Home > Film > Lars von Trier.

Lars von Trier.

An deem sengem Käppchen ginn awer och gelungen Saachen virun sech, schéngt et

A wat e Quatsch: hien hätt deen Film just fir sech gemaach an soss keen. Hien huet en opmanst och fir säi Produzent gemaach, well ween hätt soss seng Fantasien finanzéiert? A wann hien de Film just fir sech gemaach huet, firwat gët en dann publizéiert? Firwat kuckt en de Film net einfach a sénger Stuff und gut is’?

Kléngt éischter, wéi wann e net gären giff kritiséiert ginn.

(jo, Chris, du däerfs mech lo korrigéieren)

Categories: Film
  1. May 19, 2009 at 5:27 pm

    Well Konscht ereicht dann ensteht, wann een aaneren et gesait/héiert/liest/spiert. An och wann een Wierk “fir sech” mescht, wellt een en vlaischt awer aaneren weisen. Jo, daat klengt bessen komesch, mee ech kann daat awer novollzéihen.

  2. May 19, 2009 at 6:52 pm

    Anscheinend weess de jo, dass de falsch läis, soss häss de de leschte Saz net geschriwwen, also brauch ech dech net méi ze korrigéieren.

  3. Pol
    May 19, 2009 at 7:18 pm

    dJournalisten se schockeiert vu sengem Film? dann huet de Film jo hechstwahrscheinlech sain Ziil ereescht. Den Lars von Trier versteet einfach nemmen sain Handwierk

    (Waat ee vun deem Pfuscher deen Illuminati verbach huet net behaapten kann)

  4. May 19, 2009 at 8:28 pm

    De Lars Von Trier – dat dierft all Frend vun him (inklusiv mir) bekannt sin – ass net ganz richteg am Kapp.

    Wat dat mam Film ubelaangt, sou ass et wéi mam Pianocktail. Mir maachen de Pianocktail och nëmmen fir eis, mä wann aneren et gefält, loossen mir si gären drun Deel huelen.

    An wat ass dat mat “de Lars von Trier versteet säin Handwierk” do? De Lars von Trier ass zu déifst um Enn, de Lars von Trier ass en Egoman an en Psychopath, an wann s de e bëssen am Lars Von Trier senger Filmographie doheem bass, verstees de dat hien ëmmer rëm Flops bréngt. Déi eenzeg Kéier an senger Carrière wou en wierklech eppes Medienwierksames gemaach huet wor dee Witz vun Dogma95. An do hat en aner Leit hannert sech stoen. Wann deen e Film mécht an dee geet gutt, dann ass dat Gléck. Ech ka mir ob allen Fall net virstellen, dat de Lars von Trier e Film mécht, fir ze schockéieren. Aus dem Alter ass en raus.

  5. May 20, 2009 at 12:08 am

    wat e Quatsch

    Un deem Saz erkennt een, dass du kee Kënschtler bass.😉
    Et geet guer net drëm, dass Milliounen vu Leit ee Wierk gutt fannen. Et ass och an der Rei, wann keen et gudd fënnt. An et ass schon absolut fantastesch, wann just eng Persoun op der ganzer Welt eppes aus dem Wierk kann fir sech eraushuelen.
    Ee Kënschtler schaaft net well e wëll, mee well en ëneren Zwang dozou verspiert. Dat ass wéi Waasser drénken oder Otmen, du *muss* et maachen well soss géings de zu Gronn goen.
    Ee Kënschtler, deen keng Kritik wëll, ass keen. Well nemmen duerch konstruktiv Kritik kann een sech selwer iwwertreffen.

  6. Pol
    May 20, 2009 at 12:18 am

    Thierry du schwetz mer aus der Seil,

    just daat ech fir mech geif Kritik duerch Reaktioun ersetzen, am wichtegsten ass daat Leit wahrnehemen waat ee mecht… oder daat een eppes mecht…

    well een sech jo matdeelen well

  7. Pancho
    May 20, 2009 at 1:35 am

    Lars von Trier + Pedro Almodóvar = Europa!

  8. May 20, 2009 at 8:17 am

    Ech sinn absolut d’accord, dass een eng ganz Rëtsch Saachen, wann net suguer alles, fir d’éischt mol fir sëch selwer mëcht. An dass et engem bei engem Deel vun dësen Saachen egal ass, wat anerer dovunner denken. Dat ass bei mengem Blog sou, dat ass bei Pianocktail sou, dat ass beim Lars von Trier sou.

    Mee och wann een eppes haaptsächlech fir sech mécht an ët engem usech egal ass, wat die aner dovunner denken oder déi eppes domadder ufänken kënnen, sou spillen ‘die aner’ awer trotzdem eng Roll soubal een säin ‘Wierk’ publizéiert!

    Wann een et wierklech NEMMEN fir sëch giff maachen, dann giff et duergoen, dass een, zb, e private Blog giff man, wou soss keen drop kënt oder e Film giff dréinen, deen ee just selwer kuckt .

    Dat ass jo awer weder bei eis nach beim Lars von Trier de Fall. Eist ZIEL ass et nët jiderengem ze gefalen, mee et ass och net éierlech ze behaapten die aner giffen guer keng Roll spillen!

    An ech wetten, dass et jidereen freet, och den Lars von Trier (ugeholl en ass net komplett loco), wann aner Läit säin Wierk appréciéieren oder eppes dovunner hunn. Mir sinn jo keng Autisten, oder?

  9. May 20, 2009 at 8:17 am

    Jo, gesinn ech och sou. Cf ënnen.

  10. May 20, 2009 at 8:18 am

    wann der Pianocktail nëmmen fir iech maacht, firwat hutt der dann net en privaten Blog?😉

  11. May 20, 2009 at 8:19 am

    Also ass d’Ziel jo awer d’Interaktioun mat, an d’Reaktioun vun, deenen aneren? Dat beweist jo dann, dass een d’Konscht nët nemmen fir sech selwer mécht.

  12. May 20, 2009 at 12:14 pm

    Gëschter hat ech keng Zäit mäi Pefferkär bäi ze ginn. Hei ass e lo.

    De Problem ass, du verstees d’Bedeitung vun “fir sech alleng maachen” als Ausso vun engem Filmregisseur net. E Film fir sech alleng maachen, bedeit net, dass een herno wëll de fäerdege Produit bei sech doheem am DVD Player leien hunn, an e kengem léinen. Et heescht duerch de Prozess goen, eppes opzeschaffen, sech eng mise en scène, eng Handlung, eng Metaphorik etc. auszedenken. DAT mengt de von Trier domat. Dee Prozess ass en fir sech alleng, fir sech selwer ze duerchliichten, ofgaang.

    An hues du wierklech grad dat Wuert “loco” benotzt? Dat muss jo bal déi fréiste Mid-Life-Crisis sinn, déi dës Welt je gesinn huet.

  13. May 20, 2009 at 12:46 pm

    Hehe, du bass wierklech en Pedant🙂

    Allerdëngs muss de bei dengen Interpretatiounen nach bëssen üben. Ech gesinn zb den Zesummenhang tëschent ‘loco’ and Midlife-Crisis net?

    Du misst mol en Buch eraus ginn mat adequaten Wieder a wéini a wou een déi däerf benotzen😉

    Zereck zum Lars: Mee wann den Prozess dat ass wat hien interesséiert, dann kéint en dach d’Resultat henno ënner Verschloss halen oder suguer direkt nees zerstéieren, an trotzdem hätt en seng perséinlech Satisfaktioun errecht? Säin eegent Bedürfnis (sech duerch en Film ze erfuerschen) wier jo dann gestëllt ginn. Egal op iergenden aneren de Film gesäit oder net.

    Oder ginn et nach aner Bedürfnisser vun him, déi mat erafléissen? Wéi zB, dass hien et awer flott a satisfaisant fënnt, wann och aner Läit säi Film appréciéieren? Oder och just, dass hien d’Suen, déi de Film (oder seng ‘perséinlech Introspektioun’) kascht huet, nees erakritt (fir sech oder de Produzent)?

  14. Pol
    May 20, 2009 at 3:59 pm

    De Chris huet awer recht, och wann en et eigentlech fir sech selwer mecht, kann en er trotzdem duerno weisen, well en et matdeelen well, desweideren muss en et jo weisen, well et net heen alleng ass deen de Film mecht.

    Produzenten an Techniker wellen och Geld dermatt verdengen, Schauspiller wellen gesi gin etc…

  15. May 20, 2009 at 4:08 pm

    Wann hien et matdeelen wëll, dann mëcht en et nët nemmen fir sech alleng, respektiv den Prozess vum Erschafen alleng geet him net duer!

  16. May 20, 2009 at 7:16 pm

    Wa mer all Akt an all Wuert duerchdefinéiere mussen, da kënne mer och um Schluss soen, dass en et vläicht publizéiert, well dëst fir hie selwer dat bescht ass. E mécht alles just fir sech – mä da sträife mer etheschen a psychologeschen Egoismus, an dat muss jo net sinn.

    Wierklech all Wuert esou op d’Wo ze leeën ass scho krass.

  17. May 20, 2009 at 8:05 pm

    Menger Meenung no maache mer souwiesou alles aus eegenen Motiver eraus (wat net heescht, dass mer all selbstsüchteg oder egoistesch am klasseschen Sënn sinn), mee dat ass eng aner Diskussioun😉

    An heiandsdo muss een halt Wieder an Akten kloer definéieren, wann ee kloer a richteg Aussoen maache wëll …

  18. Pol
    May 20, 2009 at 9:28 pm

    ech faerten dir denkt schon ze Komplizeiert, ee Film man kascht vill Geld, an daat muss och rem iergendwei rakommen, ob den Trier well daat et publizeiert get oder net.

    Een professionnellen feature ze dreihen ouni en ze publizeieren ass finanziellen selbstmord

  19. May 20, 2009 at 9:59 pm

    Natierlech wier dat finanziellen Selbstmord.

    D’Publicatioun ass jo dann eng Noutwennegkeet ouni dat ‘Sech-selwer-erfuerschen’ op deem héijen, sophistikéierten Niveau jo och net méiglech wier.

  20. May 22, 2009 at 3:12 pm

    De Lars von Trier muss sech em Suen keng Gedanken man. Dee kéint filmen wéi en sengen Kritiker ob de Kapp schäisst, déi géingen dat gudd fannen.

  21. Pol
    May 22, 2009 at 3:46 pm

    Thorben doremmt geet et net, et geet drem daat ee film minimum 5Milliounen Euro kascht, an dei Leit dei daat bezuelen hoffen jo daat de Film daat Geld rembrengt, an dofir muss en publizeiert gin, egal ob den Trier de Film lo nemmen fir sech mecht, oder ob en en fir de Pobst mecht.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: