Home > Edukatioun, Gesellschaft, Luxembourg > Wou ech de Proffen mol eng Kéier Recht ginn.

Wou ech de Proffen mol eng Kéier Recht ginn.

(an dat hei schéngt jo keen Abrëllsgéck ze sinn)

617 Enseignanten aus dem Secondaire Technique hunn der Edukatiounsministerin een oppene Bréif geschriwwen.

An deem Bréif fuederen d’Enseignanten, dass déi aktuell Promotiouns-Kritèren op den ënneschte Klassen (déi scho méi dacks a fir d’lescht 2005 ugepasst goufen) nees geännert ginn.

Et kann een den Ament effektiv zwou, och déck, Datzen, a wichtege Fächer hunn an da packt ee säi Joer, ouni richtege Noexamen awer nach an dat ass net normal, seet de President vum Proffecomité aus dem LTNB, den Yves Schmartz.

Kompenséiren JO awer op engem méi héige Niveau, dat ass d’Fuederung vun deene 617 Enseignanten. Den Titel vun hirem Bréif ass dann och: „Wat solle mir schaffen, mir komme jo souwisou duerch!”

Grondtenor doran: D’Schüler kréien et zevill einfach gemeet a profitéiren dovunner, wat emol kee Reproche u si, mee un de System ass. Wien net muss léieren, dee mécht et och dacks net … Zitat: “C’est un secret de polichinelle que de nombreux élèves négligent les branches ‘qu’ils n’aiment pas trop’ et se contentent du minimum strictement nécessaire pour passer en classe supérieure.”

(source)

Mee d’Mady wëll jo, dass jidereen duerchkënt, egal op en qualifizéiert ass dofir oder net …

update: d’Kommentairen op der RTL-Säit sinn och net oninteressant.

  1. April 1, 2009 at 11:45 am

    Hunn ech schons erwähnt, daat ech elo 4 Dispensen fir main 13e Examen wärt hunn, ouni eppes dofir gemaach ze hunn?

    Ech sinn der Meenung daat d’Schoul eng grondleegend Reform brauch an een d’Manéier, wéi en Problemfächer wéi Mathé oder Franseisch vermettelt, iwerdenken muss.

    Duerchfaalen ass awer och naischt flottes, well am Fong setzt een als Schüler oft just gefrust do, well een an engem/zwee Fächer net gudd genuch waar an huet nach manner Loscht wéi virdrun. En modularen System, wou en zB. just en Fach widderhellt an awer déi reschtlech Saachen schon wéidermaachen kann, géif ech besser fannen.

  2. denjclaude
    April 1, 2009 at 12:56 pm

    Ech wees et jo net. Mee 2000 wei ech meng 13eme gemach hun hat ech och schons 4 Dispensen. Weisou ass elo do ebeemol den Problem?

    A wat dei Sach mat der Ministesch ugeet:

    Gesellschaft
    Iergendwou hat ech gelies dat 40% fun den Schüler ob 13eme/1ere welle bei den Staat schaffen goen. Wat ass dat fier eng Gesellschaft dei als absolut Ideal eng secher Platz an eng garanteiert an heich Paye als Ideal weidergëtt?

    Elteren
    D’Elteren verhenneren dat hier Kanner mussen mat den Konsequenzen fun hierem (den Kanner hierem) Verhalen liewen. Frot emol en Schoulmeeschter/eierinn wei dacks schons Elteren ugeruff hun oder bei den Inspekter gerannt sin weinst “ongerechten” Strofen oder schlechte Prüfungen.

    Leierpersonal
    An d’Leierpersonal selwer wou et der nach emmer gin dei nie am Liewen 40 Stonnen an der Woch schaffen. Dat dreit derzou bei, dat se eng schlecht Arbescht maschen an dat obwuel seng eng gudd Paye derfier kreien.

    Mee komeschweis ass keng fun dene 3 Gruppen fier den kastastrophalen Zoustand fun eisem Schoulsystem verantwortlech.

  3. April 1, 2009 at 1:29 pm

    Wéi funktionnéiert sou eng Dispens? Wanns de während dem Joër genuch Punkten hues, da brauchs de deen Examen net ze man??

    Eng sécher Plaz an eng héich Paye usech sinn kee Problem. Béides wees een jo wuel ze schätzen. Mee natierlech ass et problematesch, wann d’Emfeld ënnert ganz aneren, méi krassen Konditiounen schaffen muss. Dann ass et net méi fair. Och hëlleft et der Innovatioun etc nët. Mee dat ass halt, graff gesinn, Sozialismus (de Staat regelt dat schon a këmmert sech em méch) vs Kapitalismus (der Stärkere gewinnt).

    Dat mat de Prüfungen ass en effet e Problem … an ‘Gerechtegkeet’ gët et do awer souwiesou nie! Mee trotzdem muss een Spillregelen aféieren an déi dann och uwennen. Dat woer bei eis dach fréier och esou. Natierlech bléiwen der do puer op der Streck, mee dat ass esou an woer och nach ëmmer sou … ausser an enger Utopie. Mee dass haut Elteren Proffen schon verkloen kënnen wéinst soi-disant ongerechten Punkten (wann et och vläit éischter drun luuch, dass de Sohnemann net vill Loscht ze léieren hat) fannen ech schon extrem krass … A wann da jidfereen en Diplom huet, mee deen näischt wäert ass well den Diplomé näischt kann, wat bréngt dat dann?

    A grondsätzlech ass dach nie een fir irgendeppes verantwortlech😉

  4. denjclaude
    April 1, 2009 at 2:39 pm

    Wei et aktuell ass wees ech och net. Zou menger Zeit hues Du eng generell Moyenne fun 45 gebraucht fier 4 an eng fun 40 fier 2 Dispensen. Du konns der dann Dispensen ufroen an hues keen Examen an deem Fach missen machen. D’Fäacher waren awer agedeelt, all Sprochen ewech lossen goung zum Beispill net. An an deem Fach wou een d’Dispens wollt huet een och net därfen ennert 35 hun.

    “Mee dat ass halt, graff gesinn, Sozialismus (de Staat regelt dat schon a këmmert sech em méch) vs Kapitalismus (der Stärkere gewinnt).”

    Ech mengen dat een sech just muss eenz gin wat een dann elo wellt. Am Moment hun mer den Sozialismus am Kapitalismus. Dat eent beim Staat daat anert an der Privatwirtschaft.
    Bei eis kennt nach en ganz aneren Problem derbei. Mier ginn als Lëtzebuerger wielen, schaffen awer zu engem gudden Deel beim Staat an hun keng Ahnung wei an der “richteger” Wirtschaft ausgeseit.

    Eng Platz beim Staat muss secher firun enger Kënnegung sinn, nemmen esou kann bei engem Wiessel fun der Regierung sechergestalt gin dat den System net zesummen brecht. Als Geigenpaart waren doweinst d’Payen (historesch gesinn) mei niddereg, dat fier dat dei beschte Leit an d’Privatwirtschaft gin. Well dei ass et jo dei den Staat muss ennerhalen. Dat emzedreinen kann net funktioneieren. Bei eis huet et geklappt well d’Bankenplatz dat finanzeiert huet an mer dei gudd Leit dei d’Privatwirtschaft gebraucht huet “importeiert” hun.

  5. April 1, 2009 at 5:02 pm

    Momentan kritt een eng Dispens, OUNI eppes dofir ze maachen, dh. Punktzuehl ass egal. Liesen huet een 2000 och net missen kennen, oder?😉
    Fir duerchzekommen muss een daat Fach just kompenséiren kënnen, et därf een just eng Sproch wechlossen.

    Letzebuerg als Dengschtleeschtungstaat fir Firmen déi net vill Stéiren wellen bezuehlen an hier Geschäfter vun iwerall kennen féiren, eng gigantesch Firma, déi zoufällegerweis en Terrain vun 2586 km² huet an en völkerrechtlecht Subjekt ass?

  6. Dudu
    April 4, 2009 at 3:53 pm

    “Mee dat ass halt, graff gesinn, Sozialismus (de Staat regelt dat schon a këmmert sech em méch) vs Kapitalismus (der Stärkere gewinnt).”

    Menger Meenung no ass dat awer net schlemm wann de Stat sech amescht an eps kontrolloeiert, soulaang et am Senn vun der Gesellschaft ass. An am Senn vun der Gesellschaft ass et eben dat jiddereen eng Aarbeschtsplaatz fennt. Natierlech ass dat eng Utopie, mee et muss een awer opmannst probeieren sou no wei meilech un dat Zil erunzekommen. Dat heescht NET dat een den Diplom muss verschenken, sou fennt een nämlech keng Aarbeschtsplaatz. Mee dat heescht och net dat een weinst Schwächen, dei een vlait beseitegen kann wann een dei neideg Hellef krit bzw. dei am speideren Beruf vlait net mei sou zum Virschein kommen, an der Schoul gesift soll gin. Dat ass vlait en “kapitalistecht” Konzept, mee deen Konzept werd kräfteg an d’Box goen. Vlait sin ech lo e Sozialist, mee dat ass mer dann an deem Fall egal. Sozialismus sollt naischt oofwertendes sin…

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: