Home > Gesellschaft, Luxembourg > Summervakanz?

Summervakanz?

Offiziell ass die grouss Summervakanz fir d’Schoulen zu Lëtzebuerg jo vum 16.07.09-14.09.09.

Mee um Radio an sou schwätzen se jo lo schon all dovunner, dass d’Vakanz schon ugefaang huet an d’Familjen an d’Vakanz fueren. Ech huelen domadder un, dass d’Primärschoulen gëschter (Fréiden, den 10.07.09) fräi kruten? An d’Secondairen (well dat sech virun Joeren sou entwéckelt huet) dann den Mëttwoch, den 08.07.09?

Dat ass jo dann eng Woch virun dem offiziellen Start. Firwat gët dat dann net och sou uginn?

A fänken d’Secondairen an der Tëschenzäit net och réischt Mëttwochs nees un (am Géigensaz zu den Primärschoulen)?

ps. kréien Proffen eigentlech en 13. Mount?

Categories: Gesellschaft, Luxembourg
  1. Pit
    July 11, 2009 at 9:04 am

    D’Primaireschoulen hunn réischt en Donneschden fräi, also sou wéi virgesinn den 16.
    D’Lycéeën haten lo am Laf vun der Woch fräi kritt, mä déi hunn se sech anscheinend all verschidden Deeg geholl.

    Mee Vue dass lo am Primaire souwisou näischt méi leeft, huelen wuel vill Elteren hier Kanner lo schon mat an d’Vakanz …

  2. July 11, 2009 at 9:15 am

    Pit:

    > Mee Vue dass lo am Primaire souwisou näischt méi leeft, huelen wuel vill Elteren hier Kanner lo schon mat an d’Vakanz …

    Ass dat dann legal?

    An mussen d’Primärschoulen dann bis den 16. op sinn oder maachen sie einfach zou, wann keng Schüler méi do sinn … ?

  3. July 11, 2009 at 9:20 am

    Do muss een dann eben eng Exkuse schreiwen fir déi Deeg an dann ass dat zwar net gäre gesinn, awer “legal”.

    Am Secondaire ass et jo sou daat no dem “inoffziellen” Schoulenn jo nach Proffekonferenzen asw. laafen. Déi meescht haate (mengen ech) den Donnesden frai.

  4. July 11, 2009 at 9:28 am

    An die Proffekonferenzen lafen eng Woch?

    An dann sie die offiziell Zäiten déi, wou d’Proffen fräi hunn, net d’Schüler?

    ps. wees keen dat mam 13. Mount vun de Proffen?

  5. Pol
    July 11, 2009 at 10:25 am

    jo dei conferencen gin (zumindest an deem lycee wou ech war) all vum Direkter (oder adjoint) presideiert an vir all Klass eenzel ofgehaal, an do get dann matt allen Proffen iwwert all Schüler geschwaat, (wann et neideg ass) . Daat dauert dann eben e puer deeg….

    Waat den 13ten Mount ugeet, denkens schon daat si daer ee kreien…
    Froen mech eischter ob do och nach een halwen 14ten oder sou ass….

  6. July 11, 2009 at 10:57 am

    Wann d’Proffen och en 13. Mount hunn, dann hoffe ech dass sie net vergiess ginn, wann driwwer diskutéiert gët op Staatsbeamten etc nächst Joër op hieren 13. Mount verzichten sollen/mussen! Well soss rabbelt et awer🙂

  7. July 11, 2009 at 11:44 am

    Schoulmeeschter kréien en 13. Mount, also denken ech, dass Proffen och ee kréien.

    Vu dass rëm drop ugespillt gëtt, dass Proffen ze vill Vakanz hunn:
    1. Jiddereen däerf Proff ginn.
    2. E Proff huet méi wéi 40 Stonnen Aarbecht d’Woch.

  8. pa
    July 11, 2009 at 1:30 pm

    Genee. Proffen hu vill Vakanz, mee duerfir huelen së awer och vill Arbecht mat heem.

  9. July 11, 2009 at 1:31 pm

    > Schoulmeeschter kréien en 13. Mount, also denken ech, dass Proffen och ee kréien.

    Dann hoffen ech, dass dat an deenen Diskussiounen ëm eng (temporär) Sträichung vum 13. Mount bei den Fonctionnairen, etc net vergiess gët.

    > 1. Jiddereen däerf Proff ginn.

    Richteg. Mee net jidereen sollt Proff ginn😉

    > 2. E Proff huet méi wéi 40 Stonnen Aarbecht d’Woch.

    En continu an net jhust am Ufank wann e seng Couren muss ausschaffen an sou? Naja, dat wier wuel eng Diskussioun wäert …😉

    An och wann e Proff 40 (oder méi Stonnen) pro Woch schafft sou huet en awer nach ëmmer vill méi Congé wéi die aner. Bei der selwechter Paie (wéi en aneren Carrière supérieure beim Staat oder der Gemëng). Duerfir ass säi Stonneloun jo da méi héich.

  10. July 11, 2009 at 1:32 pm

    Oh, komm, wéivill schaffen d’Proffen dann AN hieren Vakanzen fir d’Schoul?😉

  11. Pol
    July 11, 2009 at 2:01 pm

    40 Stonnen Arbescht dWoch halen ech fir ee Gerücht, Proffen fänken un mat 20h Schoulhalen, a kreien duerno je no Alter dechargen also Stonnen dei se nemmei halen mussen, daer gin et och fir Regentsarbeschten, direktiounsarbeschten, Secherheetsbeobtragten etc etc…

    Ee Prof ka mat 50 joer nemmen nach 12 oder 14 stonnen an der Woch Schoul halen.
    Do bleiwen engem dann nach 28h fir dee Cours virzebereeden deen een sait 25Joer emmer dselwescht hällt…

  12. July 11, 2009 at 2:09 pm

    D’Schoulmeeschteren kënnen och frou sinn, dass d’Finanzkrise eréischt lass gebrach ass nodeem sie hier nei Payen ausgehandelt haten …

  13. July 11, 2009 at 6:20 pm

    Du weess net vu wat dass de schwätz. D’Schoulmeeschteren hunn, an ech hunn dat scho méi wéi eemol erwient, keng “nei Payen ausgehandelt”, mä sech fir d’Opwäertung vun hirer Carrière agesat. Wann s de dat neit Schoulgesetz an déi nei Conditioune kenne géifs, ënnert deene si dës Opwäertung kruten, géifs de net sou iwwerhieflech iwwert se schwätzen.

    Zum Punkt “wéivill schaffen Proffen an de Vakanzen fir d’Schoul?” Wéivill schaffs du bannent der Woch an denge fräie Stonne fir d’Aarbecht? Léiss du dir dat als Iwwerstonnen opschreiwen?

    An zum Pol: dat ass absolute Schwachsinn, Schoulmeeschteren a Proffen musse jo net just Cours halen, mä och Concertatiounen ënnerenee féieren, verbessere, an de Cours virbereeden. An och wann s du mengs, dass se e Cours dee se säit 25 Joer halen net nei virbereede mussen, kann ech der de Géigendeel bezeien. Dobäi kënnt, dass e Proff a Schoulmeeschter méi e groussen emotionale Bagage mat sech ze schleefen huet, wéi een deen op enger Bank sëtzt Zuelen an e Computer anzeginn. Mä dat vergësst ee liicht.

    Dat hei ass just erëm eng Diskussioun fir e Beruffsstand ze culpabiliséieren (fir ech weess net emol wat), an absolut lächerlech.

  14. Max
    July 11, 2009 at 9:02 pm

    Richteg, de Grommel sollt op e Concert an e Béier drénken. Dat hei erennert mëch un deen Typ dee Journalisten nët gär huet. Jo all.

    A wann de Chris seet, jiddferee ka Proff ginn, an de Grommel dann äntwert nët all Mënsch sollt dat ginn, da soën ech: jiddferee ka blogge mee nët jiddereen…

    Serieux..

  15. July 11, 2009 at 10:54 pm

    De Max huet Recht.

  16. July 12, 2009 at 8:40 am

    Genau. An zousätzlech hunn se dann ëmmer nach hier Tonnen Vakanzen.

  17. July 12, 2009 at 8:41 am

    A jidderee kann e Kommentarof ginn, mee net jiddereen …

  18. July 12, 2009 at 8:42 am

    Forcéiert een dech mäi Blog ze liesen?

  19. July 12, 2009 at 8:59 am

    Dat mat der Opwäertung vun de Carrière ass och sou eng Saach. D’Majoritéit vum Léierpersonal huet 3 Joër ISERP gemaach, mee well mir jo hu missen eng Uni hunn an soss net vill haten, ass d’Ausbildung vum Schoulmeeschter op 4 Joër opgeblosen sinn fir se dann universitär kënnen ze nennen.

    An et deet mer leed, mee fir den Kanner schräiwen an rechnen bäizebréngen brauch een keng 4 Joër Uni …

    Dass awer lo déi mat 4 Joër Uni méi verdëngen wëllen, ass jo legitim. Mee do gët nees alles an een Dëppen gehäit. Währenddem gläichzäiteg dann Läit wéi d’Edukateuren (déi zu erbäermlechen Tariffer schaffen) vergiess ginn.

    Mee zeréck zu de Proffen: huele mer un sie schaffen dann 40 Stonnen d’Woch (an ech hunn nach keng wierklech Preuven gesinn, dass die meescht der en continue an iwwert hier Liewenszäit méi schaffen, motivéiert Ausnahmen ginn et awer bestëmmt!) a verdëngen domadder x Euro am Joër.

    An dann loosse mer en Net-Prof huelen deen och 40 Stonnen d’Woch schafft an domadder och die selwecht Somme x am Joër verdëngt.

    Wann een dann d’Vakanzen ofrechent, dann brauch de Prof just 36 Wochen dofir ze schaffen, während de Net-Prof der muss 46 schaffen.

    Mäi Punkt ass, d’Proffen (an d’Schoulmeeschteren) därfen net hiert Joeresgehalt mat deem selwechten Joeresgehalt vun Net-Proffen vergläichen an dann soen: “Hey, mir verdëngen net genuch! Well mir hunn méi Studien gemaach, etc ”

    Well dat sinn Äppel mat Bieren verglach! Da misst een den realen Stonneloun ausrechnen an dann verdëngen d’Proffen am Verglach schon direkt 30% méi (selwechte Salaire, manner Stonnen).

    An dass et ustrengend ka sinn fir Kanner a Jugendlecher ze forméieren bestreiden ech net (mee wéi de Pol sot, mat 50 huet e Prof och just nach 12-14 Stonne Kontakt mat de Schüler pro Woch, ech mengen dat wier auszehalen …). Mee och aner Beruffer sinn ustrengend (oder méi ustrengend). A ginn méi schlecht bezuelt!

    Villäicht nervt et mëch och just, dass vill Léierpersonal de Beruff haaptsächlech just wéinst de Suen an de Vakanzen gewielt huet an dann en plus nach meckert an Usprëch stellt! An hieren Couren woeren och nëmmen seelen wierklech interessant an innovativ …

    Ech wees, dass ech als Staatsbeamten vill Privilègen hunn. Duerfir halen ech mech och kleng a regen mech op, wann aner Staatsbeamten ëmmer soueren. Déi missten mol eng Kéier een Joër am Privé schaffen!

    Eng geséchert Aarbechtsplaz ass en RIESEN Virdeel (fir Staatsbeamten, Schoulmeeschter & Proffen). Da misst een och op anerer Plaz Kompromisser maache kënnen.

    An wann et der Gesellschaft am Ganzen hëlleft, dann hunn ech och kee Problem domadder, dass all déi, die GESECHERT Aarbechtsplazen hunn, dann zb och mol keen 13. Mount kréien. Ëmmer nach vill besser wéi irgendwou missen ze schaffen, wou een muer kann erausgehäit ginn …

  20. July 12, 2009 at 11:29 am

    Okay, Grommel, da man ech lo mol eng Rechnung wéi déng.

    Wann s du 46×40 Stonne schaffs, an s du d’Somme x verdéngs, dann hues du am Endeffekt 1840 Stonne geschafft.

    Wann ech lo meng Mamm huelen, déi Joffer ass, a rechnen wat si schafft (als Member vum Comité vun der Schoul, woufir se eng Déchargestonn kritt, an ca. 50€ d’Woch méi) da sinn dat fir déi lescht Woch bis zu 50 gewiescht. (Um Schluss vum Joer gëtt jo näischt méi geschafft). Dat mécht op e Joër héich gerechent 36×50, wat iwwert den Daum geschat 1800 Stonnen Aarbecht d’Joer gëtt. Hach, fir déi 40 Stonnen, déi se lo effektiv manner geschafft hu wäert (wéi rechne mer lo eigentlech déi 3 Deeg Schoulausflug zu Paräis, an deene se op 15 Kanner opgepasst huet, an ongeféier 4 Stonnen d’Nuecht geschlof huet? Ass dat 20 Stonnen Aarbecht gewiescht? Ech war mat a gleef mer et ass pure Stress.), huet se effektiv verdéngt hiert Gehalt gekierzt ze kréien.

    Et deet mer leed, mä du selwer stells Fuerderungen, an ënnerstells et kontextlos aneren. An da kënns de mat Milchbubirechnungen. De Beruff vum Léierpersonal ass fuerchtbar haart. Wars du schon emol an enger Schoul, an zwar net als Schüler? E Proff oder Schoulmeeschter denkt a schwätzt bal nëmmen iwwer d’Schüler a seng Aarbecht. A bon jo, lo sees de rëm, man se dat dann all? Nee, natierlech net, well schwaarz Schof gëtt et iwwerall. Mä den eenzege Berufsstand, deen der op d’Schnëss kritt sinn d’Schoulmeeschteren an d’Proffen.

  21. July 12, 2009 at 11:50 am

    Sie schafft also all Woch 50 Stonnen? Wa net, dann ass deng Rechnung schon vun Ufank un falsch.

    An wéi ech schon emol gesot hunn, deng Mamm schéngt jo wierklech motivéiert ze sinn an sech ranzehänken. Dat respektéieren ech. Mee dat schéngt awer net d’Norm ze sinn? Villäicht kennen ech jo just déi vun der aler Schoul an die aktuell Opportunisten, déi fir d’Léieramt studéieren well se do gutt verdëngen, vill Vakanz hunn AN eng sécher Plaz, net ze vergiessen!

    > De Beruff vum Léierpersonal ass fuerchtbar haart. Wars du schon emol an enger Schoul, an zwar net als Schüler?

    Natierlech ass dat nët ëmmer Zockerschlecken. Zumools haut, wou d’Kanner jo net méi all ze disziplinéiert an d’Schoul kommen, d’Léierpersonal fäert ze bestrofen (> Affekot) oder och wou se bizarre Schoulkonzepter vun der Ministesch mussen emsetzen. Dat hunn ech nie ugezweifelt an do stinn ech och op hierer Säit.

    Mee trotzdem ginn et och vill aner Beruffer déi fuerchtbar haart sinn. Wou een NET vill verdëngt, wou een NET vill Vakanz huet an wou een KENG sécher Plaz bis un Enn vun der Karrière huet. Also lo mol net zevill jéimeren.

    Proff oder Schouljoffer ass jo doniewent en plus nach en idealen Job fir Fraen (kann een liicht e puer Joër Paus man wéinst Kanner an dann nees an den Job zereck kommen, etc, ass och net iwwerall selbstverständlech!).

    En Schoulausfluch ass en effet Stress puer, wann een Responsabel ass! Mä dat ass an Vakanzenkolonien, etc jo awer och sou?

    Mäi Punkt ass, dass suwuel d’Proffen wéi d’Schoulmeeschteren an Léierinnen oft vergiessen, wéi GUTT et hinnen eigentlech geet. Zumools am Verglach mat der Majoritéit vun Läit, déi KEEN sécheren Job hunn.

    Alleng die Jobsécherheet ass quasi onbezuelbar.

    An trotzdem héiert een se oft jéimeren. Extrem pénibel gët et dann, wann en däitschen, franséischen oder belgen Proff dobäi ass an dat héiert …

    > Mä den eenzege Berufsstand, deen der op d’Schnëss kritt sinn d’Schoulmeeschteren an d’Proffen.

    Vergiess d’Staatsbeamten net. Wou awer och eng Rëtsch vun de Kritiken absolut gerechtfertegt sinn. An dat ginn ech och zou. Mee duerfir halen ech mech kleng an soueren nët. Ech wees meng Chance ze schätzen. En plus hunn ech och virdrun mol am secteur privé geschafft a kennen dat och vun doheem aus.

    Dat ass och haart. Mee die meescht aus dem Léierpersonal hunn dat jo nie selwer materliewt. Giff näischt schueden fir heiandsdo e bëssen iwwert den Tellerrand ze kucken … Da kéinten se villäicht verstoen, firwat sou wéineg Läit hier Fuederungen novollzéien kënnen.

    Et wäert wuel wéi ëmmer eng Saach vun Kompromiss sinn an dass béid Säiten probéieren die aner ze verstoen.

    An verstéi mech net falsch: Proff, Schoulmeeschter oder Léierin ass e wäertvollen Beruff, deen och respéktéiert sollt ginn (wann en dann och motivéiert an sérieux ausgeféiert gët). Trotzdem muss een och e bëssen um Tëppech bléiwen.

  22. July 12, 2009 at 12:15 pm

    Kennt déi Opwärtung bei de Schoulmeeschtren net doweinst, well sie lo aaner Kompetenzen kreien an ganz aanescht Schoul haale mussen wéi soss? Hat dat mol gemengt esou matkritt ze hunn.

  23. July 12, 2009 at 12:56 pm

    Um Teppech bleiwen. Eben.

  24. July 12, 2009 at 1:17 pm

    Chris:

    > Um Teppech bleiwen. Eben.

    *aanrullen*

    Dat man die meescht am Léierwiesen awer anscheinend net. Sie schéngen sech net bewosst ze sinn, wéi et ass fir KEEN sécheren, gutt bezueltenen Job mat vill Vakanz ze hunn … Mee villäicht ass dat och schwiereg ze verstoen, wann een a senger eegener Bull gréisstendeels liewt.

    Schafft deng Mamm dann lo all Woch 50 Stonnen? An ass dat den Duerchschnett beim Léierpersonal?

  25. July 12, 2009 at 2:02 pm

    Wiesou net mol probéiren, déi ganz Diskusioun ouni den ganzen “Déi sinn dach nemmen Prof well en do vill Vakanz an Souen huet”-Blabla ze féiren?

  26. July 12, 2009 at 2:10 pm

    Dat kéint een natierlech probéieren.

    Wat awer näischt drun ännert, dass dat fir vill Läit d’Haaptmotivatioun schéngt ze sinn (wat jo och ok, mee da sollen se dozou stoen an ophalen gourmanzeg ze sinn). Mee bon, och Banker ginn Banker well se do erwaarden gutt ze verdëngen.

    Am Géigensaz zum Léierpersonal kënnen déi awer zu all Moment hier Plaz verléieren.

  27. July 12, 2009 at 7:05 pm

    Kanns du och e Saz ouni Konjunktiv oder Modalitéit schreiwen? Du geess just vu Saachen aus.

    “Um Teppech bleiwen.” Dann erklär mer mol wou a wéini se net “um Teppech bleiwen”. Wéini geschitt dat? Eng Opwäertung vun enger Carrière ass also net um Teppech bleiwen?

    Iwwerhaapt, vill Bäitreeg bei dir gi während dem Dag geschriwwen, zu Zäiten, wou ech denken, dass de schaffe misst? Schaffs du dann och déi 40 Stonnen all Woch, fir déi s de bezuelt gëss? Vläicht misst du dee Moment och emol um Teppech bleiwen, amplaz ouni Ulass dat vun aneren ze fuerderen.

    Fir mech ass dës Diskussioun dee Moment fäerdeg, well ech net mengen, dass se sech an eng Richtung beweegt an där ee vun eis zwee deem anere seng Argumenter nach mat Respekt beuecht. D’kreativ Phas ass eriwwer.

  28. July 12, 2009 at 7:26 pm

    > Eng Opwäertung vun enger Carrière ass also net um Teppech bleiwen?

    Dat hänkt vun den Emstänn, dem Emfang an den Usprëch, déi een stellt, of.

    > Iwwerhaapt, vill Bäitreeg bei dir gi während dem Dag geschriwwen, zu Zäiten, wou ech denken, dass de schaffe misst?

    Dofir ginn et 3 Erklärungen:

    1. Heiandsdo sinn ech dee Moment net op der Schaff sinn an hunn fräi (oder et ass Mettespaus).
    2. Heiandsdo schedulen ech Posten fir de nächsten Moien.
    3. Heiandsdo sinn ech amgaang Computeren ze konfiguréieren/reparéieren an waarden drop, dass sie mat enger bestëmmter Aktioun färdeg ginn. An deene puer Minutten huet een séier en kuerzen Post geschriwwen. Natierlech kéint ech och Däimercher dréinen.

    > Schaffs du dann och déi 40 Stonnen all Woch, fir déi s de bezuelt gëss?

    Normalerweis schon. Ech erledegen déi Aarbecht fir déi ech agestallt sinn.

    > Fir mech ass dës Diskussioun dee Moment fäerdeg, well ech net mengen, dass se sech an eng Richtung beweegt an där ee vun eis zwee deem anere seng Argumenter nach mat Respekt beuecht. D’kreativ Phas ass eriwwer.

    Ok. Mee ech gesinn du hues e puer interessant a pertinent Froen ignoréiert.

    An wéi ech schon oft gesot hunn, an dat nët nëmmen um Internet, ech si bereet gewëss finanziell Kompromisser anzegoen, wann dat der Gesellschaft hëlleft an wann dat richteg a fair ugepaakt gët, well ech wees, wat meng Jobgarantie fir en riesegen Virdeel ass a wat dee Wäert ass. Die meescht Staats- & Gemengebeamten mengen ech hätt se net méi all … mee bon, sie liewen jo just an hierer klenger Welt an wëssen net, oder realiséieren net, wat eet heescht fir en Job ze hunn wou een net wees, wou een an 4 Méint oder 4 Joër drun ass an op een nach Aarbecht huet.

  29. July 12, 2009 at 7:52 pm

    Mee bon, soit. Hu lo de Moment keng Loscht méi fir ze streiden.

    Villäicht eng aner Kéier. Je nodeem, wat sech sou ergët😉

  30. Prof
    July 13, 2009 at 9:17 am

    Dass Profen irgendwann eng Kéier nemmen nach 12 oder 14 Stonnen Schoul pro Woch halen ass absolute kabes.

    Vue que dass de Moment en akuten Profemangel am Enseignement besteet, hun déi meechten (wann net all) Profen Iwerstonnen am Verglach zu engen normale Kader.
    Net seelen mussen se bis zu 26 oder méi Stonnen Schoul pro Woch halen. Wann en dann Virbereedung an Verbesserung rechent kennt een ganz locker all Woch en moyenne op 50 Stonnen (Weekend inkl.) wann net méi.

    Méi eler Profen kréien meechtens déi méi héich Klassen ze halen, dat ass vill méi arbechtintensiv net ze vergiessen, dass d’Programmer permanent geännert oder vervollstännegt ginn. Do kann en net einfach de Cours vum läschte Joer aus dem Tirang zéien.

  31. G.
    July 13, 2009 at 7:39 pm

    Den Prinzip ass einfach.
    Schoulmeeschtern hun mat souvill Aarbescht, souvill Suen kruut. Lo mam neien Schoulgesetz krein se mei Aarbescht, an also mei Suen.
    Dat ass logesch an sollt och sou an der Privatwirtschaft sin.

    Zweetens :
    Vill Proffen (secher, et gin emmer schwaarz Schof) hun ech als engageiert an motiveiert kennegeleiert. Dei sech och net ze schued woren mol 2 Stonnen mei laang an der Schoul ze bleiwen fir engem Nohellef ze gin. An dat onbezuelt.

    Drettens :
    Et muss een och mol ophaalen mat dem ganzen Sozialneid. Dei meescht Proffen an Schoulmeeschtern maan eng respektabel Aarbescht an hun eng grouss Verantwortung, dei och entsprechenend entlount soll gin. An eng Aarbescht dei vun der Gesellschaft soll respekteiert gin well se och immens wichteg ass fir eis Zukunft.

    Zum Schluss :
    Lycéen fenken reicht Mettwoches un, well Meindes Noexamen sin. (dei vun de Proffen preapreiert an verbessert gin) an Densden den Acceuil fir 7eme sin.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: