Archive

Archive for July, 2009

D’Liewen schräiwt ëmmer nach …

July 31, 2009 9 comments

die beschten Comedy:

SECRETARY CLINTON: Well, it is a real pleasure and delight to welcome the former and present foreign minister of Luxembourg. With the recent elections and the new government, which has many familiar faces, including the prime minister, but also the foreign minister, we are delighted to have this chance to discuss a lot of issues that we are working on together. So I thank you so much for being here.

VICE PRIME MINISTER ASSELBORN: Thank you. Thank you very – to receive you, it’s really an honor for me. I think we will speak about our bilateral relations. We are in important financial place – things are good. I think the cooperation between U.S. and Luxembourg is on a very high level. We will speak – I am one of the 27 foreign ministers in the European Union, so I’ll give you my (inaudible) on Middle East.

But I wanted to tell you one sentence – your husband, who was for me, very – a very good sentence. He said in Denver, United States, they must lead by the power of the – of its example, not by the example of its power. And therefore, we want to help United States, help – want to help you to close Guantanamo, because this was not an example. And therefore – we are a small country, but we have the will to help with fellow partners of sponsoring training professional (inaudible) for detainees’ lodging and so on. So we will do it.

Also deen Amerikaner, deen dat doten transcribéiert huet, muss sech jo um Buedem gerullt hunn …

(source)

Advertisements
Categories: Fun, Luxembourg, Politik

Kompatibel?

July 30, 2009 1 comment

Ass et wierklech kompatibel fir Präsident vun enger Gewerkschaft an Deputéierten vun der Regierungspartei ze sinn?

Categories: Luxembourg, Politik

Trotz allem erstaunlech.

July 29, 2009 5 comments

Ein eigenes Kapitel widmet Jean-Claude Juncker Gesellschaftsfragen und modernen Lebensformen. Er bestätigt, dass in Luxemburg die “Homoehe” eingeführt und das Abtreibungsgesetz geändert wird. Junge Frauen bis 25 Jahre sollen einen “Gratiszugang zu Verhütungsmitteln” erhalten.

Muss een natierlech kucken, wéi dat henno am Detail ausgesäit, mee ass schon erstaunlech, dass eng CSV-Regierung dat matmécht … mee gutt esou!

Categories: Luxembourg, Politik

6.

July 29, 2009 2 comments

An nach eng aal Lieblingsserie vu mir, déi verfilmt gët: The Prisoner.

Hei en Preview vun 9 Minutten:

Gesäit mol guer net sou schlecht aus. Genau wéi den Poster (de wäisse Ball ass nees do!) an den Logo, wou mer zumools déi subtil 6 gefällt!

prisoner

Als Wüstenfan gefällt mer natierlech och d’Location vum Duerf!

ps. den “you only think you’re free” erënnert mech och un d’Debatt op den fräien Wëllen existéiert oder net …

Categories: TV, Video

Tron Legacy.

July 29, 2009 4 comments

Ee vu mengen Lieblingsfilmer als Kand woer den ‘Tron’. Lang, lang ist es her … 1982!

Natierlech manner wéinst der Geschicht, a méi well et e Film mat coolen Computergrafiken etc woer an SciFi mëch deemools schon interesséiert hat.

Lo kënt eng Suite eraus. Naja, schau’n mer mal. Visuell gesäit et op alle Fall och nees cool aus. Wann et natierlech och manner revolutionär ass wéi die éischten Kéier. Mee waarden mer mol d’Story of.

An de gudden alen Big Lebowski ass och nees mat dobäi!

ps. eigentlech misst den Trailer jo am HD gekuckt ginn.

Categories: Film, Video

Clever.

July 28, 2009 Leave a comment

Anscheinend wëll den Armstrong den Andy fir säin neit Team rekrutéieren (awer net de Fränk well deen e Klotz um Andy sengem Been ass – wou ech dem Lance Recht ginn). Domadder giff en natierlech een groussen Konkurrent fir 2010 ausschalten (duerno hätt den Andy dann awer freie Bahn bei RadioShack)! A nëmmen mat engem Andy kéint hien villäicht den Contador schloen.

Den Andy misst sech halt een Joër gedëllegen, giff awer Tonne Frick verdéngen. A kéint sech dann 2011 den Titel huelen.

An dat permanent Gebridders geet mir perséinlech souwiesou e bëssen op de Coco. Den Andy hätt den Ventou kéinte gewannen, wann en net ëmmer op de Fränk gewaart hätt …

Categories: Luxembourg, Sport

Alice.

July 25, 2009 3 comments

Den eischten Trailer fir dem Tim Burton säin ‘Alice in Wonderland’ ass eraus.

Meng Reaktioun ass gemëscht. Op der enger Säit fannen ech den Design vum Film cool, op der anerer Säit ass et e bëssen zevill ‘schlechten CGI’ … dat misst een an der Tëschenzäit dach besser kënnen?

Ech wäert en wuel awer kucken goen.

Categories: Design, Film, Video