-Video, wous de däin Schal frëss🙂

  13. Pancho
    March 20, 2009 at 3:39 pm

    Yep, sorry…daat kënnt dovunner wann een de leschte Saatz vum “Biilljee” nët liest…

  14. misch
    March 20, 2009 at 6:19 pm

    majo dann….

  15. typësch däitsch
    May 16, 2009 at 4:33 pm

    Safet Babic ist auch auf youtube zu sehen:

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: