Home > CurrentReading, Perséinleches > Giving paper a chance.

Giving paper a chance.

Ech hu festgestallt, dass ech online zwar vill Buchstaawen konsuméieren, mee dass dat oft vill méi iwwerflächlech passéiert, wéi wann ech eng Zeitung oder e Buch aus Pabéier liesen. Wat och souwiesou méi agreabel fir d’Aan ass.

Duerfir hunn ech mech lo mol suwuel bei Newsweek (39 Euro fir 52 Ausgaben!) wéi och beim Lëtzebuerger Land abonnéiert.

  1. June 16, 2009 at 10:29 am

    D’Newsweek haat ech och (fir dee selwechten Präis), an am léifsten hat ech emmer den Chefredakteur (Fareed Zacharia) seng Kolumnen gelies.
    Säitdem ech a Schottland liewen liesen ech och Zeitung (de Guardian) an ech hun schon alleng deen ganzen Theater ronderem gären: Aus dem Haus goen bei den Paki, Zeitung kaafen, dann heemkommen, Zeitung auserneen faalen, déi eenzel Deeler auserneen Faalen, de Sportdeel wechgeheien, dee Geroch vu Pobeier etc.

  2. June 16, 2009 at 10:50 am

    Ech liesen och immens gären Zeitung moies beim Kaffidrenken. Nach vill leiwer regen ech mech dann driwer op, wéi schlecht alles ass, dofir ass et dann och gudd, daat meng Eltren d’Tageblatt an d’Wort abonéiert hunn. An trotzdem hunn ech d’Gefill, daat Buchstawen op Pabéier just en schlechten Ersatz fir daat sinn, waat ech am Internet liese kéint.

  3. June 16, 2009 at 10:52 am

    Ganz denger Meenung! An ech fannen den Zacharia och gutt.

    Zeitungliesen hëlleft och mäin ADD am Grëff ze halen, am Géigensaz zum Internet!😉

  4. June 16, 2009 at 10:59 am

    Du mells dech och bestëmmt als éischten fir Cyborg-Tester, richteg?😉

    Stell der fir, dann kéins de 24h/24 twitteren (suguer aus dengen Dreem eraus, wanns de schléifs) an dat an engem Meeeeegaspeed!!!🙂

    De Problem mam Journalismus haut ass natierlech, dass alles sou séier geet, dass alles permanent online ass, etc. Do geet vill Déift an Hannergrondwëssen verluer.

    Vergläich dat mol domadder, wéi Journalisten (RICHTEG Journalisten) an den 60er, 70er aus dem Vietnam, Indochina, etc bericht hunn. Dat huet natierlech och just eng Elite deemools wuel gelies …

    Haut huet een natierlech Blogger, Twitterer, etc, déi jo och zum Deel hier Berechtegung hunn an direkt Ablécker an eng Gesellschaft ginn, wéi dat fréier net méiglech woer. Mee et ass halt och esouvill irrelevanten, oninteressanten, iwwerflächlechen Sch**ss dorënner.

    Qualitéitsjournalismus (oder vun mir aus och Bloggen) hëllt einfach Zäit. Fir en ze crééieren AN fir en ze liesen. Béides schéngt haut net méi selbstverständlech. Alles muss séier, séier goen …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: