Wieder (3).

Dës Kéier geet ët em ‘Passioun’.

Generell sinn jo domadder haut eng gewëss Zort Gefiller an een dorunner gekoppelt Verhalen gemengt, an generell gët eng Passioun haut als eppes Positives gewäert. Mee dat woer net ëmmer sou.

D’Wuert kënt jo vum griecheschen ‘passio’, wat souvill wie ‘leiden’ oder ‘Pëng erdroen’ bedéit. Dëst ass och am Däitschen nach ersichtlech (och wann et engem net onbedengt direkt opfällt): Leidenschaft, oder och Leiden-schaft, also eppes wat Leiden erschaaft.

Wou een déi ursprünglech Bedéitung och nach ërem erkennt ass zB bei ‘the passion of the Christ’, woumadder jo säin qualvollen Martyrium etc gemengt ass. A nët eppes, wat en begeeschtert gemaach hätt. Ausser en wier Masochist gewiescht. Wat natierlech och net auszeschléissen ass ..

Die meescht griechesch Philosophen virun 2000+ Joer hunn Passiounen (also staark Emotiounen an irrational Verhalen) demno als eppes Negatives gesinn. Zumools Stoiker natierlech. Am Géigensaz zu haut, wou Leidenschaften jo éischter als eppes Positives ugesinn ginn, well sie et sinn, déi eis vun Maschinnen ennerscheeden.

A Maschinnen oder Roboteren zevill ähnlech ze sinn ass jo hautzudags oft eng Angscht vun de Läit . Die al griechesch Philosophen awer par conter, vue dass Maschinnen bei hinnen jo quasi inexistent waren, hunn sech éischter géint dat anert Extrem ofgrenzen wollen: d’Déier.  A well iwwerdriwwen Emotiounen an irrationalt, onreflektéiert Verhalen als eppes typesch Animalesches empfonnt gouffen woeren déi natierlech ze evitéieren.

Ech fannen et faszinant, wéi die Ängschten sëch am Laf vun der Zäit em 180 Grad gedréit hunn (generell geschwat natierlech).

  1. No comments yet.
  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: