Home > Geschicht, Politik, Video > Wéi am Film …

Wéi am Film …

Op den Iwwersetzer och ‘fucking’ iwwersat huet?

Interessant ass och, dass den décken Schnësser mega gepanzert ass, während déi aner do am Hiem a mat der Kaap stinn …

Categories: Geschicht, Politik, Video
  1. April 27, 2009 at 11:13 pm

    Daat scheinst ass jo, daat d’Amerikaner virdeischt d’Arméi an d’Polizei dohannen ofgeschaaf hunn (daat waren jo “Béiser”, déi mam Saddam kollaboréiert hunn) an sech dann gewonnert hunn, daat déi Leit déi keng Arbescht méi haaten an awer wossten wou d’Munditiounslagern wieren a be mol géint sie waaren.

  2. April 28, 2009 at 3:12 am

    Krass. Et héiert een jo ëmmer datt et sou ass, mais sou e Videobeweis schockéiert trotzdem. Nach méi schlëmm sinn d’Kommentarer beim Video oder op dem Poster senger Userpage.

  3. April 28, 2009 at 7:39 am

    An den Brëllaaf muss jo och mam Filmen ok gewiescht sinn, soss hätt en jo eppes dogéint gesot …

  4. Nic
    April 28, 2009 at 10:22 pm

    Fierwuert: Ech sin mam Irakkrich genau sou wéineg averstan wéi all Mensch deen kloer denken kann.

    Mais et soll een sech awer e puer Saachen bewosst sin.

    1. D’Zaldoten sin net Schold um Krich. Jaitzt mat den Politiker. Net mat deenen Léit déi dohannen fier 2300 Dollar am Mount drop warden gesprengt ze gin. Vill vun deenen haaten net vill méi Choix wéi hier irakesch Pendanten.

    2. Joel: Quatsch. D’Amerikaner hun nie Police (am Géigesaatz zur Arméi) oofgeschaaft. Daat eenzegt waat mat der Police geschidd ass, ass dass se restrukturöiert gin ass, an doduech eng Zait (Mee-Juni 2003) keng Ansätz dieft maachen. Daat ass dun vun den Koalitiounstruppe gemaach gin. An der Phase vun der restrukturéierung missten se am Dag an den respektiven Zentralen bleiwen an konnten an der Nuecht heem goen. Voll bezuelt. Währenddems an nodeems sin et Ausbildungen, Fortbildungen an vill Astellungen gin (mat villen ehemalegen Zaldoten). Police Entlossungen sin et iwwerraschend wéineg gin, an bal just ob den iewegten Niveauen. Se hun einfach d’Personal gebraucht. Daat erklärt och wéisou souwäineg vum Saddam sengen Housekeren, déi Léit d’Fangerneel rausgerappt hun, verfollegt gin sin.

    3. Natierlech ass et net schéin ze gesinn wéi den Ami déi aaner zur Sau mecht. Mais et sollt een net vergiessen dass hien (wahrscheinlech) hiere Chef ass, vu dass “New Iraqi Army” an d’Police nach emmer an d’Koalitiounstruppen agebonnen sin. An an der Arméi geet et eben méi rau zou. Sou gudd wéi jiddereen vun deenen Léit am Video waren an op manst engem Krich. Ech denken net dass en Mann an enger bronger Uniform do als sou schlemm ugesin gett. Ausserdem kenne mer d’Hannergren an den Grond vun der dommer Ried net.

    4. Grommel: Et ass ganz normal dass en Zaldot eng kugelsecher West unhuet an en Helm. D’Iraker hun (souwuel Police, wéi och Arméi) och Westen an Helmer, sait 2003. Se hun se just ob deem Video net un.

    Dass deen User deen den Video ropgelueden huet, an daat offensichtelch saucool fennt, genau sou en Idiot ass wéi seng Fans déi do kommentéieren ass kloer. Den Zaldot deen jaitzt gefällt mer och net. Ech wees weder ob en neideg oder hellefraich ass an deem Fall. Mais ech mengen net dass et sain Ziel ass sech méi Feinden ze maachen. An et gesait mer och net no dem typeschen Ami mecht Geck mat Iraker-Video aus. Also e beschen nuancéiert denken w.e.g.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: