Archive

Archive for August, 2009

A presto, ragazzi!

August 27, 2009 6 comments

Lago_Maggiore_MS2.351222749

Categories: Perséinleches

Belval Plaza e Flop?

August 25, 2009 5 comments

Et ass jo schon vill geschriwwen ginn (zB am Lëtzebuerger Land), dass et zu Belval nawëll ordentlech Problemer ginn an d’Butteker déi do sinn ferme struewelen. An och de Kino asss anscheinend net de Renner an seelen wierklech ausgelaascht?

Mee ass dat verwonnerlech?

Wier et net méi efficace gewiescht fir fir d’éischt d’Wunn-Quartieren ze bauen an ze fëllen an réischt duerno d’Geschäfter etc? D’Läit sinn, menger Meenung no, éischter bereet fir um Ufank och mol nach e puer Kilometer (vun hierem Domizil aus) ze fueren fir an e Shopping Center ze kommen (de Cactus ass jo och net sou wäit fort a wann dann henno e Shopping Center nobäi ass, emsou besser!) wéi ëmgedréit.  Well wéivill Läit si bereed fir x Kilometer ze fueren fir an e Chantier akafen ze goen oder e Film kucken ze goen? An dat Ganzt an enger Geeschterambiance? Gëschter Owend woeren zb och d’Restauranten um Site wéi ausgestuerwen (ok, et ass Summer, Fouer, etc mee trotzdem) … Dann ass am Utopolis par conter ëmmer eng lass (+-).

An jo, ech wees natierlech wéi ëmmer alles besser. Verbessert mech also lo.

Categories: Gesellschaft, Luxembourg

Geotagging. Update.

August 25, 2009 6 comments

Ech hat jo schon eng Kéier probéiert mech mam Geotagging ze beschäftegen, well ech de Prinzip einfach gut a praktesch fannen. Allerdëngs woer bis lo den Handling dovunner alles anescht wéi gut a praktesch!

Mee lo hunn ech en genialen Tool fonnt, wou een sech freet firwat dat net automatesch opmanst an ‘higher class’ Kameraen agebaut gët. Ech schwätzen vum Geotagger GT-01 vun Bilora (ca 90.-), deen een einfach op de ‘Blëtzschong’ vun senger DSLR (oder High-End Kompaktkamera) setzt .

Gëschter Owend séier ausprobéiert an et funktionnéiert perfekt.

Den Trick an Virdeel par rapport zu engem GPS-Tracker ass dass den Gt-01 just déi ‘raw’ GPS-Daten opzeechent, wann een eng Foto mëcht. An dat geet am Brochdeel vun enger Sekonn! Am Géigensatz zu den klasseschen GPS-Geräter, déi nom Aschalten ëmmer éiweg brauchen bis se dann wëssen, wou een lo en effet ass.

Well den GT-01 die raw Daten opzeechent, muss een natierlech spéider um PC déi Donnéen mat engem Server synchroniséieren, deen dann die wierklech, präzise GPS-Daten liwwert. Mee dat geet och ruckzuck. Duerno seet een dem Sync-Programm just nach wou die respektiv Fotoen stinn, déi hien dann remerkennt (duerch d’Auerzäit) an dann brauch een just nach ‘save’ ze drécken. Färdeg!

Den GT-01 kann d’Info fir bis zu 2000 Fotoen späicheren an den Akku hällt iwwert e puer Wochen.

A recommander!

Categories: Photographie

8-bit.

August 24, 2009 5 comments

Grandiosen Video (an Hommage):

Categories: Musek, Video, Wired world

Dee coolsten Anti-Kreationist, deen ech bis lo gesinn hunn.

August 21, 2009 6 comments

Nee, net die Päiff um Ufank. Deen duerno. Schéngt en Evolutiounsbiolog ze sinn?

Seng Art & Weis ass einfach Mauer (jo, ech benotzen die Expressioun ‘Mauer’, an zwar gären).

Categories: Video, Wëssenschaft

Onwards > Avatar.

August 21, 2009 9 comments

Dee Shortfilm hei gefällt mir 10x besser wéi den Trailer fir ‘Avatar’.

Mee bon, wéi ëmmer wuel: affaire de goût.

Categories: Film, Konscht, Video

SpON Relaunch.

August 19, 2009 4 comments

Sinn ech frou, dass ech AdBlocker hunn! Meng Aan giffe jo Kriebs kréien

An ech wees, dass et net fair ass fir Reklammen ze blocken well ech kréien jo gratis Qualitéitscontenu (oder dat sollt et mol op alle Fall sinn). Mee die Reklammen dinn mech optesch katzen. Fairnesshalber wier ech bereet fir tëschent 3 an 5 Euro pro Mount ze bezuelen (iwwert en einfachen System! PayPal oder sou) fir eng Versioun ouni Reklammen ze kréien.

Categories: Design, Wired world