Home > Gesellschaft, Luxembourg, Politik > Integratioun.

Integratioun.

Am Kader vun Diskussiounen em d’Integratioun vun Auslänner/Net-Lëtzebuerger gët jo ëmmer vill vun de Lëtzebuerger verlaangt: dir sollt dat man, dir musst dat man, dier däerft net dat do man, etc.

Mee wat gët dann eigentlech am Géigenzuch vun den Auslänner/Net-Lëtzebuerger verlaangt?

Oder musse just d’Lëtzebuerger eppes maachen? A wann jo, firwat?

D’Gefohr vun sou enger Eenseitegkeet (oder opmanst déi Impressioun) ass, dass se zu Frustratiounen oder Extremer feieren kann. Wouvunner dann sou Nucki’en wéi die vun der ADR profitéieren kéinten. Duerfir sinn ech och géint d’ASTI. Där hier Approchen radikaliséieren die aner Säit nëmmen. An dat bréngt jo och näischt.

An jo, ech wees, mir sinn e klengt Land, dofir si mer och an enger spezieller Situatioun, wou et keng ganz einfach Léisungen gët a wou Approchen aus méi grousser Länner net ëmmer ubruecht oder realistesch sinn.

Menger Meenung no ass och d’Problematik vun der Sprooch kruzial an deem Ganzen. An dass verschidden Sproochen et net einfach maachen, gesäit een jo och an der Belge, déi jo och net immens zesummenhält … Wéi man d’Schwäizer dat dann? Ass do alles Friede, Freude, Eierkuchen oder kréie mir vun deene Problemer just näischt mat? Besteet do eng grouss Interaktioun tëschent deenen verschiddenen Mammesproochler?

  1. June 9, 2009 at 1:28 pm

    Ech sin voll denger Meenung. Wu ech bis een CSV Plakat op portugiesesch gesin hun war et bei mir eriwer mat Toleranz… geigeniwer den portugiesen!

    Ech fannen et ass een minimum un Respekt fir di Sprooch vum Land wu een wunnt ze verstoen (oder zumindest probeieren). Et ass jo net wei wann Letzebuerg just eng hät.

    Alles schein an gudd wann d’Hürden aus dem Wee geholl gin, mee wann Letzebuerger schon ufänke mussen eng friemsprooch ze leieren fir sech an hierem eegenem Land kennen ze verstännege… (där Fäll kennen ech)

    Wi een su schein seet: “Et kann een den Iesel nemmen bis bei d’Waaser feieren” Ween net drenken well ging ech eiskaal lenks leien loosen.

  2. June 9, 2009 at 1:54 pm

    Du hues jo selwer portugiesesch Originnen, gell?

    Just fir dass keng Messverständnisser opkommen😉

  3. June 10, 2009 at 4:26 pm

    Euhm jo, sin 100% P ^^

    Mee ech schwetzen seelen portugiesesch, souguer wann ech wees dass main Geigeniwer Portugies ass. Ech fannen dass d’Majoritéeit vun den Auslänner hei zu Letzebuerg sech vill ze vill Privilegien an op keen Rücksicht huelen. An daat kann jo awer net sin.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: