Home > Gesellschaft, Luxembourg, Politik > Rewriting history. Vun Betzder aus.

Rewriting history. Vun Betzder aus.

Een vun den skurrilsten Momenter während der Debatt iwwert d’Stierfhëllef woer jo wéi eis Madame Marie-Josée ‘Ech sinn méi helleg wéi den Poopst’ Frank sou en passant erzielt huet, dass sie fréier am Spidol eng Kéier eng stierweskrank Patientin méi oder manner bewosst ofgemuerkst hat:

Sie bedauerte zunächst, dass es immer noch Ärzte gibt, die Patienten im Endstadium unnötig lange therapieren und leiden lassen, weil sie noch nicht über den „palliativen Reflex“ verfügen, wie es im kürzlich veröffentlichten schriftlichen Kammerbericht heiβt. Gleich danach zitiert sie ein Beispiel aus ihrer Erfahrung als Krankenschwester, das belegen soll, dass es zum Glück schon immer Ärzte gegeben hat, die genügend Augenmaβ und Humanität besaβen, unheilbar kranken Patienten das Sterben zu erleichtern, auch ohne Gesetz. Wörtlich sagte sie: „Et as eng Patientin, déi hat ganz vill Pein. Ech si bei den Dokter gaangen an hu gesot : Di Fra, déi muss gehollef kréien, déi muss méi Morphium kréien. Den Dokter sot zu mir : Sprëtz dräivéierel Dipidolor. D’Madame Stein wees, wat dat ass. Ech kann Iech soen, ech hunn dat gemaach, war nach e bësse bei der Patientin, sinn erausgaang, sinn ob eng aner Schell gaangen, sinn no 10 Minutten erakomm an d’Patientin war dout.“

Mee sie hat sech och nach an aner Widdersprëch verwéckelt. Dat kann een alles an deem Artikel vun der Madame Chillon aus dem Tageblatt liesen.

Den eigentlech Skandal momentan ass awer, dass sie lo die geschriwwen Versioun vun hierem Speech an kruzialen Punkten nodréiglech geännert (an entschärft) huet!

  1. March 19, 2009 at 11:20 am

    De Gipfel war awer elo hir Rechtfäerdegung an der Chamber: si hätt dat gemat, fir dass och déi “normaler Bierger” verstoe kéinten, wat si an hirer Ried erklärt hätt…

    Wat eng Frechheet, zumols bei deem inkohärenten an onverantwortleche Kabes, deen se do vu sech ginn huet an där Ried…

  2. March 19, 2009 at 11:40 am

    Absolut d’accord. Logik schéngt net hier gréissten Stärkt zesinn. Mee sie gleewt jo och un onsichtbar Wiesen.

    Wat mer och ‘gefall’ huet, woer hier Ausso, dass mir net dierften en Liewen beennegen well dat dierft just hiere Gott. Wann also een während Méint dohinner siecht éiert en stiewt dann well hiere Gott dat witzeg oder opmanst gutt fënnt?

  3. Pol
    March 19, 2009 at 2:43 pm

    Hach waat ech dei Euthanasie Polemik gaer hunn….
    (egal op pro oder kontra)

    Mee just weinst deem do rem der CSV Doppelmoral oder waat coh emmer virzewerfen wei et an de comments op rtl.lu gema get ass dach och blöd, fir dMme Frank gellt Hanlon’s Razor:

    “Never attribute to malice that which can be adequately explained by stupidity”

  4. March 19, 2009 at 2:45 pm

    Huet ee gesot sie wier net domm?

  5. Pol
    March 19, 2009 at 3:04 pm

    geet jo mei em dei saachen op rtl.lu (nidderträchtegkeet / doppelmoral etc)

    Ech faerten ganz si denkt guer a glad net no ier si eppes seet oder mecht… wéi ee klengt Kand, sou Leit hun an der Politik naischt ze sichen, egal bai weienger Partei. A wann se net zu deem stoe wellen waat se gesoot hun da scho guer net!

  6. March 19, 2009 at 5:11 pm

    Sie schéngt deelweis en effet bëssen naiv an kannerech ze iwwerleeën …

  7. Nico
    March 19, 2009 at 6:59 pm

    De Fait dass den Chamber-Bureau décidéiert huët de geneeën Wuertlaut vun der Riëd vun der Madame Frank ze publizéieren weist drop hin dass déi Madame den Verbatim manipuléiert huët, an sech effektif enger Stroofdoot, (engem Faux et usage de faux ?), schëlleg gemach huët.

    Gët dogéint vum Chamber-Bureau eng Plainte agereecht ?

    D’Madame Frank huët all Lëtzebuerger insultéiert wéi si eis dës Woch, um Micro vun der Chamber, ënnerstallt huët, mir wäeren ze domm fir ze verstoën waat si gesot huët.

    Um selwechten Micro vun der Chamber huët d’Madame Frank am Dezember een “Aveu” gin, dass si sech der illegaler Euthanasie schëlleg gemaach huët; gët dann elo dowèinst enquêtéiert?

    Wéivill Skrupellosigkeet a Culot huët déi Persoun fir weiderhin op hirem Députéierten-Stull ze pechen, hir Immunité parlementaire ze mëssbrauchen, an hir Kandidatur fir een neit Deputéiertenmandat oprecht ze erhalen?

    Bleift ee Parlament, daat bei esou graven Fäll keng Sanctiounen hëllt, nach glaafwierdeg?

    Gëllt no engem “Aveu” nach eng présomption d’innocence, oder sëtzt an eisem Parlament tatsächlech eng „Députée-Mäerd….“? Et graust engem fir daat Wuert auszeschreiwen!

    Iwer d’Publicatioun vum geneeën Wuertlaut eraus huët d’Land och ee Recht drop dass déi Gesetz-Verstéiss vun der Madame Frank opgekläert gin, an zwar nët ënner huis-clos!

    Oder sin mir virum Gesetz éieren nët méi all gläich?

  8. Pol
    March 19, 2009 at 7:50 pm

    Nico Nico….. (dOppositioun setzt rem a hieren Lächer a lauert drop bai all feeler rem de Politeschen Geigener zum Recktrett opzeforden – daat get et zu letzebuerg jo mindestens emol dWoch)

    Faux et usage de faux ? fannen net, emmerhin huet net si daat veröffentlecht mee dChamber an dei fir dChamberblad responsabel Leit, Si ass jo net verantwortlech daat daat waat si gesoot huet och sou veröffentlecht get.

    Mord? denken ech net wann et sou war wéi si gesoot huet, dann eventuel baihellef oder homicide, mee secher kee mord….

    An mol am Eescht, lo vertreppelt sech emol eng Euthanasie Geigenerin an get zou daat se et eigentlech gudd fennt, an dann ass daat och rem net gudd???? Verschiddenen Leit kann een et ni recht man😉

  9. March 20, 2009 at 1:16 am

    dipi rocks!

  10. March 20, 2009 at 9:27 am

    Prost!

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: