Home > Luxembourg, Politik > Peer Steinbrück.

Peer Steinbrück.

Warum Peer Steinbrück Recht hat.

Comments?

Wou ech dem Auteur Recht ginn, ass dass generell méi oppen an méi tacheles soll/muss geschwat ginn.

An et ass numol eng Tatsaach, dass mir als klengt Land enorm dovunner profitéieren, dass Läit aus eisen groussen Nopeschlänner bei eis hier Stéieren hannerzéien kommen. An dass dat deenen Staaten net gefällt an déi jo Recht op déi Stéiergelder hunn ass och normal … Am emgedréinten Fall giffe mir jo wuel bestëmmt och iwwert déi Verräter maulen, déi hier Suen ausser Land bréngen, oder net?

Categories: Luxembourg, Politik
  1. Cartman306
    May 11, 2009 at 3:51 pm

    Natirlech huet de Mann Recht. Mir hunn jorzengtelaang gudd dovunner geliewt, mee et war emmer kloer, datt d’Art a Weis net korrekt wier an mir dat net eiweg kinnte duerchzéien. Lo ass dëse Punkt areecht. Wat beim Steinbrück allerdengs stéiert, dat ass seng Art a Weis. Déi Arroganz an Iwwerhieflechkeet ass einfach fir ze katzen. Virunallem wann dei Kraftmeierei vun engem Präis kënnt, klengt dat an de lëtzebuerger Ouren ganz schrecklech.

  2. May 11, 2009 at 4:37 pm

    Seng Arroganz geet mer och net, dat ass sécher.

  3. Pancho
    May 11, 2009 at 5:45 pm

    “Wuff, wuff…knurrr, knurrr”
    Iwwersetzung vun der Steinbrück’scher Rhetorik: Die Wirtschaftspolitik der öffentlichen Hand, die wir die letzten paar Jahre (gemeinsam!?) betrieben haben, hat uns leider (schnurstraks) in den “politischen?” Ruin geführt. Meine etwas kritisch geäußerten Aussagen gegenüber Luxemburg sollten eigentlich keine Kritik an sich, sondern eher ein Hilfeschrei (sending out an SOS) darstellen…Schlussendlich möchte ich nur noch “Nostra culpa, nostra maxima culpa”…hinzufügen…und volens nolens, den Zeigefinger auf Luxemburg richten…

    Gin den Owend e film kucken…(starring Peer S.)…en heescht: “Denn sie wussten nicht was sie taten”…

    P.S.: Fro: “Géif eng Steierhannerzéihung iwwerhaapt zestaanen kommen, wann een mam “management”(daat mecht méi sophistikéiert..) vun den öffentlechen “dé-niers” aferstaanen wier?

    Hasta, Pancho

  4. May 11, 2009 at 5:48 pm

    >Fro: “Géif eng Steierhannerzéihung iwwerhaapt zestaanen kommen, wann een mam “management”(daat mecht méi sophistikéiert..) vun den öffentlechen “dé-niers” aferstaanen wier?

    Doudsécher. D’Läit hannerzéien d’Suen jo well se selwer méi Suen wëllen hunn fir auszeginn!

  5. Pancho
    May 11, 2009 at 6:21 pm

    “Doudsécher. D’Läit hannerzéien d’Suen jo well se selwer méi Suen wëllen hunn fir auszeginn!”

    Yep…Mä no der 5ter Ferrari, nom 10ten Pelzmantel…mengen ech, hunnse och op eng Kéier e bessi de Kéis domadder…oder? (bon, et gin och Ausnahmen…http://en.wikipedia.org/wiki/Imelda_Marcos -> ënnert “Shoes”…daat gesäit och an deem Fall no psychescher Labilitéit/Débilitéit aus…)

    Bref, ët gëtt awer e kloeren Ennerscheed tëschend “ausgin” (Kleeder, Schong, Autoen etc.etc.) oder “investéieren”…an ët as d’Natur vum “investéieren” waat eng Roll spillt…entweder méi “privat” oder méi “öffentlech”…wourobber sech déi nei Fro stellt…waat as dann elo besser? (an den USA sin sech d’Top Economisten no enger Jorhonnert(en) laanger Debatt haut nach ëmmer nët eens…)

    P.S.: “well se selwer méi Suen wëllen hunn fir auszeginn!” Géif de Grommel sech dann och nët esou verhaalen? As esou ee Verhaalen nët eng “mënschlech/normal” dreiwend Kraaft/Reaktioun?

    Hasta, Pancho

  6. May 11, 2009 at 6:39 pm

    Et geet net dorems op een Stéierhannerzéiung (well een selwer méi Geld wëll behalen a villäicht och fënnt dass d’Bestéierung ongerecht ass, etc) moralesch fënnt oder net. Et geet dorëms, dass se illegal ass an domadder dat Land, wou se statt fënnt, Recht huet dogéint unzegoen. Sou si numol d’Spillregelen.

  7. May 11, 2009 at 6:41 pm

    1. Méi Éierlechkeet fannen ech top.
    2. De Steinbrück ass selwer net éierlech, mä einfach nëmme frech a stillos. Dir kennt meng Astellung, dass Kritik intelligent an ouni grouss Wierder sollt geäussert ginn.
    3. Dass de JCJ an den Asselborn “Nazi” blären ass extrem penibel.

  8. May 11, 2009 at 6:45 pm

    Jop, kéint ech ënnerschräiwen.

    An suwuel de Steinbrück, de JCJ an den Asseljhang si jo och am Wahlkampf … do kënnt Polemik jo ëmmer gutt.

  9. May 11, 2009 at 7:45 pm

    Hun den Artikel nëmmen iwwerflunn (ech sollt am Fong léiren …), a spontan dozou 3 Saachen déi awer wéi gesot méi oder manner schon hei geschriwwen goufen:

    1. Eierlechkeet: muss sinn, gëtt et nët genuch. Weiderhin ass et och numol sou, dass d’Bankgeheimnis mat grousser Wahrscheinlechkeet iergendwann wäert verschwannen. Wat d’Saach awer (momentan, a muer och nach) sou glimpflech mëscht ass dat all Verloscht deen eisen Finanzsektor z’erdroen huet ganz schlecht fier d’Land ass, well mer keng Industrie hunn déi en – am Extremfall – Ewechfaalen vum Bankesektor kinnt opfänken. Wéi de Stolsektor d’Baach rofgaang ass, huet de Finanzsektor d’Land gerett, mais elo am Moment ass keen “Nowues” do. Dat ass e Dilemma op villen Ebenen, fier d’national Politiker ass d’Proritéit do natierlech de Wuelstand vum Land ze garantéiren/erhalen, a gläichzäiteg wees jiddreen dat de Problem ëmmer rëm opgeschuewe gëtt.

    2. De Steinbrück ass trotzdem en Oasch. Wéi hei scho geschriwwe gouf, huet sou eng Sprooch an Ausdrocksweis näischt an der Politik verluer, a scho guer nët vis-à-vis vun anere Länner. Et kann ee ganz wuel senger Ausso e Maximum un Ausdrockskraaft ginn, ouni sou ze schwetzen wéi hien. Dohier ginn ech an dem Punkt dem Auteur vun deem Artikel op deens de verlinkt hues komplett Onrecht:
    a. Nee, e Witz iwwert aner Länner ass einfach nët ubruecht. Dat ass komplett irrelevant an der Diskussioun an hëtzt just d’Gemüter op, zumols wann d’allgemengt Klima souwéisou schon am Keller ass.
    b. Jo, den Steinbrück dierf roueg Nimm nennen – nët dat war de Problem, mais di komplett iwwerflësseg Erwähnung vu Burkina Faso.
    c. Den Auteur vun dem Artikel rechtfertegt jo e Groussdeel dovun domat dat et nët am Steinbrück sengem Aufgabeberäich als Finanzminister läit, ze wëssen wéi een sech international behëllt – ma dach! Souguer wann ee keen Diplomat ass, huet een ze wëssen wat e minimum un Taktgefill ass.
    Als Beispill dofier dat een seng Meenung mat Nodrock expriméire kann ass wuel dem JCJ säin Optrëtt beim Maybrit gewiecht (ouni lo ze soen ob de Contenu vu sengen Aussoen gudd oder schlecht ass). Do war den Toun och ganz kloer, an trotzdem respektvoll.
    Wa jiddereen sou giff schwetzen wéi de Steinbrück, da wier et am Parlament wuel wéi op enger 7e. Et gëtt nët méi diskutéiert, mais just nach mat bëllege Witzer iwwer den anren hiergezunn. Ass dat wéi sech den Auteur vum Artikel dat fierstellt?

    3. Do ginn ech dem Chris Recht, an zwar sinn ech et Leed ëmmer rem ze gesin wéi Leit mat den “Nazien” kommen soubal Däitschland iergend e Fehler/Fehltrëtt mëscht, an dobäi nach a kengster Relatioun zu der Vergaangenheet vum Land steet (mat Ausnahm vun der Ausso dat “een fréier Zaldoten a sou Länner gescheckt huet”, dat war dach relativ grenzwäerteg). Bei all néidegem Respekt, iergendwann muss Schluss domat sinn! Natierlech, et dierf op kee Fall vergiess ginn an muss ëmmer am aktuellen Wëssen vun de Mënschen bleiwen, mais déi Politiker an déi Generatioun vu Mënschen déi haut de Groussdeel vum Liewen an Däitschland bilden, hun näischt mat dem Krich ze dinn, an et ass einfach onfair dann ëmmer mam Fanger op de Mann mam Schnutz ze weisen, a schon dierf kee méi eppes soen.

    Voilà (ha!), ech hoffen ech hun nët zevill Bulli geschriwwen.

  10. May 11, 2009 at 7:59 pm

    Gut gebrüllt, Löwe!

  11. Pol
    May 11, 2009 at 10:00 pm

    schreiwt dFTD net genau daat waat hiert Lieser heieren wellen? nämlech daat mir letzebuerger schold un allem sen, an net Si selwer?

    @Chris neierdengs vernennt jo den Asselborn schon de Juncker Nazi, wei ech de moien op rtl.lu heirern hun

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: