Home > Luxembourg, Politik > Wahlen 2009.

Wahlen 2009.

1e18f653e68b79d569f022351e9249c6

E puer onqualifizéiert Bemierkungen zu de Wahlen.

Allgëmeng:

  • Et woer flott an interessant an engem Wahlbüro ze schaffen. Gären erëm.
  • D’Bezierker sollten ofgeschaaft ginn an et sollt national Lëschten fir d’Parteien ginn.
  • Endlech keng Wahlreklammen méi!

National:

  • CSV: Naja, die 2 zousätzlëch Sëtzer hätte nët misse sinn. De Felix Eischen schéngt ëmmer nach vill Fans ze hunn. An de Premier ass mer ze oft ze emotionell a Stress-Situatiounen an der Läscht …
  • LSAP: Wäert jo wuel den Koalitiounspartner bléiwen, da kann se och net zevill géint d’CSV schéissen. Den Asseljhang bléiwt en Schnësser. An engem aneren Post méi zu engem Aspekt vun der Partei.
  • DP: De Schönling ass nach méi ofgesackt. Witzeg, dass de Bettel méi Stëmmen krut wéi d’Brasseur an d’Polfer. Stierwen Stammwieler vun der DP sou lues aus?
  • Die Grëng: Erstaunlech gutt gehal an dësen Krisenzäiten.
  • ADR: Positiv Iwwerraschung. Erstaunlech an d’Gëtten gaang. Mol keng Fraktioun méi! Hoffen domadder verschwannen sou Blanien wéi den Mehlen, de Reding, de Kartheiser a Konsorten vun der Bildfläch. An all hier nerveg Wahlplakater.
  • Die Lénk: fannen ech gutt, dass déi rem e Sëtz hunn. Op d’Käschten vun der Lasep.
  • D’Kommunisten an d’Biergerlëscht: Jo, wat soll een do vill soen?

Europa:

  • CSV: Schued dass déi nees 3 Sëtz hunn. Die zwou Bomien an deen onsympatheschen Bechert.
  • LSAP, DP: die zwee sinn ok
  • Die Gréng: de Super-Thurmes!
Categories: Luxembourg, Politik
  1. Pit
    June 8, 2009 at 10:49 am

    “D’Bezierker sollten ofgeschaaft ginn an et sollt national Lëschten fir d’Parteien ginn.”
    Dem stëmmen ech voll a ganz zou. Ech hunn d’Halschent vu menge Stëmmen eidel gelooss, well ech net genuch ( a menge An) qualifizéiert Leit a mengem Bezierk hat.

  2. Pol
    June 8, 2009 at 11:24 am

    wéi wells de der dann 60 fannen?

    dBezierker sen eng gudd Saach, soss setzt iergendwann keen aus dem Osten oder dem Norden mei an der Chamber, an da gin déi Regiounen nach just mei geschwächt!

  3. Patrick
    June 8, 2009 at 12:22 pm

    Sin keen DP-Wieler, mee wann een gesait wéi vill Stemmen den Goerens bei den Europawahlen krut (111 589), dat sinn 56.2% vun den gültegen Wahlziedelen, hätt ech der DP een Slogan fier d’nächst Wahlen ze proposéieren, DP déi mam Goerens😉

  4. June 8, 2009 at 12:34 pm

    haha, gutt Iddi!

  5. June 8, 2009 at 1:02 pm

    Hunn den Asseljang an den JCJ grausam fonnt an der Elefantenronn. Déi hätten sech allenzwee bessi rappe kennen.
    Daat ech den lénke Setz gudd fanne, iwerrascht wahrscheinlech keen, genausouweineg wéi meng Meenung zu denen aaneren Partei wuehl bekannt ass.

    Ech sinn och fir d’Ofschaafe vun de Bezierker. An dann kann een sech iwerleen, op Panaschéire misst sinn…

  6. June 8, 2009 at 1:04 pm

    Panachéieren ass awer gutt fir Läit wéi mëch, déi sech net décidéieren kënnen oder fannen, dass iwwerall niewent schlechten Iddien och gudder sinn … op et awer lo wirklech eng efficace Strategie ass, ass eng aner Saach.

    Mee opmanst INNERHALB vun enger Partei misst ee weierhin panachéieren kënnen!

  7. June 8, 2009 at 3:57 pm

    Kann ee mer präziséieren wéi d’Ofschafe vu Bezierker soll hëllefen?

    Wéi ech et gesinn, bedeit dat dann, dass jiddereen 60 Kräizer (oder eng Lëscht) wielen dierf, an dass d’Ost- an Nordpoltiker doheem bleiwen dierfen. Bescht Beispill: dem Jos Scheuer säi Resultat an den Europawalen, als Chambervizepräsident an 25 Joer laang Deputéierten, gëtt e just Véierten? Dat weist de Wee, deen sou Lëschten mat sech bréichten.

    Einfach just soen, dass ee géint Bezierker ass, fannen ech ass net genuch. D’Land muss weider gläichméisseg representéiert ginn.

  8. June 8, 2009 at 4:11 pm

    Jos ween? Villäicht läit dat dorunner, dass de gudde Mann nie richteg opgefall ass, national? Op alle Fall mir net. Wat awer och näischt heescht. An Vize-Präsident vun der Chamber an Deputéierten ze sinn seet jo alleng awer och net vill aus?

    En plus hunn déi 5 hannert dem Goebbels +- d’selwecht vill Stëmmen. An de Goebbels ass jo definitv een vun de Schwéiergewiichter … normal, dass deen am meeschten Stëmmen kritt.

    Mee Lëtzebuerg ass esou e klengt Land. Musse mir och hei alles esou opsplécken? Resp. denken mir wierklech sou kleng karéiert, dass eis Ministeren wierklech ëmmer just no hieren eegenen Gemengen giffen kucken an déi giffen priviligéiert behandelen??

  9. June 8, 2009 at 8:57 pm

    Lëtzebuerg ass e klengt Land, kloer. Mä dee Moment wier et onméiglech fir Ost- an Nordpolitiker an d’Chamber ze kommen, well d’Leit virun hierer Hausdir wielen. A wann da vläicht ee vu Mertert säi Buergermeeschter, nieft Asselborn, Juncker etc. wielt, sou maachen d’Escher, Déifferdenger, Suessemer asv. genee dat och, an de Merterter bleift doheem.

    Wann mer eng Lëscht fir d’ganz Land hunn (woufir ech sinn, well engem Ostler seng Stëmm national manner wäert ass), da muss awer eng der Geographie vum Land ugepasste Sëtzverdeelung dobäi sinn.

    (De Jos Scheuer war 12 Joer laang Buergermeeschter vun Iechternach, säi Jong ass am Osten elo quasi an d’Chamber gewielt ginn. E krut ni e Ministerposten, well et nun emol just ee Ministerposten fir LSAP-Politiker an Osten/Norden gëtt, an deen ëmmer vun engem anere beluecht gouf. Soss wier e vläicht méi bekannt. Heen huet iwwregens d’Schoulreform an d’Weeër geleet.)

  10. June 8, 2009 at 9:09 pm

    Wat fir eng Schoulreform? Mir haten der x desläscht …

    An MINISTEREN sinn supposéiert national ze denken. A net fir just wat hierem Duerf am beschten kënnt. Also wier et egal vun wou se kommen.

    Fir die kommunal Saachen hätt een jo nach ëmmer d’Kommunalwahlen an deen alen System.

  11. Pit
    June 8, 2009 at 10:02 pm

    Ech setzen am Süden, an ech hätt der nawell gär e puer am Norden an am Zentrum gewielt (Osten kann ech net soen well ech do d’Lëschten net gekuckt hunn)

  12. June 8, 2009 at 10:15 pm

    Ech mengen déi grouss Schoulreform.

    Ech hu jo net gesot Minsiteren géifen net national denken. Ech hu gesot, dass et wichteg ass Politiker vun all Deel vum Land an der Chamber ze hunn, an dat wier dee Moment relativ onwahrscheinlech.

  13. June 9, 2009 at 8:01 am

    Richteg. Ech hätt zum Beispill och engem Nancy Kemp-Arendt oder engem Camille Gira Stëmme ginn, wann ech konnt hätt.

  14. June 9, 2009 at 8:03 am

    Mee Lëtzebuerg ass esou kleng, musse mer dat wierklech nach eng Kéier a 4 Bezierker opdeelen?

    Gutt an engagéiert Politiker maachen sech bemierkbar vun egal wou se kommen, a géiffen dann och gewielt ginn, wann se net aus deem selwechten Kaff kommen.

    Momentan sinn dach sou vill onqualifizéiert an onkompetent Lückenfüller op deene Lëschten!!!

  15. Pol
    June 9, 2009 at 8:26 am

    Sportlerin???

  16. June 9, 2009 at 8:30 am

    Seng Ried an Astellung zur Euthanasie hat mer gefall, zumools innerhalb vun der CSV. Sou eppes hätt ech mat zwou Stëmmen belount.

  17. Pol
    June 9, 2009 at 8:31 am

    Echt weilt och net mussen fir dGanzt Land wielen, well ech dei Leit all net kennen. Am Norden kann ech Leit stemmen matt deenen ech virdrun geschwaat hun a wou ech wees ween daat ass. Bai 7 oder 9 Stemmen geet daat ganz gudd, a bestemmt och nach iergendwei bai 23, mee bai 60 ass daat scho nemmei meiglech.

  18. Pol
    June 9, 2009 at 8:35 am

    mierkt een das du daer mei haas😉

  19. June 9, 2009 at 8:47 am

    Kenns du dann déi 21 vun all Partei déi op denger Lëscht stungen (falls de am Zentrum wielen woers)??

    Also ech net. Do kennt een dach just e puer Nimm, an haaptsächlech déi, die national irgendwéi rausgestach hunn. De Rescht sinn dach Lückenfüller!

    Da wéilt ech léiwer aner Läit wielen kënnen, déi ech wéinst hieren Astellungen oder Aktiounen gutt fannen, och wann se net aus mengem Kouduerf kommen.

  20. June 9, 2009 at 8:49 am

    Pol:

    Dass ech méi wat hat? Stëmmen? Jo, genau 21😉

  21. Pol
    June 9, 2009 at 9:04 am

    ech hun am norden gewielt, a matt deenen 5 hun ech schon geschwaat, a wees genau ween ech gewielt hun …

  22. benem
    June 9, 2009 at 11:05 am

    @Grommel, du sees jo selwer dass de vun deenen 21 am Zentrum der vill net kenns.

    Dann stell der lo mol dain Wahlziedel fir, mir am Norden haaten 72 Kandidaten fir 9 Mandater. Ech well net wessen wéi laang een amgang as, fir bei 60 Mandater ennert deenen 480 Kandidaten um Wahlziedel éischtens mol déi remzefannen, déi een wielen wëll, dann muss een sech jo well een Knaipziedel mathuelen😉 an enplus wëll ech net wëssen, wéi lang een dann amgang as, fir déi 10 Saiten Wahlzeidel oofzeschaffen.

    Dozou kommen dann nach déi Punkten déi den Chris ugeschwat hätt, dat wier zum Nodeel vun den Posten fir den Norden an Osten .

  23. June 9, 2009 at 11:23 am

    Ma nee, da ginn et einfach manner Kandidaten! Die ganz Lückenfüller fléien eraus.

    Mee du hues schon Recht, 60 Stëmmen ze verginn wier dann e bëssen vill … dat giff dann natierlech och d’Panachéieren a Fro stellen an op een halt net einfach mat enger Eischt-Stëmm an Zweet-Stëmm fueren sollt (wéi an aneren Länner). Mee d’Panachéieren ass natierlech flott … bëssen wéi bei Eurovision Song Contest!😉

  24. benem
    June 9, 2009 at 11:25 am

    bei 60 Stëmmen mussen et awer och souvill Kandidaten gin, soss huet eng Partei jo net d’Méiglechkeet déi (theoretesch) 100% vun de Sëtz ze kréien😉

  25. June 9, 2009 at 11:57 am

    Laut dem Quotidien vun haut hätten d’Resultater effektiv och aanescht ausgesinn, wann et jhust een Wahlbezirk giff ginn. Deemno hätt dann d’CSV jhust 23 Sëtz amplaz 26, d’LSAP 14 amplaz 13, Déi Lénk 2, a souguer d’KPL hätt ee Setz kritt (wann et keng 5%-Hürd oder ähnleches gett). Fir d’DP, den ADR an déi Gréng giff et keen Ennerscheed maachen.

  26. Luc
    June 9, 2009 at 12:23 pm

    Eben genau géing d’Oofschaafen vun den Bezierker derzou féieren dass d’lokal Uleies’en vun den Kandidaten net iwwert national Prioritéiten kann entscheeden. Wann een am Zentrum kann méi perséinlech Stemmen kréien an deems een zu Stroossen versprecht d’entrée’s Präisser vun der Piscine roofzesätzen (wou een se selwer sou festgeluecht huet) wéi een deen sech een nationalen Sujet bekemmert awer dommerweis vun Miersch kennt, dann ass och daat net richteg. Bei enger circonscriptioun muss eben jiddfer Kandidat sech em d’Inhalter vun der nationaler Politik kemmeren an net em sain Duerf, duerfir sin d’Gemengewahlen do. En plus géing daat den Parteien erméiglechen sech ganz aanescht opzestellen. Am Plaaz fir all Bezierk Comitéen ze grënnen, kéinten se inhaltlech Gruppen bilden an soumadder och hier Leit an déi eng oder aaner Politikspart spezialiséieren. Eng eierlegende Wollmilchsau get och an der Politik net. En plus gleewen ech un d’Demokratie, wann et geing een Ausräisser gin dass eng Kéier manner Personalitéiten aus engem Eck géingen gewielt gin, dann geing den Wieler daat déi nächsten Kéier bestemmt iwwerdenken. Een aaneren Punkt ass nach deen dass d’Bezierker näicht méi matt der aktueller politischer Landschaft ze din hun (vun IVL schwätzen mier mol guer net). Sou ass d’Fiels an der circonscriptioun Zentrum, daagdeeglech huet se awer méi matt dem Osten ze din (Member am Naturpark Mëllerdall, Distanzen etc.). Oder Koplescht (daat ass och den Bridel) an Mamer déi wesentlech méi gemeinsam hunmatt Miersch an der Stadt wéi matt Déifferdéng an Esch/Uelzecht.

  27. June 9, 2009 at 1:54 pm

    Interessant Observatiounen!

  28. Pol
    June 9, 2009 at 8:18 pm

    das awer nemmen dRechnung vum Quotidien😉 denken daat dWort do geif ganz anescht rechnen…. den JCJ de Frieden an de Biltgen duerch dGanzt Land wielbar geif och do vill fir dCSV man ….

    de Quotidien ass do net immens objektiv😉

  29. June 9, 2009 at 8:45 pm

    Leschtenwahlen. An eng Vorzugsstimme. Dann muss een sech entscheeden.

  30. Pol
    June 9, 2009 at 9:50 pm

    Ech geif et souguer gudd fannen puer Gemengen aus dem Süden an dem Zentrum zu engem Beziirk Westen ze man, fir do mei Glaichgewiicht dran ze brengen…

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: