Home > Design, Politik > Kannergebuertsdag.

Kannergebuertsdag.

Ech froen mech jo, wéivill EU-Gelder an den ‘Design’ vun deem absolut schrottegen, debilen an infantilen Logo vun der tschechescher EU-Presidence gefloss sinn:

eu-2009-cz

Well sou eppes hätt jo en Kand kéinte man. Suguer en mannerbemëttelt.

Hiere Site ass net besser.

Erënnert mech och grad un e Buch wat ech liesen: ‘Big Babies. Or why can’t we just grow up?‘ (e puer Thesen an deem Buch fannen ech iwwerdriwwen, mee generell sinn d’Reprochen mol guer net sou falsch).

Categories: Design, Politik
  1. March 26, 2009 at 1:04 pm

    Ech fannen hier Kaart cool (ouni d’Emresser), den Kalenner an och d’Icons. An jo, et ass ZE farweg.
    D’Argument “Daat hätt och kennen en Kand maachen” well ech awer net gellen lossen. Bei Konscht/Design/Layout ged et net emmer nemmen drem, eppes ze maachen, waat soss keen “kann”, mee och drems, et ze maachen (an den eischten ze sinn)

  2. March 26, 2009 at 1:35 pm

    Wat d’Maachen ugeet, ginn ech der Recht!

    Mee originell ass dat hei jo sécher net > cf Plakater fir e Kannergebuertsdag 😉

  3. March 26, 2009 at 10:14 pm

    Ech fannen d’Idee u sëch vum Logo zwar och nët schlecht. An ginn dem Joël mat der Kaart Recht.

  4. March 26, 2009 at 11:55 pm

    Kaart ass jo nach sou just ok, mee den Logo ass einfach nëmmen Kannergebuertsdag. Mee bon, les goûts et les couleurs …;)

  5. Malcom Lackmar
    March 28, 2009 at 12:41 am

    Wat dat kascht huet, steet op Kroun an Heller um besote Site:

    “The Czech Presidency logo and the graphics manual cost CZK 300,000. Pakosta won CZK 50,000 in prize money, and the manual itself cost CZK 250,000 to produce.”

    (Quell: http://www.eu2009.cz/en/czech-presidency/presidency-logo/logo-story/pribeh-loga—en-1830/)

    Dat sinn ronn 23.000 Euro. An déi hunn d’Tscheche bezuelt, demno: nix EU-Suen.

  6. Pancho
  7. March 30, 2009 at 7:55 pm

    Ah, ok. Merci fir d’Info! Fannen et trotzdem ëmmer nach Kannergebuertsdag 😉

  8. March 30, 2009 at 7:55 pm

    Dee par conter gefällt mer …

  1. No trackbacks yet.

Leave a comment