Home > Gesellschaft, Luxembourg, Politik > Eise Staats’chef’.

Eise Staats’chef’.

Wat as dat ëmmer e lächerleche Kasperletheater, wann de Premier bei den Heng pilgert fir deem d’Démissioun vun der Regierung ze ‘proposéieren’ an dann gët den Heng him den ‘Optrag’ fir eng nei Regierung ze bilden an patta patta.

Sie sollen dat einfach sinn lossen. En plus gesinn ech den Heng net als Chef, mee als Maskottchen. An do sinn ech bestëmmt net deen eenzegen. De Grand Duc soll repräsentéieren a soss ignoréiert ginn. Ass jo net, wéi wann hien wierklech a. eppes wéisst an b. ze soen hätt.

  1. June 8, 2009 at 8:26 pm

    Dat sinn just Formalitéiten, den Grand-Duc kritt bei der Ernimmung vun den Ministeren vum JCJ alles firdiktéiert.

  2. June 8, 2009 at 8:31 pm

    Ech wees. Duerfir soen ech jo, dass et en dämlechen Kasperletheater ass. Zumools wann den JCJ sech sou ausdréckt, wéi wann den Heng do irgendeng wichteg Funktioun hätt …

  3. June 8, 2009 at 8:41 pm

    Du IDENTIFZIERS dech net mam Heng? Du bass jo guer keen richtege Letzebuerger! Ech fannen du solls net méi wiehle dierfe goen! Lo so och nach, du häss Kachkéis net gäre?

  4. June 8, 2009 at 8:50 pm

    Geet sou😉

  5. June 8, 2009 at 8:58 pm

    Herr Frieeeddddddeeeeeeeeen! Direkt an den Centre de Retentioun mat dem Verräter! No bessi waterboarding seet en eis bestemmt, wou en WIERKLECH hier kennt!

  6. June 8, 2009 at 9:09 pm

    🙂

  7. June 9, 2009 at 1:04 am

    nemme richteg sou Joel, deen grommel geheiert op Suessem oder and d Hollereger Stroos oder op Schrasseg!

  8. June 9, 2009 at 6:34 am

    Am bäschten op déi 3 Plaatzen gläichzäiteg.😉

  9. June 9, 2009 at 8:07 am

    Dat huet een also dovunner, wann een dir zwou Stëmmen gët!😉

  10. Pol
    June 9, 2009 at 8:34 am

    Wei schleis de dann vir daat mer eng Regierung kreien sollen?

  11. June 9, 2009 at 8:49 am

    Huh? Sou wéi se dat an aneren Länner maachen, wou mer keen sou en Kasperle hunn!

    Et ginn Wahlen, die al Regierung gët opgeléist, die nei agesat. Färdeg.

  12. Pol
    June 9, 2009 at 9:07 am

    Muss jo awer een dei zu Ministeren ernnen? an Frankraich hun se jo zB dofir den direkt gewieltenen President. An den USA och…

    bai eis muss awer lo een soen ween dRegierung bilden soll. Wann dCSV lo keng Koalitioun opstelle kann, muss jo dann dLSAP gefroot gin etc… iergendee Kasperle muss et awer man…

  13. June 9, 2009 at 9:10 am

    No wat fir Critèren décidéiert den Heng dat?

    A wann den Heng rational Critèren dofir huet, dann kéint een déi och an e Gesetz man. An da brauche mer keen Kasperle méi.

    Wann et awer onbedengt misst sinn, da kéinte mer jo nach ëmmer een wielen.

  14. Pol
    June 9, 2009 at 9:22 am

    heen hellt de spetzekandidat vun der hechstgewielter Partei, wann deen et et net schafft dann deen vun der 2ter etc, an Noutfalls keint en jo nach (wei et zB an der Belsch scho geschidd ass) een pensioneierten oder anerwaertesch beschäftegten Politiker huelen deen guer net op enger lescht war. Ass zimmlech subjektiv dat ganzt, well dExekutiv jo net gewielt get….

  15. June 9, 2009 at 11:24 am

    Maja, kann een déi Spillregelen net als Gesetz festléen? Vu dass den Kasperle jo souwiesou näischt wierklech selwer decidéiert?

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: