Home > Luxembourg, Politik > Sinn ech frou, wann die Wahlen endlëch riwwer sinn!

Sinn ech frou, wann die Wahlen endlëch riwwer sinn!

Wat geet dat mir alles op de Geescht. Dat Pabéier an der Bréifkéscht (flitt direkt an d’Recycling-Këscht), die penetrant Reklammen um Facebook (ginn ignoréiert), die nerveg Wahlspotten op der Tele …

En plus: die schwaarz-wäiss Biller vum Juncker wierken wéi Doudesannoncen (och wann dat jo wahltechnesch bestëmmt net passéieren wäert) … passt och bei seng momentan Verfaassung? E gesäit jo wierklech ëmmer schwaarz, behaapt keng Léisungen ze hunn etc … all aneren Politiker hätt domadder säin Doudesurteel ënnerschriwwen. Ausser dem Juncker natierlech. An die CSV-Spotten um Radio nerven och. Eng Stëmm, déi wéi zou engem klengen Kand schwätzt an eppes vum Monni Juncker erzielt. An deenen ganz Dommen, déi den Juncker net selwer wielen kënnen, gët zur Secherheet nach stänneg agedrummt, dass se jo dann awer d’CSV wielen kënnen. Well dat sinn jo ‘déi mam Juncker’! Coole Wahlslogan an -programm … Dat iwwertrompt nach dem Wolter Michi säin minablen Versuch fir mam Roude Léiw nees ze punkten.

Genausou nerven déi eefälteg Binetten vun den ADR-Läit op de Plakater. Unterschichten-Partei net nëmmen vum Programm hier. An die pénibel, opportunistesch a populistesch Kommentarer/Parolen vun Läit wéi dem Roy Reding, dem Roby Mehlen an dem Gast Gyberien brauch ech och net méi ze héieren. Allerdëngs fäerten ech dass déi Bräimettien eng Rëtsch % bäigewannen wäerten. Wat nët fir de Niveau vun verschiddenen Lëtzebuerger schwätzt. Mee bon, sie wäerten et halt nët besser wëssen …

Net ze vergiessen och d’DP mat hieren arroganten, gelecktenen Männercher, wou ausser Loft net vill dran ass. De Meisch kéint ech mer och gutt op RTL an enger ‘Tschakka – Du schaffst es’ Sendung virstellen. Ausser dass hien et natierlech nie packe wäert.

Mee eigentlech sollt dat hei just e kuerze Post ginn. Duerfir halen ech lo op. Die aner Parteien nerven mech och, global gesinn, manner oder sinn einfach ze kléng fir sech driwwer opzereegen.

Categories: Luxembourg, Politik
  1. June 4, 2009 at 2:42 pm

    Dat fannen ech awer net fair, dass den Här Armani, eh Här Boss, eh Här Bausch hei esou ignoréiert gëtt. Dobäi strengt dee gudde Mann sech dach esou un, eng Schläimspuer duerch de gesamte politesche Spektrum ze zéien, fir vläit endlech ee Koalitiounspartner ze fannen.

  2. June 4, 2009 at 2:47 pm

    Jo, bon, de Bausch nervt och. Mee eng Grëtz manner wéi die aner.

    Vive de Panachage …

  3. Dan
    June 4, 2009 at 3:01 pm

    Amen!

  4. June 4, 2009 at 3:40 pm

    Ech fannen den Här Bausch zwar nach een vun den agreabelen Politiker déi mer am Land hunn. Sécher ëm villes besser wéi den Här Meisch, deen jo mol soueppes vun nervt an hannert deem sengen Wieder näischt méi wéi waarm Loft stécht. Alleng schon dat Getuuts mam “Bildungschaos” (deen si jo selwer mat ënnerschriwwen haten, hallo Logik?) mëscht mech geckeg. D’DP klappt dach just op den aneren Parteien rëm an huet selwer näischt firzeweisen.

    Iwwert d’ADR muss een jo net vill Wieder verléieren, ech mengen dem Hellinckx säin Optrëtt bei RTL huet jo schon genuch ausgesot. Géint Schwulenbestiednis, wehement géint den Bäitrëtt vun der Türkei an der EU, an eng hondsmiserabel Immigratiounspolitik. Eng Partei mat deenen Attituden kann bei mir als Wieler sécher net punkten. Genau sou wéineg wéi d’CSV, LSAP, KPL, d’Biergerlëscht. Wat bleift iwwreg? Déi Gréng (mat deenen ech sws schon länger sympathiséieren, well si wuel een vun den eenzegen sinn, déi dat, wat se virun der Wal verspriechen, am konsquentesten duerchzéien), an déi Lénk, déi deelweis och Punkten hunn déi mer gefaalen, mä och net all.

    An mengen An ass den Walkampf schon ‘riwwer, den Här Meisch kann sech do nach ‘souvill den Batti stellen (an den Tom H. ‘souvill driwwer tweeten wéi schlecht déi aner Parteien dann sinn) wéi en wëll, mäin Choix ass getraff. Schon länger.

    Merci & äddi.

  5. Pol
    June 4, 2009 at 7:51 pm

    Tjo dCSV huet wierklech eng grausam mies Walkampagne…
    vun miesen Sprech wéi “déi mam Juncker” oder “de secheren Wee”, etc, bs hin zu deenen groen, kontrastfraien Fotoen, oder dem schlechten 3d Kinospot. Vu Walcampagne am Web 2.0 keng spuer…

    Den ADR em Geigendeel schengt villes richteg gema ze hun, Si hun zwar keng léisungen oder Inhalter (ausser bessen nationalisteschen kabes) mee si kennen et gudd verkaafen…

    Hoffe mer daat dLeit bis e sonndeg och bessen hannert dFacaden kucken…..

  6. June 4, 2009 at 10:30 pm

    Jo, den ADR ass als Partei zwar décke Schäiss, mee hier Kampagne ass definitiv mat die professionellst … Hoffe mer, dass der net zevill drop erafalen!

  7. June 4, 2009 at 11:30 pm

    Mais och Schaiss, den roud-waiss-blo lackéiert ass, ass nach emmer Schaiss. An daat riicht een. Hoffentlech hunn net all ze vill Leit den Schnapp.

  8. June 4, 2009 at 11:55 pm

    Ech froen mech muenchmol, op déi Leit, déi fir en Bäitrëtt vun der Tierkei sinn schon eemol iwwert d’Konsequenzen nogeduecht hunn. Well et heescht emmer direkt et wier een auslännerfeindlech, wann een géint de Bäitrëtt ass. Dobäi ass dat deen eenzegen Punkt, bei deem ech mech kéinnt mat der ADR ufrënnen. An ech sinn bestëmmt net auslännerfeindlech (hey, Lëtzebuerger maachen vläit 5% vu mengem Frëndeskreess aus!).

    Déi Gréng, jo bon. Ech hunn och emol emmer mat hinnen sympathiséiert. Mee wat dee Bausch sech eppes iwwerall aschläimt (och beim Juncker!!), dat ass jo net méi schéin. An ech hunn jo schon Erfahrungen mat de Gréngen. Wéi se bei eis an der Gemeng gewielt goufen, hunn se no e puer Wochen d’Handduch geworf an déi Blo un d’Rudder gelooss, well si näischt op d’Rei kruten.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: