Home > Gesellschaft, Luxembourg > Vive! Vive?

Vive! Vive?

Vive eis grossherzoglech Famill? Firwat dann?

Wat hunn se dann am vergaangenen Joër geleescht? Ausser Maskottchen ze sinn, Kanner ze maachen, … ?

Ech muss ëmmer d’Aan verdréinen, wann ech die Unhimmelung héieren … egal op vun RTL, eisem Jean-Claude, oder weem och ëmmer.

Categories: Gesellschaft, Luxembourg
  1. Tom
    June 22, 2009 at 8:24 pm

    Tjo, léider si mer an der Minoritéit. Oder déi aaner wessen net dass eng CSV wuel nie den Grand-Duc wäert ofschaffen… -_-

  2. Pit
    June 22, 2009 at 9:06 pm

    Mir feieren Groussherzogins-Gebuertsdag. Souguer den RTL betoun dat dess öfteren

    DÉI huet eppes vir d’Land gemaach, a sief et och nëmmen e Symbol am Krich gewiescht ze sinn.

    Also kann een roueg hiren (verluechtene) Gebuertsdag feieren. Zwéngt jo keen een hiren Enkelen an Ur-Enkelen zou ze wénken😉

  3. June 22, 2009 at 9:09 pm

    Wat genau hat sie nach gemaach? Ausser fort ze lafen? (net dass ech dat net och gemaach hätt fir mäin Liewen ze retten)

  4. June 22, 2009 at 9:34 pm

    Esoulaang een um 23. Juni eng Natioun féiert, ged et naischt ze féiren.

  5. June 23, 2009 at 1:04 pm

    Ech ginn der an deem Sënn Recht, dass Natiounen artifiziell Konstruktiounen sinn, déi oft méi Problemer schéngen ze schafen wéi ze léisen.

    Mee wat ass d’Alternativ? Clans an Sippen gouffen et och schon ëmmer, a ginn et oft nach … an déi erginn sech iwwer kuerz oder laang egal wéi vum selwen. Och wann keng ‘Natioun’ méi do wier.

    Wéi stells de der eng Gesellschaft ouni Natiounen fir?

  6. June 23, 2009 at 1:36 pm

    Klengste gemeinsame Nenner? “Menschen”?
    Natirlech beaflosst een daat Gebidd wou een wunnt, mee dofir ass daat nach laang net déi enzeg “peer group” zu där een gehéiert an och wahrscheinlech nach längst net déi, déi engem am meeschten zouseet.

  7. June 23, 2009 at 1:50 pm

    Mee wéi stells de der d’Organisatioun vun dësen Mënschen vir?

    Oh, waart. D’Léisung ass bestemmt nees d’Anarchie (resp. dat anert Konzept, wou ech einfach de Numm net verhalen — Anirgendeppes)?😉

  8. Pit
    June 23, 2009 at 5:14 pm

    Se huet awer duerch hier Interventiounen beim Roosevelt erwierkt dass mir haut nach eng “eegestänneg” Natioun sinn, an dës Diskussioun iwwerhaapt féieren kennen.

    Well soss wiere mer wuel nom Krich opgedeelt oder komplett un een anert Land ugeprafft ginn

  9. June 23, 2009 at 5:24 pm

    Hues de eng genau Referenz fir dat do?

  10. June 23, 2009 at 7:36 pm

    (Dat aanert “Konzept” heescht Anomie (Gesetzlosegkeet), ech hunn daat awer nie als Leisung propagéiert. Soll ech iwerhaapt nach mat dir diskutéiren? Wanns du net emol lies, wat ech schreiwen?)

    Et kann jo wéider Verwaltungsgebidder/ebenen ginn, wou se eben logesch sinn (Stiedt, Kontinenter, Sproochegebiter), ouni daat ganzt kenschtlech emotional opzelueden an e Pflichtgefill dozou wellen opzebauen.

  11. June 23, 2009 at 7:59 pm

    Ech hunn ADD heiandsdo, sorry …

    Ech sinn och komplett dofir, fir die kënschtlech (an primitiv) Emotiounen erauszehuelen, mee och wanns du d’Natioun ofschaafs, sou kommen déi awer ennert aneren Formen erëm. Gesäit ee jo schon beim Fussballsmatcher.

  12. Pit
    June 25, 2009 at 1:34 pm

    Ënnertanerëm an der DVD “Lëif Lëtzebuerger …”
    http://lb.wikipedia.org/wiki/L%C3%A9if_L%C3%ABtzebuerger

  13. June 25, 2009 at 1:42 pm

    Pit:

    Wee wollt Letzebuerg da weem drupraffen?

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: