Home > Geschicht, Gesellschaft > New Deal.

New Deal.

Blue Ridge mountains again

Eng vun de Statiounen vun menger rezenter Rees duerch en Deel vun den USA woer och den Shenandoah National Park (net sou spektakulär wéi d’Parken am Westen mee awer absolut ze recommandéieren, wann een do an der Géigend ass).

A beim Liesen vun hierer klenger Brochüre sinn ech op eppes Interessantes gestouss: en groussen Deel vun der Infrastruktur vum Park gouff vum ‘Civilian Conservation Corps‘ geleescht. Dat woer en Programm am Kader vum Roosevelt sengem ‘New Deal‘ fir mat den Konsequenzen vun der ‘Great Depression‘ no 1929 emzegoen. Dësen Corps hat also zwee Zieler: 1. den Arbechtlosen eppes ze dinn ze ginn/hëllefen ze iwwerliewen an 2. eppes fir d’Konservatioun vun der Natur ze dinn (vun deem d’Allgemeinheet och profitéiert).

Sou huet een am Fong zwou Mécken mat engem Schlag erschloen.

Wier sou eppes an deem Genre net och lo rem aktuell? Firwat net die aktuell Lag (zumools wann se nach méi schlemm sollt ginn), an d’Chômeuren, benotzen fir Projet’en, déi der Allgemengheet eppes bréngen an déi ze realiséieren soss ze déier wier, duerch ze zéien?

An sou Projet’en missten een der jo genuch fannen. Kënnen jo och kleng Saachen sinn. An besser eppes schaffen wéi den ganzen Dag  just erem ze lungeren an Tele ze kucken! An villäicht ze depriméieren. Misst een natierlech och déi motivéiert kréien, déi mam RMG etc zefridden sinn an léiwer op der fauler Panz wéilten leien bléiwen amplaz un eppes Nëtzleches matzeschaffen … Wahrscheinlech geet et eis fir esou Aktiounen awer nach net schlecht genuch. An den 30er Joeren haaten d’Läit, déi an sou en Corps agetrueden sinn, jo buchstäblech näischt ze iessen an sou. Dat motivéiert natierlech méi.

ccc_constructing_road

Categories: Geschicht, Gesellschaft
  1. April 23, 2009 at 12:52 pm

    Et gouf och zu Letzebuerg esou Aktiounen. Dunn hunn se Entwässerungsgriew an de Bescher gegrouwen. Daat daat ziemleche Kabbes ass, ass eng aaner Saach.
    Leit zur Arbescht zwengen sollt esou eppes awer och net sinn, daat nennt en Sklaverei (dh. Chomage muss bezuehlt ginn, och wann en net antrett). Ech wees net ob ech daat esou gudd fannen, daat keint ziemlech schnell zur Ausbeutung ginn, nee wéi déi 5611-Plaatzen wou een 80% vum Mindestloun kritt an no 9 Méint dann awer erem ausgewieselt ged, d’Firma déi en “angestallt” huet awer 50% vun den Lounkeschten vum Staat kritt – wéi esou Plaatzen benotzt ginn, kann een sech jo gudd virstellen!

  2. April 25, 2009 at 2:52 pm

    Net ze vergiessen dass et an Daitschland och eng Organisatioun guff, déi sech direkt un de Modell vum “Civilian Conservation Corps” (d’enrôléiert Chômeuren wunnen a Lageren, kréien Uniformen a ginn eng quasi militärescher Disziplin ënnerstallt) inspiréiert huet: http://en.wikipedia.org/wiki/Reichsarbeitsdienst
    Dozou gëtt och een ausféierlecht Buch vum Kiran Klaus Patel: Soldaten der Arbeit, Göttingen, 2003.

  3. April 25, 2009 at 4:08 pm

    Do gesäit een rem, dass een alles pervertéieren kann.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: