Home > Gesellschaft, Luxembourg > Kameraen.

Kameraen.

Hu lo grad am Auto Propaganda vun der Sécurité Routière héieren: den Hammelmann huet erkläert, dass déi faméisen Kameraen, déi op den Autobunnen sollen installéiert ginn fir d’Läit ze blëtzen, nëmmen d’Nummerschëld vum Auto giff fotograféiert ginn, etc.

Alles schéin a gutt, mee wou fannen ech eng Statistik, déi mer seet, wéivill Autosaccidenter (mat Blesséierten an Doudegen) tatsächlech op der Autobunn passéiert sinn wéinst ze héijer Vitesse?

A wees een, op déi Kameraen dann lo wierklech installéiert ginn?

Well menger Meenung no ass dat haaptsächlech fir d’Kees vum Staat (oder der Gemëng?) ze fëllen … oder villäicht och just iwwerdriwwenen (wann och gutt gemengten) Paternalismus.

Categories: Gesellschaft, Luxembourg
  1. May 13, 2009 at 9:21 am

    Laut den Statistiken vum Ministere woren et 2008 91%
    9273 Accidenter, mecht ca 8300 wéinst Vitesse.
    37 Doudeger, mecht ca 34 wéinst Vitesse

    Et gett keng Statistik wéivill dovunner ob Autobunnen geschéien. Den Tonus aus aaneren Länner ass awer, dat ob der Autobunn méi Accidenter geschéien, mee manner déidlecher.
    http://www.gouvernement.lu/dossiers/transports/accroute/index.html

  2. May 13, 2009 at 9:25 am

    Merci! Respekt, du wees wou een muss kucken goen 🙂

    Trotzdem fannen ech misst opgeschlësselt sinn, WOU (zumools die déidlech) Accidenter passéieren fir dass een och DO dann adequat Moosnahmen hëllt. An net just irgendwou, wou et sécher an der Kees rabbelt …

    En plus wier et och interessant ze wëssen wéivill vun deenen, déi duerch iwwerdriwwen Vitesse en déidlechen Accident verursaacht hunn, EN PLUS voll woeren!

    Mee ech fäerten, déi Info ass net ze kréien?

  3. Pol
    May 13, 2009 at 9:49 am

    Ech denken net daat fest installeiert Radaren eppes brengen, hei zu Kaiserslautern sen daer och an do bremst jiddreen vidrun of a get duerno rem Gas.

    Nemmen vill a mobil kontrollen, mat säftegen Strofen hellefen.
    An Geldstrofen intresseieren dach sws keen. Ech wier fir Führerschein entzoch och bei klengen Delikter , dann vlaischt nemmen e puer deeg oder eng Woch…

  4. May 13, 2009 at 10:48 am

    Falsch, Et gin jo awer plaatzen wou et reegelméisseg knuppt. Wann een do géing e fixen Radar setzen, géingen, wéis du selwer sees, d’Leit do virdrun oofbremsen, dat wier dach wonnerbar,
    Ech si prinzipiell net géint Radar’en, allerdéngs hätt ech da schon 3 mol kee Führerschain méi :-S

  5. May 13, 2009 at 10:51 am

    Wahrscheinlech net. An all aanerem Land vun der Welt. Mee net hei. Mee ech wees zB net ob an Däitschland ob den onlimitéierten Strecken méi Accidenter geschéien. Ech ka mer dat net viirstellen. Trotzdem sin >200km/h ob der Autobunn onnéideg – wann och duerchaus flott ze fueren.
    Ech denken just dat déi Blëtzkeschten oofsäits vun der Autobunn Sennvoll wieren, och wann d’Leit just do méi lues fueren, mee emmerhin dann do.

  6. May 13, 2009 at 10:57 am

    Hei ass et jo och bestëmmt aus politeschen an ideologeschen Grënn net gewollt. Well dann hätten se jo keng wierklech Argumenter méi fir Kameraen z’installéieren …

    Op der anerer Säit sinn ech komplett dofir fir op bekannten a GEFEIERLECHEN Plazen Kameraen hinner ze setzen. Oder och virun Schoulen oder wat och ëmmer.

    Mee ech sinn géint blannen, inefficacen an/oder hannerhältegen Aktionismus!

  7. Pol
    May 13, 2009 at 11:21 am

    Ok bai sou Plaazen kennen se eventuell hellefen, oder si reckelen dPlaaz 100m weider weg, an da gin dLeit do rem Gas a da knuppt et do. Mee wann all gudden Daag do an er Geigend der 2 Stin an dei direkt ofkasseieren, das vill mei effektiv

  8. denjclaude
    May 13, 2009 at 11:22 am

    Merci fier deen Link ob dei Statistik! Datt iwerheichte Vitesse bei 91% fun den Akzidenter den Grond ass hun ech mer schons mei lang geduecht. Ech sinn deen leschten deen seet dat mer mei Kontrollen brauchen. Allerdings kennt et mier esou fier ewei wann mei (an extrem onefikass) Alkoholskontrollen wieren ewei (nët ugekënnegt) Vitessekontrollen.

    Keint et sinn dat fix Kameraen fier den Staatsbeidel sinn an d’Alkoholskontrollen fier den Image? An et net drems geet den Bierger ze schützen?

  9. May 13, 2009 at 11:27 am

    Oh, bass de wuel roueg!!! 😉

  10. May 13, 2009 at 1:30 pm

    Wou ass eigentlech de Feeler domat Geld ze man.
    ech mengen mir sin un en Code de la route gebonnen, mir mussen eis drun haalen, wou ass de Feeler domat suen ze man? Et ass jo einfach: du liews an enger Gemeinschaft dei reegelen huet, wanns de dech net drun hälls gess de bestroft.

  11. May 13, 2009 at 1:31 pm

    Déi Plaatzen si jo normalerweis Platzen well se eng bestemmt Charakteristik hun. An déi hues de onwahrscheinlech 100m hannendrun.

  12. May 13, 2009 at 1:38 pm

    Sou Kameraen sollten PRIMÄR opgestallt ginn fir déi Plaz MEI SECHER ze man. Net fir Suen domadder ze maachen!

    A wat d’Anhalen vu Regelen ugeet: wa mer sou ufänken an argumentéieren, da si mer wierklech net méi wäit fort vun engem Big Brother oder allwëssenden Gott, déi allebéid jidderzäit alles wëssen a jidereen entspriechend bestrofen kënnen …

    E bëssen Sputt muss jo awer sinn … zumools wat d’Autobunnen ugeet! Wann do , zB, Sonndes Moies um 8 Auer keng Sau op der Strooss ass an et en plus dréchen ass, gesinn ech net firwat een net och 160 fueren kéint ouni dann MUSSEN bestrooft ze ginn. Well an deem Fall bréngen ech jo keen ausser méch selwer a Gefor …

    Da giff ech et vill méi wichteg an efficace fannen fir per Kamera Drängler oder extrem Raser erauszefëschen an ze protokolléieren! Well DEI stellen d’Gefor duer, net déi, déi heiansdo e puer Kilometer méi séier fueren.

  13. denjclaude
    May 13, 2009 at 2:26 pm

    Nemme wann d’Ziel net mei den Schutz fun der Bevölkerung ass mee deen Suen ze machen ass leeft eng schief.

    91% fun den Akzidenter gescheien weinst ze heiger Vitesse, misst een sech dann net ob dei Vitesse konzentreieren?
    Et gin all Weekend 100en fun Leit ugehalen a blosen gedoen, dat mat engem enormen Obwand dofir ouni groussen Erfolleg. Dei meeschte Vitessekontrollen gin dann awer ugekënnegt. Ech fannen dat net logesch.

    D’Suen sinn wahrscheinlech en afikasst Mëttel fier ofzeschrecken, allerdings och extrem ongerecht. Dat keint een relativ einfach änneren an deem een d’Strofen un d’Akommes koppelt.

  14. May 13, 2009 at 2:32 pm

    Ech wonneren mech och ëmmer, dass die Alko-Kontrollen net méi Vollerten erginn!?

    A Strofen sollten soit un d’Akommes gebonnen ginn, oder per Punktesystem.

  15. May 13, 2009 at 6:16 pm

    Wisou get eigendlech souvill op Vitesse gekuckt? Vitesse mescht an mengen Aaen alleng keen Accident aus, mee d’Ignoranz vun den Chauffer. Wann ech op der Autobunn 160 fueren, dann primo, well den Verkeier et mer erlaabt, sekundo, ech kann genuch Oofstand vun den aaneren Autoen haalen.

    Speziell den 2. Punkt ignoreieren 90% vun den Chaufferen. Ech hun et schon ze oft gesin dass Leid ze schnell fueren (eigendlech hun ech keen Problem dermadd sulaang et net an engem Duerf ass) an hannert dem aaneren peschen wi wann se deen weilten iwerrennen (an mengen aaen den wierklechen Grond fir di Accidenter).

    Meng Devise wier, manner Vitesse kontrollen, mei sensibiliseieren op Bremswee an Grip-Limiten vun Pneuen.

  16. May 14, 2009 at 6:50 pm

    Vir wat di ganz Opreegung?
    Ech kann mer schon virstellen ewéi dat esou zu letz ass. All déi yuppies an hiren gti’s …
    ganz liewen näischt riskéiert mä am Auto loossen se d’sau eraus.

    9273 Accidenter, mecht ca 8300 wéinst Vitesse.
    37 Doudeger, mecht ca 34 wéinst Vitesse
    an dann kräischt een géint Kameraen….?
    are you fucking nuts

    Am Auto respektéieren ech spill regelen.
    Mee vir den Rescht …. http://www.youtube.com/watch?v=2atjs6XRC7Y&feature=channel

  17. May 14, 2009 at 7:20 pm

    Wéivill vun deenen Doudegen do wieren duerch FIX Kameraen op der Autobunn verhënnert ginn??

  18. May 15, 2009 at 5:46 am

    keen wees et. mee ech ging soen et waer derwaert ze probeieren.

    vitesse mech immens vill aus.zumols et emmer mei traffic get. et ass jo praktesch net mei meiegelech richteg distance ze halen.

    PS: Do get et esou eng lobby machine dei heescht auto industry an dei gin billionen aus viir esou myths um liewen ze haalen dat “speed is not the issue”

  1. No trackbacks yet.

Leave a comment