Krank.

Wat genau wëllen die Hammelen mat dësem Spot soen?

Categories: Religion/Philosophy, Video
  1. Ben
    April 20, 2009 at 3:07 pm

    Dat ass eng gutt Fro, hunn mer den Spot lo puer mol ugekuckt an et mëscht einfach keen Sënn.

    Villäicht ass den Spot och aus Perspektive vun engem Net-Gleewegen, deen vun engem fanateschen Gottesunhänger erschoss get. Wann een net vun Importanz fir Gott ass, ass een also naicht wäert an gehéiert erschoss. Och wann ech mir sou een Spot virstellen kann, gleewen ech kaum, dass eng Grupp sou wäit goen géif!

  2. Pol
    April 20, 2009 at 5:13 pm

    http://www.answersingenesis.org/get-answers/features/you-matter-to-god

    do ass dee dozou geheierenden Artikel

    “we matter to God—we are fearfully and wonderfully made. We were not created through millions of years of violence and death, as evolutionists believe; God did not create us to be violent!”

    Also eng komesch Weltuschauung, mee awer keng falsch Botschaft

  3. April 20, 2009 at 5:36 pm

    1. Answersingenesis sinn fundamentalistesch Chrëschten mat extrem wacko Iddien (enner anerem dass Dinosaurier mam Adam an Eva virun 6000 Joer zesummen geliewt hunn).
    2. Et schéngt mir, wéi wann sou Chrëschten mengen, dass SIE SELWER ouni hieren Glaawen esou gewaltäteg liewen giffen. Wat méi iwwert sie ausseet, wéi iwwert die Net-Gleeweg. Wann awer irgendeen wéinst sengem Glaawen manner gewalttäteg ass, emsou besser! Mee Haass géint Schwuler etc priedegen ass awer ok, gell?
    3. Gewalt an Doud gouffen, selon Bibel, och vun Gott erschaafen oder huet een hien dozou gezwongen?
    4. Den éischten Mord gouff, selon Bibel, begaangen well Gott den Cain gedisst hat an den Abel preferéiert huet.

  4. Pol
    April 21, 2009 at 12:04 am

    Bon ech wollt dei net verteidegen… just de Kontext hierstellen an deen daat ganz geheiert.

    trozdem dei eenzel Punkten, an emgedreihter reihen folg:

    3 a 4 … wann si mengen si missten dBibel Wuert fir Wuert huelen, an den Auteur (fir si ass daat jo Gott) net fir intellektuell genuch haalen do a Metapheren ze schwetzen – hire problem

    2 do verdreihs de hinnen awer dWieder am Mond, si soen daat dei dei gewalttäteg senn et eventuell manner wieren wann se streng gleeweg wieren an dann “D Schöpfung net zersteieren” weilten. fannen ech sou ok och wann et secher aner a besser saachen geint gewalt get wei glaawen.

    1 glaich wei 3 a 4

    Ech hu mech laang iwwer sou Leit geiergert, mettlerweil denken ech soulaang se domatt kengen schueden, an dei echt Wessenschaft a Rouh lossen, sollen se dach man….

    Wanns den den Artikel do lies, dann ass en secher onwessenschaftlech, an eventuell domm, mee secher net geféierlech. Get vill schlemmeres an der Welt

  5. April 21, 2009 at 8:17 am

    pol:

    Religioun kann béid Effet’en hunn: Läit méi ODER manner agressiv man.

    Dat aalt Testament ass voller Brutalitéit a Gewalt, alles am Numm oder suguer am Opdrag vun hierem Gott. ‘Du sollst nicht töten’ huet och nëmmen INNERHALB vun der Tribu gegolt. Die aner duerften, a sollten, roueg ofgeschluecht ginn. Eppes wat, selon Offenbarung vum Johannes, och de Jesus mat den Ongleewegen man wäert, wann hien zeréck kënt (mee d’Offenbarung woer jo fir die deemoleg Zäit a fir verfollegten Chrëschten geschriwwen ginn).

    Déi Organisatioun do stellt awer all Net-Gleewegen, oder all Net-Chrëschten als potentiell Killer dohinner, wat en Frechheet an Idiotie ass.

    Wann awer lo irgendeen wéinst sengem neien Glaawen un e Gott NET méi violent ass, emsou besser an da sinn ech ganz dofir!

    Et ginn der awer och déi WEINST hierer Religioun zum Killer gouffen oder ginn, an zB Ofdréiwungsdokteren embrëngen …

    An onwëssenschaftlech Texter SINN geféierlech, well se d’Läit méi domm a méi irrationell man.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: