Home > Edukatioun, Video > Global village?

Global village?

Awer net wat Video ugeet … Lo huet PBS en coolen neien Video-Portal, mee deen geet natierlech net mat enger net-amerikanescher IP Adress … Grmpf. Firwat ëmmer sou kleng karéiert?

Da muss een lo nees alternativ Methoden benotzen fir un die Doku’en ze kommen.

Categories: Edukatioun, Video
  1. April 22, 2009 at 7:33 pm

    Firwat ëmmer sou klengkaréiert? Well d’Produzenten, Auteuren a Schauspiller vu PBS nëmme fir den amerikaneschen Internet-Marché bezuelt ginn an net fir dass du se och gesäis. Et komplett fräi ze man, wieren onnéideg Onkäschten. Traureg, mä wouer.

  2. April 22, 2009 at 7:44 pm

    A wat fir engem Sënn wieren et Onkäschten? Sie giffen näischt en plus erakréien.

    An och d’Amerikaner mussen NET fir déi do Video’en bezuelen. Sie ginn just gebieden hier lokal PBS Statioun ze ënnerstëtzen … Da sollen se mir en PayPal-Knäppchen dohinner man, da spenden ech hinnen och eppes.

    Ech fannen et nach ëmmer klengkaréiert.

  3. April 22, 2009 at 8:35 pm

    Mee wann eppes méi wäit verbreet gëtt, ginn d’Leit déi dorunner geschafft hunn, och méi bezuelt. Dat ass jo normal. Wann se dat do lo also fir de ganzen Internet op man, mussen se och do d’Produzenten an d’Auteuren nach emol bezuelen.

    Dat sinn dann Onkäschten. Well se musse méi bezuelen fir eppes, wat hinnen näischt ra bréngt.

  4. April 22, 2009 at 8:52 pm

    OK, sou gesinn stëmmt dat natierlech.

    Mee firwat ginn net die wirklech Zuschauer gezielt an d’Auteuren etc doropper bezuelt amplaz se op die potentiell Zuschauer ze bezuelen? Mat enger Flatrate vun mir aus. Mee dat wäert deenen gieregen Produzenten etc net duer goen …

  5. April 22, 2009 at 11:20 pm

    Komm mir soen einfach all daat magescht Wuert, an wann mir et all haard genuch soen, dann ged et vlaischt irgendwann wouer an mir mussen eis em esou en Bullshit keng Gedanken méi maachen!

    K…K..K…K… KULTURFLATRATE!

  6. April 23, 2009 at 9:53 am

    Ech war vierun e puer Deeg entsaat driwwer (ok, éischter traureg), dass een d’South Park Episoden op Southparkstudios.com zwar a Lëtzebuerg, mais nët hei a Groussbritannien ka kucken.

    Ah wou ech grad dobäi sinn, ech wollt déi Episode iwwer d’Jonas Brothers kucken, di Saach mat hieren “Chastity Rings” an der béiser Mickey Mouse als Big Boss vun Disney. Giff dech wahrscheinlech och intresséiren Grommel😉 Se heescht “The Ring”.

  7. April 23, 2009 at 11:13 am

    haha, klengt gutt

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: