CGFP.

Ech sinn selwer Member vun der CGFP, mee dat Gejéimers vun der CGFP de Moment ass einfach lächerlech an pénibel.

Wëssen déi iwwerhaapt, wat an der Net-Staatsbeamten-Welt virun sech geet?

Categories: Gesellschaft, Luxembourg
  1. Tom
    July 22, 2009 at 11:57 am

    Also dass eng LSAP an de läschte 5 Joër sozialen Ofbau bedriwwen huet, dunn awer ganz stolz vrun de Wahlen bei der Manif matgaangen ass an elo mat deem Koalitiounsaccord weider sozialen Ofbau bedréiwt, fannen ech eierlech gesoot nach mei pénibel a lächerlech wéi d’Haltung vun der CGFP.

    Ech versti souwisou net déi Logik fir d’Ufanksgehälter beim Staat erofzesetzen. Firwaat setze mer se am Privatsecteur net erop? En plus, siicht de Staat scho laang Léit fir “ganz uewen” (dat souguer schons während der CSV-DP Regierung), mee d’Léit gi leiwer an de Privatsecteur well se do op deem Niveau vill méi verdengen wei beim Staat. Et schwätzt awer keen dovunner dann eben op deem Niveau d’Peie erofzesetzen.
    Mee bon a 5 Joër kritt d’CSV et ouni de Jean-Claude och méi schwéier an de Wahlen an ech free mech lo schons drop 3 Joër ennert dem Luc Frieden zegesinn. Dat gett leschteg…🙂

  2. July 22, 2009 at 12:02 pm

    Tom:

    >Firwaat setze mer se am Privatsecteur net erop?

    Uh … well dann nach manner Firmen hei am Land investéieren wäerten an déi, die lo schon hei sinn, dann Krämpes hunn d’Payen ze bezuelen?

    > En plus, siicht de Staat scho laang Léit fir “ganz uewen” (dat souguer schons während der CSV-DP Regierung), mee d’Léit gi leiwer an de Privatsecteur well se do op deem Niveau vill méi verdengen wei beim Staat.

    Da soll een do ganz kloer Primen fir gewëss Funktiounen an Responsabilitiéiten aféieren?

    An die héijer Beamten hunn och elo schon duerch x Conseil d’Administrations mat entsprechenden Jeton’en ferme ordentlech Payen. PLUS Aarbechtsplazgarantie. Déis de an aneren Betrieber, oder als Selbststännegen NET hues …

    Mech nervt just dat Gemeckers vun villen Staatsbeamten, déi guer net wëssen wéi gutt sie et hunn. Héich Payen, oft net all ze vill Stress an dann och nach eng liewenslaang Jobgarantie!

    All Staatsbeamten misst mol éier en beim Staat dierft schaffen e Joër an der Privatindustrie verbréngen …

  3. Pol
    July 24, 2009 at 10:43 am

    Et geet jo awer net nemmen em dBeamten,
    Och dHandwierker baim Staat verdengen zevill, dBetrieber investeieren Geld an dAusbildung vun hieren Leit, an wann se dann eppes kennen wenkt de Staat mat de Schainer a werbt se of…

  4. July 24, 2009 at 10:44 am

    Pol:

    Richteg! Dat ass och e grousse Problem! Die privat Entreprisen forméieren d’Läit an wann se dann färdeg sinn, da probéieren se beim Staat ënner ze kommen … och net fair par rapport zum Patron …

  5. Cartman
    July 27, 2009 at 3:30 pm

    Da well ech och mol nach méi Pefferkär ofginn:
    Fir d’éischt weisen ech dorophinn, datt ech och an der Fonction publique schaffen a mir bewosst sinn, wéi gutt ech et hunn am Geigesatz zu Leit aus dem Privatsecteur.

    Mee ganz éierlech gesoot, verstinn ech déi Leit och net, déi nach als Letzebuerger an de Privatsecteur wëlle schaffe goen, mat Ausnahme vun deenen (enger Minoritéit) déi do eng déck Pei ugebuede kréien. Fir de ganze Rescht, ass et dach bal onméiglech fir mat deene ?mikkrege? Paien kënnen hei am Land ze iwwerliewen an sech e bescheiden Standardliewen ze finanzéieren. En plus kënnt dann nach déi andauernd Ongewëssheet dobai, ob een nom Weekend nach eng Plaz huet oder net. Wéi soll een dann do e Wunnengsprêt ugoen oder souguer en Haus kënne bauen?

    Ech hu festgestallt datt a mengem Familjjen- a Bekanntekrees déi manst am Privatsecteur schaffen, doduerch bedingt, datt een op deene meeschte Plazen knapps méi wéi de Mindestloun verdéngt. Dat maacht akzeptabel sinn fir Frontalieren, déi mat där Pai bei sech am Land de King sinn an och vill méi niddreg Liewenskäschten hunn, mee hei leeft een domadder awer guer net weit.

    An genau do leit d’Kromm an der Heck: Am Privaten gëtt quasi nëmme nach 2-Zorte Paien: De Mindestloun oder just driwwer an onmossäg Gehälter fir d’Kadren vun den Entreprisen.

    Firwat solle lo d’Staatsbeamten bestrooft ginn fir eng Entwecklung, fir déi si naischt kënnen? Seit iwwer 20 Joer gouf et keng Gehälterrevisioun méi an der Fonction publique an trotzdeem sinn d’Paie mëttlerweil vill méi héich par rapport zum Privatsektor. Firwat dat sou ass? Ganz einfach, well am Privaten ëmmer manner bezuelt ginn ass, well d’Mentalitéit vun den Patroen changéiert huet. (Ech schwätzen hei fir déi grouss Majoritéit, et gi mat Secherheet och Ausnahmen)

    Fréier hunn d’Patroen sech ëm hiert Personal gekëmmert, hei mol eppes extra ginn an do, fir dat sech d’Leit wuel gewillt hunn bei him, an em och tréi bliww sinn. Hei haaten  d’Leit och eng grouss Secherheet, wat hier Plaz ugangen ass.

    Haut ass dat anescht: De Patron kuckt fir sou man wéi méiglech mussen u seng Leit ze bezuelen, an dréckt se op d’Aan wou e nëmme kann. Et ass him méi wichteg, fir der Fra de neitsten Cabrio an déi 6. Vakanz am Joer ze bidden, wéi dat sain Personal zefridden ass. A wann ee meckert, da kann e seng Pabéiere siche goen, well fir déi nämlecht Aarbecht 50 Frontalieren warden, déi sech net bekloen.

    Zur Ausbildung vun den Handwierker bléiwt ze soen, dat vill Patroen hier Leierbouffen ongären astellen, wa si bis hier Meeschterprüfung gepackt hunn, well sie himm dann einfach ze déier ginn. Ween sech dann net traut fir sain eegene Betrib opzemachen, deen ass natirlech ëm sou frou, fir bei de Staat.

    Dat CGFP jéimmert ass jo nemme normal an och am Intérêt vun hiere Memberen. Wann een der Regierung direkt Entgéintkomme signaléiert, da gëtt d’Resultat ëm sou défavorable fir d’Staatsbeamten. Du wärs gesinn, si stëmmen um Enn zou, datt d’Ufanksgehälter falen, kucken awer fir eppes aneschters am Plaz raus ze handelen.

    Vill méi schlëmm fannen ech dogéint, datt massive Sozialofbau bedriwwe gëtt, vun zwou Parteien, déi d’Wuert sozial an hierem Numm droen.

    P.S. Sorry, dat main Text lob esse méi laang ginn ass

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: