Iran.

Resumé vun der Situatioun:

Categories: Gesellschaft, Politik, Video
  1. Pol
    June 20, 2009 at 2:46 pm

    Ech faerten daat daat nach laang sou weidergeet…

    Hoffe mer daat wann dRegierung decideiert richteg haart geint dDemonstranten virzegoen, daat dann dPolizei an dArmei schnell ob dSait vum Vollek wiesselen an daat et kee Biergerkrich get….

  2. denjclaude
    June 20, 2009 at 3:36 pm

    Mier sinn do net objektiv mee duerch eis Medien gefierwt an ob der Seit fun der Oppositioun. Et kennt effektiv sinn dat den Ahmadinejad gewielt goufm och wann dat eis nët passt.
    Dat den Ahmadinejad an den Sondagen hannert dem Mousavi louch, stemmt zum Beispill nët. Allerdings hat hat en och keng 50% wei dann elo scheinbar.

    Ofgesinn do derfun, den President huet do ongefeier esou fill ze soen ewei eisen Grand-Duc. Dei richteg Decisioune gin fun deem Wächterrat an hierem Chef dem Khamenei geholl. Esou lang dei d’Soen hun wert sech do neischt änneren.

    Allerdings wert do d’Revolutioun iergendwann fun hieren eegene Enkele gefriess gin. A beim momentanen Undeel fun Jonken an Persien dauert dat ob mat oder ouni Ahmadinejad keng Eiwegkeet mei.

  3. June 20, 2009 at 3:55 pm

    Ech sinn ziemlech sécher, dass den Ahmadinejad gewielt gouff. Allerdëngs net mat sou vill Virsprong.

    Iran ass einfach, zënter Joerzéngten, eng gespléckt Gesellschaft.

    Hoffen mer, dass d’Reformer sech irgendwann duerchsetzen wäerten … an dass d’Jugend en effet dës Richtung bestäerkt.

  4. Pol
    June 20, 2009 at 4:45 pm

    Wouhier hells de dei Secherheet daat den Ahmadinejad gewielt gouf?
    Seng Reaktiounen ob dDemonstartiounen an ob dKritiken un der Wahl, genau wei dem Chamenei seng Freidespredegt, klengen wéi wann si eppes ze verstoppen hätten, wann si weissten daat se naishct manipuleiert hätten, keinten se dach och alles nach emol nozielen loossen….

  5. June 20, 2009 at 5:05 pm

    Wéinst dem Kontrast Teheran (oder grouss Stied am Allgemengen) an der ländlecher Bevölkerung.

    Sécher hunn sie eppes ze verstoppen. An zwar en méi kleng Majoritéit = méi Evidenz fir den Split, deen duerch hier Gesellschaft geet.

  6. Pol
    June 20, 2009 at 5:22 pm

    Ob se awer domatt dSpaltung vun der Bevölkerung verstoppen oder souguer verhenneren kennen ass awer ganz zweifelhaft…

    An wann hier Unhänger net ganz bescheuert sen da gin dei haut och nodenklech….

  7. Tom
    June 22, 2009 at 8:20 pm

    Faite ass dass den Ahmadinejad d’TV Duell géint déi aaner Kandidaten ganz kloer gewonnen haat. Hien war einfach dee cleversten vun hinnen (deen Owend emol).
    Ech glewen och wéi de Grommel dass den Ahmadinejad d’Wahlen gewonnen huet, mee eben net sou krass wéi d’Resultat dat ausgesinn léisst. Ech kéinnt mer firstellen dass d’Lager vum Ahmadinejad wousst dass se jhust giffe knapps gewannen a fir an der Welt besser do zestoen (fir zewéissen dass d’Land hannert hiere Idee’en steet) hunn sie en aanert offiziellt a ‘bessert’ Resultat erausginn. D’Reaktioun vun der Bevölkerung war secherlech net ageplangt.
    Domatter ass dann eben elo, ob Wahlvictoire hin oder hier, den Ahmadinejad an Verhandlungen mat “der westlecher Welt” trotzdem zimlech ugeschloen a villeicht souguer nach méi wéi en dat och ouni Ongereihmheete gewierscht wäer.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: