Home > Edukatioun, Luxembourg, Politik > Bildungschaos.

Bildungschaos.

Wéi ët ausgesäit, a wann een dem Asseljhang seng Drohung eescht däerf huelen, dann wäert d’Mady jo weider wuerschtelen däerfen.

Vive de Bildungschaos an vive de weideren Dénivellement vers le bas! Diplomer (déi nët méi vill wäert sinn) fir jidereen! Hurra!

An ech bléiwen bei menger Meenung, dass et bësser ass ze kucken, fir déi, die Schwieregkeeten hunn materop ze zéien, wéi die aner kënschtlech ze bremsen oder suguer erof ze zéien. An die clever Schüler, oder déi, die d’chance hunn clever/motivéiert Elteren ze hunn, wäerten trotzdem ëmmer besser sinn. Enner anerem och well se doheem gefuerdert an gefördert ginn!

A stëmmt dat, dass een elo an der Primärschoul die éischt 2-3 Joër schräiwen kann, wéi een wëll??? Dat ass jo ridicule. An dat versprëcht jo fir d’Reform vum Secondaire … wou een jo souwiesou schon drop an dowidder kompenséieren kann?

Disclaimer: verstitt mech lo net falsch, ech sinn net per se géint d’Lasep, sie hunn och verschidden gutt Iddien op aneren Pläng. An ech wees, dass d’Edukatioun en komplext Thema ass an dass eise Bildungssystem muss reforméiert ginn. Awer net egal wéi. Ech misst mech och mol méi mam neie Lycée beschäftegen. Dee schéngt e puer wierklech interessant Usäz ze hun.

Categories: Edukatioun, Luxembourg, Politik
  1. denjclaude
    June 8, 2009 at 9:10 am

    Dat Ganzt erënnert mech emmer mei un dem Rand sein Atlas Shrugged oder dem Vonnegut sein Harrison Bergeron.

    Zum Vonnegut sengem Text kënnt demnächst och en Film eraus:

  2. June 8, 2009 at 9:16 am

    Gesäit net oninteressant aus!

  3. June 8, 2009 at 1:11 pm

    Ech kennen e puer Leit déi am néie Lycee schaffen an vun dem waat ech esou matkréien sinn do mengen ech ziemlech vill gudd Unsätz dran. Och wichteg daat et einfach eng Alternative ged.

  4. June 8, 2009 at 1:16 pm

    Jo. Mee wat genau sinn d’Ennerscheeder tëschent dem néie Lycée an deene Tricken, déi d’Mady ausprobéiert?

  5. June 8, 2009 at 2:15 pm

    De B.? Ech weess net, mee wann ech mer deen als Proff virstellen…

  6. June 8, 2009 at 6:02 pm

    Wou kann een am Secondaire dann drop an derwidder kompenséieren? Dat ass mir nei.

  7. June 8, 2009 at 6:06 pm

    Ech hunn et mol sou erkläert kritt:

    Verschidden Fächer, déi fréier eenzel woren, sinn ënnert ‘Sciences’ zesummengefaasst an ginn als een Fach verrechent. Ech mengen et sinn Bio, Chimie & Physique?

    Huele mer un du hues do 3 liicht Dazen, dann hues de an den Sciences eng liicht Datz. Par conter hues de an de Sproochen, déi jo nach eenzel zielen (sou wäit ech wees?) iwwer 40, dann kanns de dat ‘eent’ Fach (Sciences) kompenséieren, hues awer usech 3 Fächer kompenséiert!

    Zu menger Zäit wier dat zb net gaang. An et gouffen nach aner sou Beispiller.

  8. June 8, 2009 at 8:24 pm

    Am Classique hues du op 3e op allen Sektiounen Chimie, Physique an Bio an kanns se och iwwerall kompenséieren, well se keng “Branches fondamentales” sin. Op 2e hues du dann just nach op der B,C an op der E Chimie, an Physique nëmmen nach op der B an op der C. Biologie ass souguer nëmmen nach exklusiv op der C vertrueden. Eng C kann keng Chimie an keng Bio kompenséieren (“branches fondamentales”) an eng B kent Physique (idem). D’E kann Chimie labber kompenséieren. Am cycle supérieur ginn déi Fächer net zesummengezielt, sie ginn eenzel gehandhabt an net gebündelt.

    Am Cycle inférieur (Ech mengen am LMRL ass dat dëst Joer fir d’éischt sou) hunn d’7e Schüler och “sciencen”, mat 1-2 Stonnen d’Woch (weess lo net genau wéivill), an dat gëtt dann mat Bio zesummen als Sciencen verrechent. Fir dass déi kleng eben eng kleng Introduktioun zu deenen Themen kréien. Dëst ass en Niewenfach, dat opgespléckt ginn ass (fréier war et nëmmen Bio, an lo sinn d’Stonnen ënnert Bio, Chimie an Physique opgespléckt ginn). Zesummen zielt dat dann als Sciencen Fach. Fannen ech net weider tragesch an derwäert sech opzereegen. Déi héich Klassen (vun deenens du schwätzt) kënnen näischt bündelen.

    Déi 3t Optioun wou et gëtt ass, dass op 4e d’Schüler all Trimester een Fach firgestallt kréien: Eco, Chimie an Physique, d.h. sie hunn een Trimester laang eent vun deenen dräi. Ween an der Joresmoyenne eng Datz huet an en Noexamen schreiwen muss, muss an 3 Fächer en Noexamen schreiwen.

  9. June 8, 2009 at 8:30 pm

    Merci fir déi Explikatiounen. E Prof aus dem Secondaire hat mir deemools e Beispill ginn, wou een mat 4 oder 5 Dazen duerch komm wier. Dat hunn ech krass fonnt, pardon …

  10. June 8, 2009 at 8:35 pm

    Dann war en soss awer en gudden Schüler, wann en d’Moyenne hat fir ze kompenséieren. Ëmmerhin zéien sou Datzen zimmlech roof.😉 Ob 5 Datzen realistesch sinn weess ech net, well du hues just eng gewëssen Zuel un Koeffizienten zegutt, bis dasste direkt duerchfälls. Wann dat elo op enger 7e war, den Kandidat an den Sciencen eng Datz hat an dann nach am Molen, ass dat awer duerchaus méiglech. Mee wann en elo nach an 1-2 Hapfächer eng Datz gehat sollt hunn, wier en wahrscheinlech riicht duerchgefall.

  11. June 8, 2009 at 8:43 pm

    Et ass trotzdem en Denivellement vers le bas well dat ass bei eis deemools net gaang.

    Do haten se grad mol ageféiert, dass de ENG liicht Datz konns kompenséieren, wanns de eng generell Moyenne vun (ech mengen) 42 haas?

    Mee geschwënn wäerten se d’Punkten jo souwiesou ganz ofschafen, dann erleedegt dës Diskussioun sech och … ;(

  12. June 8, 2009 at 10:41 pm

    Ech wetten wou de Grommel kleng waar huet sech déi eeler Generatioun och opgereegt, daat et elo géif Tintekilleren ginn an keen méi ordentlech schreiwen géif léire.

  13. June 9, 2009 at 6:35 am

    War dem Grommel seng Generatioun net déi, déi als éischt op Schiefer geschriwwen huet?;)

  14. June 9, 2009 at 8:02 am

    De Grommel kann dach guer net schreiwen.

    😉

  15. June 9, 2009 at 8:06 am

    Wat huet dat mat der Qualitéit an dem Niveau vun deem ze dinn, wat een léiert oder op wat een gepréift gët?😉

    Mäi Papp huet allerdëngs zb nach wéi hien kleng woer, sengem Papp all Moies beim Kaffisdësch Lateinvokabelen opsoen missen … Hätt ech mer och schon net méi virstellen kënnen …

    Mee sou änneren sëch d’Saachen iwwert Zäit. Muenches zum Gudden, muenches zum Schlechten.

  16. June 9, 2009 at 8:06 am

    Ah, schéin ze gesinn, dass mer mol rem enger Meenung sinn!!😉

  17. June 9, 2009 at 4:49 pm

    Daat huet net onbedengt eppes mam Niveau ze dinn. Mee ech well just domadder soen daat “Freiher waar alles besser, mir haaten et VILL méi schwéier” net onbedengt en gudd Argument ass. Den luesen Anstieg an Chemie- an Physikuntericht ass néi an fannen ech zB. eng gudd Saach.

  18. June 9, 2009 at 8:15 pm

    Et woer sécher net alles besser. Wann awer hautzudags d’Zuel vun Diplomer just gehéijt ka ginn, well d’Critèren erofgesat ginn, dann ass dat awer sécher och net besser …

  19. G.
    June 10, 2009 at 7:30 pm

    @claud^e

    genau sou ass dat och am Technique.
    Branche Fondamentales kann een net kompenseiren. Niewefächer kann een kompenseiren, ennert verschiddenen Bedingungen.
    Eng Note ennert 20 kann een net kompenseiren.
    Wann een eng Joeresmoyenne ennert 36 huet kann een net kompenseiren.
    Eng Joeresmoyenne vun 36-37 kann een eng Datz kompenseiren. Eng Joeresmoyennen vun 38-39 kann een 2 Datzen kompenseiren. Eng Joeresmoyenne iwwert 40 kann een alles kompenseiren.
    Do muss een awer dobaiflecken, een deen eng Joeresmoyenne vun 40 huet deen huet och keng 3 Datzen.
    Sou einfach ass dat ganzt also och rem net. Ech denken och dat et sennvoll ass wann een zwee schwächelnd Punkten huet awer soss an den Fächer eng uerdentlech Nott huet, dei och kompenseiren kann.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: