Home > Luxembourg, Politik > Panachage.

Panachage.

Wees een eigentlech firwat mir dee bizarren Panachage-System bei eisen Wahlen hunn?

Ech woer tentéiert och rem ze panachéieren, mee ech mengen ech kräitzen lo einfach eng Lëscht un. Net well ech komplett vun hier iwwerzeecht wier, mee well et en Contrepoids muss ginn.

Categories: Luxembourg, Politik
  1. May 12, 2009 at 3:58 pm

    Ech fannen Panachage hechstens nach innerhalb vun Leschten interessant, mee soss denken ech, daat et am Fong Blödsinn ass.

  2. Pol
    May 12, 2009 at 4:08 pm

    Mee et ass awer ganz typesch Letzebuergesch, zumindest fir den Norden.

    Sou hun zum Baispill freier vill Leit den Goerens gewielt, deen mei bveleift ass wei seng partei.

    Mee et gin och aner Grenn: zum Baispill wann an daer Partei deis de wiels een Iesel op der Lescht ass deens de net an der Chamber wells.
    Oder wanns de einfach eppes fir deng Gemeng oder ee Verain/aner Organisatioun man wells , an dofir de Buergermeeschter/President wells wielen ouni seng Partei ze ennerstetzen.

  3. May 12, 2009 at 4:11 pm

    Jo, fannen ech och.

  4. May 12, 2009 at 4:11 pm

    Mee indirekt gëss de der Partei dach awer emmer Stëmmen?

  5. Pol
    May 12, 2009 at 6:08 pm

    Jo secher gess de der Partei och Stemmen mee net all deng Stemmen…

  6. May 12, 2009 at 11:06 pm

    Wanns de net kanns secher sinn daat déi Persoun déis de wiehls och mat denen Stemmen an d’Parlament setzen ged, hues de besser eng Partei ze wiehlen, déi dir gefällt. Ech fannen et souwiesou idiotesch, en Humpenjhang ze wiehlen, well en engem een ausginn huet/der Bomi d’Wäschmaschin gefleckt huet wéi wéinst sengem Programm.

    Daat ass awer meng Meenung. Ech géif mol gären eng Kéier Wahlen ouni Wahlzwang an Panachage zu Letzebuerg gesinn. Just fir ze gesinn, wéi et géif ausgoen.

  7. Pol
    May 12, 2009 at 11:20 pm

    Joel, hat eischter gemengt das du zb de Schaaf wiele keins fir daat Ettelbreck en Depute Maire behällt an domatt lokal Projeen besser viru kommen.

    Politik muss ee jo net emmer unhand vu Parteien man…

  8. May 13, 2009 at 8:14 am

    Dat wier en effet net oninteressant.

    Wat ech och giff gutt fannen wier fir eng Eischt Stëmm an eng Zweet Stëmm ze hunn.

  9. Cartman306
    May 13, 2009 at 9:30 am

    Panachage ass gudd fir Leit wéi mech, déi sech mat kenger Partei komplett identifizéiere kënnen an dofir just déi Kandidaten rauspicken, déi sie fir kompetent halen, onofhängeg vun der Partei.

    Een deen vu “senger” Lëscht iwwerzeecht ass, an just ukräizt ouni zumindest bannent där Lëscht ze panachéieren, fannen ech schrecklech, well een dann keen Ënnerscheed mescht tëscht kompetente Politiker an de sougenannte Lëschtefëller (RTL-Animateuren, Sportler etc.). Wann awer vill Léit sou handelen, dann entscheeden déi Léit wéi ech mat hieren Eenzelstëmmen, ween an der Partei an d’Chamber kënnt a ween net.😉

  10. May 13, 2009 at 9:34 am

    Stëmmt och rem. Panachage ass dann awer villäicht net sou schlecht …

  11. nads
    May 21, 2009 at 5:54 pm

    Ech fannen Panachage immens wichteg. Hun just smartvote.lu probeiert, an interessanter weis kennt net eng partei, mais firun allem meng alterskategorie zum firschain. 30 jähreg hun allt aaner meenungen wei 60jähreg, egal weieng Partei se sin (natierlech kennt ‘meng’ partei mei fir wei dei aaner, mais net sou dominant wei den alter).

    Ech wielen also fir leid a mengem Alter, mengem Sex, an dei wei ech en Unioofschloss hun, a fellen dann mat leit vu menger partei op…

    … ouni panachage geng daat net goen.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: