Good Copy, Bad Copy.
Ech muss zouginn, dass ech dës ‘Pirate’ Bewegung am Ufank mëssverstan hat. Och wéinst dem Numm.
Mee an der Tëschenzäit hunn ech den ‘The Pirates Dilemma‘ gelies an mëch och iwwert d’Piratenpartei a Schweden informéiert. Dat kléngt alles wierklech interessant an dat meescht mécht en effet Sënn. Si gespaant, wéi dat weidergeet! Die Grëng haten och eng Kéier kleng ugefaangen …
Hei och eng Doku déi een sech bei Piratebay roflueden kann (a wann se gefällt, kann een eppes spenden, wat ech e gudde Businessmodel fannen): ‘Good copy, bad copy‘.
Categories: Gesellschaft, Video, Wired world
Es geschen noch Zeichen und Wunder. Nach esou eng an ech gewanne mai Glawe wierklech zereck.
🙂