Archive

Archive for June, 2009

Public viewing.

June 30, 2009 Leave a comment

Awer net esou, wéi an Däitschland deemools während der WM … Nee, am eigentlechen Sënn vum Wuert.

Categories: Gesellschaft

Blutrünsteg Kannergeschichten.

June 30, 2009 12 comments

8Kita_Arche_Noah

D’Arche Noah ass jo e beléiften Sujet vun Kannerbicher an desläscht sollt och ech mengem Neveu aus sou engem Buch virliesen.

Mee usech ass dat jo verréckt! Firwat soll een engem Kand eng Geschicht erzielen, wou en iwwerierdescht, aggressivt a brutalt Wiesen decidéiert seng eegen Kreatioun emzebrëngen? Radikal, jidereen, alles wat kreucht und fleucht! Duerch Ertränken Ausser enger Famill. An de Fësch natierlech.

Die Kannerbicher iwwersprangen natierlech ëmmer d’Beschréiwung, wou d’Déieren an d’Mënschen verzweifelt struewelen fir z’iwwwerliewen bis se dann op eemol awer erschöpft opginn, d’Waasser hier Longen fëllt an sie dann ‘endlech’ stierwen.

Och ginn natierlech all die zeg dausenden verwesend Kadaveren net mat engem Wuert erwähnt:

A wat soll een op Froen äntwerten wéi ‘Firwat hunn dann all die Puppelcher, Muppen, Kaatzen a Kéi och misse stierwen? Woeren déi och béiss?’ …

Mee den eigentlechen Message usech ass natierlech kloer: Lee dech net mat engem allmächtegen, allwëssenden, liicht reizbaren Diktator un!

Thorunn.

June 30, 2009 6 comments

Ech verstinn net, wat verschidden Läit un deem Thorunn fannen.

  • Et kann net wierklech sangen
  • Et huet eng nerveg (supposéiert ‘erotesch’) Stëmm
  • Sou flott ass et och net
  • Die Reklammen mat him wierken nëmmen bëlleg (an op mech negativ op de Produit)

Mee bon, les goûts et les couleurs …

Categories: Gesellschaft, Luxembourg

8.5

June 28, 2009 7 comments

Hu grad an engem Buch gelies, dass den Duerchschnetts-Amerikaner 8.5 Kreditkaarten besëtzt. Pas mal …

Ech hunn eng.

Categories: Gesellschaft

Angels on your body.

June 27, 2009 2 comments

Et ginn awer mëll Läit.

Dee Louis Theroux schéngt déck cool. Mol kucken op ech nach Doku’en vun him online fannen.

Categories: Religion/Philosophy, Video

Nawell Qualitéit!

June 26, 2009 Leave a comment

Den iPhone GS schéngt waasserdicht ze sinn!

Categories: Wired world