Home > Film, Video > Cheesefest.

Cheesefest.

De neien Trailer fir dem Emmerich säin ‘2012’:

Visuell nees spektakulär, mee die Story wäert erëm fir ze katzen sinn. Et wier cool, wann henno een de Film giff editéieren sou dass nëmmen nach die Ennergangsszenen iwwereg bléiwen. DEE Film giff ech kucken. An hätt mindestens 60 Minutte gespuert.

An jo, jo, ‘the earliest civilization’ … wéi ëmmer sinn dem Emmerich die wierklech Geschichtsdaten schäissegal. Ech erënneren just drun, dass Mamutten gehollef hunn d’Pyramiden ze bauen (nee, hu just den Trailer gesinn). Mee héi flitt ëmmerhin eng Giraffe!

Categories: Film, Video
  1. June 19, 2009 at 10:16 am

    Kapéieren dee leschten Abschnitt net. D’Maya waren déi éischtern Zivilisatioun (si hunn d’Schrëft zwar net erfonnt, mee si sinn déi éischt Kultur déi eng komplett Schrëft entwéckelt hunn, si haten vollwerteg Konscht, Architektur, wahnsinneg präzis astronomesch Kentnisser an dank groussem mathemateschem Wëssen och een verdammt präzisen Kalenner …). An am Maya Kalenner ass den 21. Dezember 2012 d’Enn vun engem Zyklus – dass den Weltennergang eng Feelinterpretatioun ass, ass jo mëttlerweil gewosst, mee firwat soll d’Popkultur net trotzdem een gudden Actionfilm aus där Idee maachen?

    An déi Giraffe flitt jo net vum selwen… Wat deen Anachronismus mat den Mammuts soll weisen ass mer och net ganz kloër…

  2. June 19, 2009 at 10:25 am

    1. D’Sumerer, d’Ägypter, etc sinn also keng Zivilisatiounen gewiescht?
    2. Jo, sie flitt net vun alleng, ech hunn et awer eng absurd Szene fonnt🙂
    3. Dass den Emmerich korrekt historesch Donnéeën egal sinn.
    4. Ech hu näischt géint e gudden Actionfilm zum Thema, zumools wann en sou cool Visuals huet. Mee dem Emmerich seng Filmer sinn vun de Story hier ëmmer nach Schrott gewiescht.

  3. June 19, 2009 at 8:56 pm

    1. Déi dräi Zivilisatiounen sinn ongeféier zäitgläich entstaanen, woubäi Ägypten sech eréischt no der Vereenegung vun Nord- a Südägypten wierklech zu enger Héichkultur entwéckelt huet. Et géint een allerdéngs argumentéieren, dass d’Sumerer honnert oder zweehonnert Joer virun de Maya waren, effektiv…

    Mee “the quite possibly earliest civilization although they might be considered second along with Egypt after the Sumerians or even third” kléngt halt net esou gudd ewéi “the earliest civilization.” ;D

    2. Jo, e bëssen absurd wierkt et schon.🙂

    3. cf 1😉

    4. Erschlo mech, mee Stargate fannen ech ee gudden Film. An ech sinn haut nach rosen, dass The Visitor ofgesat gouf (bon, do war en zwar nemmen Produzent). Independence Day haassen ech awer. An The Day after Tomorrow huet mech och net vum Hocker gerappt. Mee den Emmerich kann, wann e wëll…

  4. Pol
    June 19, 2009 at 11:53 pm

    Effekthascherei… Ech fannen kee Wuert beschreiwt dem Emmerich seng Filmer besser. Ech war am 10.000 BC an et war waitausschlemmer wei e puer Mammuter dei Pyramiden bauen….

    The Day after tomorrow an Indepence day sen och Filmer dei einfach mat SFX an CGI verstoppen wellen waat feelt: eng originell iddi, ee gudd Script (ee fähegen Regisseur)…..

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: