Home > Religion/Philosophy, Wëssenschaft > Kreationisten hu keng Hemmungen.

Kreationisten hu keng Hemmungen.

Lo verkafen se gären eng resuméiert Versioun vum Darwin sengem ‘The Origin of Species’ mat enger 50 Säiten Intro vum Banana Man! An dat fir just 99 Cents …

This special 280-page edition not only contains an abridged Origin of Species but also has a 50-page Introduction that reveals the dangerous fruit of evolution, Hitler’s undeniable connections to the theory, Darwin’s racism, and his distain for women.

An hiert erkläertent Ziel ass:

We want to get one million copies into the hands of students and professors in colleges and universities throughout the U.S. Let’s see if they try to ban Darwin’s Origin of Species. That would be interesting.

A well amerikanesch Kreationisten ëmmer d’Täschen voller Suen hunn, kritt dat Buch och en Design, wou een vun baussen net erkënnt em wat fir eng Zort Buch et eigentlech geet:

Keng Strategie ass hinnen ze nidderträchteg an onéierlech fir se net ze benotzen …

  1. Pol
    June 23, 2009 at 8:52 pm

    Ech bezweifelen daat ee Professoren a Studenten dei sech mat bio, zoologie oder sou eppes beschäftegen sech dovun beaflossen loossen….

    Ech verstin einfach net waat dei Ieselen, Kreationisten an Antikreationisten vun daer Dämlecher Diskussion, (dei ob total verschiddenen an net verglaichbaren Positiounen berout) ereeschen wellen?

    Waat hun dei dovun ob du an ech un d Bibel oder dEvolutiounstheorie gleewen….???

  2. June 23, 2009 at 8:58 pm

    Firwat sinn Antikreationisten Ieselen?

  3. Pol
    June 23, 2009 at 9:39 pm

    well se sech mat den Kreationisten befaassen an ob dem selweschten niveau argumenteieren (cf dawkins)…

    An se och dei dämlech diskusioun wellen feieren dei zu naischt brengt well se äppel a biren verglaicht….

  4. June 23, 2009 at 10:09 pm

    Et sollt een d’Kreationisten also einfach ignoréiren amplaz se ze attackéieren, wéi den Dawkins et al.?

    Dat ass awer, zumools an Amerika, menger Meenung no keng gutt Strategie, well d’Kreationisten hunn hieren Agenda, deen se an d’Schoulen etc wëllen bréngen. Eng allgemeng Verdommung wier d’Gefohr oder d’Konsequenz. Dat ass en ze groussen Risk a mengen Aan.

    Duerfir kann ech nëmmen jidereen ënnerstëtzen, deen die Ieselzegkeeten vun den Kreationisten bekämpft.

    Wat en Kreationist doheem fir en Blödsinn gleewt oder mécht, ass mir egal. Awer net wann et ëffentlech ass an et em d’Eduktioun vun de Kanner geet.

    Kreationisten sinn einfach falsch an on- resp. anti-wëssenschaftlech. An dat muss och riicht eraus gesot ginn.

  5. June 27, 2009 at 10:17 am

    Pol:

    Keng Reaktioun op mäi viireschen Comment?

  6. Pol
    June 27, 2009 at 11:23 am

    Ech denken daat se duerch dei diskussioun mat der richteger Wssenschaft zevill u bedeitung gewannen…
    All Mensch deen sech och nemmen minimal mat Wessenschaft beschäftegt wees dach waat wouer ass…
    An een deen u Gott gleewt kann och net duerch Beleidegungen vum Dawkins dovun ofbruecht gin….

    Alles sennlos an Ergebnislos Dieskussioun… get wichtegeres ob der Welt

  7. June 27, 2009 at 11:59 am

    Pol:

    Mee de Problem ass, dass vill ignorant Làit, zumools an Amerika, liicht ze beaflossen sinn. Vun de Kanner ganz ze schwätzen. Duerfir muss een géint Kreationisten, wann se lokal en effet eng Gefohr stellen, virgoen. An hier Argumenter zertrümmeren.

    Soss get et op eemol ‘common sense’, dass Adam an Eva op Dinosaurier geridden sinn …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: