Home > Natur, Video, Wëssenschaft > Proppert Waasser.

Proppert Waasser.

Fir eis ass proppert Waasser jo selbstverständlech, mee fir Milliounen, wa net suguer Milliarden, Läit ass et dat leider net.

Hei ass eng interessant, an ‘amazing’, Léisung:

Op der TED Säit selwer kommentéiert an reagéiert den Michael Pritchard och.

Die Fläsch kéint och eppes sinn fir Läit, déi gären vill wanderen oder hiken. Sou kann een sech ëmmer séier säin eegent proppert Waasser maachen!

Categories: Natur, Video, Wëssenschaft
  1. August 10, 2009 at 12:14 am

    Eng ganz normal PET-Fläsch e puer Stonnen an der Sonn léien lossen helleft genau esou vill. Mä natirlech kennen esou Leit wéi den Pritchard en “Filter” vill besser un Regierungen an ONGen verkaafen wéi déi einfach an genial Léisung.

    Et ginn och UV-Luuchten, déi een puer Minuten an d’Waaser hällt, an dann ass nix méi lieweg dran, waat engem schued.

  2. August 10, 2009 at 12:35 am

    Deen System nennt sech iwregens SODIS
    http://www.sodis.ch/

  3. August 10, 2009 at 2:25 am

    Wow.

  4. August 10, 2009 at 8:07 am

    Wann dat sou einfach ass: firwat erkläert keen den Afrikaner, dass se d’Waasser just e puer Stonnen an enger Fläsch an der Sonn mussen leien lossen?? An doduerch gët een och all déi Bakterien etc lass? Bei genau sou ruppegen Waasser wéi an deem Video?

    A wéivill kaschten sou UV-Luuchten?

  5. August 10, 2009 at 8:10 am

    Genau.

  6. August 11, 2009 at 5:33 am

    ….? an eis soen se et soll een nie eng plastiks flesch an der sonn leien lossen well soss VOC’s vum plastic and d’wasser “leachen”. 😉

    by the way ging dem Micheal Pritchard sein system och rocket fuel an aaneren ” industrial runoff” aus dem wasser filteren? well dees hun mir jo anscheinend genuch hei am wasser?

  7. August 11, 2009 at 8:15 am

    Hänkt wuel dovunner of wéi grouss die, uh, Spurenelementer (?) sinn? Wann se méi grouss wéi 20 nm sinn, da missten se rausgefiltert ginn …

  8. August 11, 2009 at 8:15 am

    Joël:

    Nach do?😉

  9. August 11, 2009 at 10:13 pm

    Ween seet dann daat dat net gemaach ged? Just wells DU nach naischt dovunner héiren hues, ass et esou?
    SODIS ged vun der WHO empfohlen. SODIS ged sait 2001 an iwer 30 Länner ungewand.
    Sorry, mä iert eenT domm Froen stellt, kann eenT och 2 Minuten googlen.
    http://de.wikipedia.org/wiki/Sodis
    http://wissen.spiegel.de/wissen/dokument/dokument.html?titel=Der+Wasserprediger&id=52263697

    Natirlech funktionéiert et net bei Wasser, daat duerch “Dreck” (Stebs, Bulli, etc) veronregnet ass. Et kann een Waaser awer och Sand laafe lossen an et esou filtréiren.)

    An wiesou déi Method esou weineg ugewendt ged? Well een keen Frick domadder maache kann. Genausouweineg wéi een keen Frick mat dem Wessen, daat en mat engem Fixféier schlecht Gerescher ob der Toilett verbannen kann, keen Frick maache kann. Dofir ginn dann ökologesch fragwürdeg Spraydousen mat “Raumdeodorant” verkaaft.

    Just, well een et verkaafe kann, heescht et nach laang net, dat et déi beschten Idee ass. An just, well eppes bei TED leeft, och net.
    Een esou e Container kascht 730 € fir 4 Joer. Wéivill vun denen wärt hien wuehl un Regierungen an NGOen verkaafen? An wéivill kéint een duerch SODIS spueren?

  10. August 11, 2009 at 10:31 pm

    Ech si jo net ganz sou clever, mee du wees dat villäicht dann:

    Kann sou eng SODIS Plastiksfläsch die selwecht Krankheetserreger eliminéieren wéi déi dem Pritchard seng Fläsch?

    Egal wéi ass die SODIS Saach natierlech eng super Saach a sie sollt nach méi ugewandt ginn! Ech wëll just keng Äppel a Bieren mateneen vergläichen … Kéint een dat Waasser aus dem Video e puer Stonnen laang an d’Sonn léen an dann och drénken?

    Mee alles, wat proppert, oder méi proppert, Waasser mécht, soll gefördert an verdeelt ginn. A wann UNO Mataarbechter sou eng efficace Method wéi SODIS eng ‘Micky Maus Aarbecht’ nennen sou ass dat traureg. An tragesch.

    Zeréck zum Pritchard. Hei en Comment vun him vum TED Site:

    “Hi Milo – the cost is perceived to be high at the moment but the prices you are looking at are the retail prices for consumers that can afford it. I have to have a vehicle to make money to go back into developing lower costs of production. When these are produced on mass the price will crash to $20 odd dollars.

    Following TED I am now actively considering setting up a foundation. I propose to use this as the vehicle to raise money to get the costs down quicker and to deliver the LIFESAVER technology through NGO’s and other Agencies.

    Cheap is the answer.”

    An et ass jo nëmmen normal, dass sou Recherche och muss irgendwéi finanzéiert ginn etc.

    Am Video gët och gesot, dass den Präiss en halwen Cent pro Dag wier?

  11. August 11, 2009 at 10:58 pm

    Een Kanister ass gudd fir 4 Joer: 0,5*4*365 = 730 €.
    Natirlech ass sain System och gudd a genial, mä wiesou déier eppes hirstellen, wann d’Leisung vill méi belleg an einfach ka sinn? Natirlech därf hien gäre Souen maache, mä dann kritt en den “Ech retten d’Welt”-Bonus eben net méi, wann en daat seet.

    D’Wasser aus dem SODIS ass durno och steril. An graffen Dreck kanns de ganz einfach duerch ofsetzen oder filtréiren (duerch Sand laafe lossen) erauskréien.

  12. August 12, 2009 at 8:32 am

    Also am Video heescht et:

    “half a cent to run’ … froe mech zwar lo wat dat genau heescht? Lafend Käschten? Misst jo dann à part vum Akaafspräis sinn?

    An deem Fall wieren d’Käschten: 0.5 Cent x 365 x 4 = 730 cents = 7,30 Euro?

    Eng Lifesaver Fläsch fir 4000 Liter kascht 150 Dollar. Mee wéi hien selwer sot, dat do sinn d’Präisser fir déi, die et sech leeschten kënnen. Die Aarem wäerten se méi bëlleg kréien.

    Et schéngt also wéi wanns du dech mat dengem Präis ge-iert häss?

    Wat SODIS ugeet, sou läis de och net ganz richteg. Selon hierem Site: “SODIS does not produce sterile water as drinking water does not have to be sterile.”

    D’Waasser get also net steril (wat anscheinend net néideg ass). Mee wat ech mech froen ass, filtert den SODIS Prinzip wierklech all déi Bakterien, Schadstoffen etc eraus, déi dem Pritchard seng Fläsch erausfiltert?

    A wat d’Saachen mat de Suen ugeet: recherche an développement kaschten numol Energie a Suen! An e groussen Deel vum Benefice gët souwiesou och nees direkt an d’Recherche gepompelt. An dat ass och gutt sou. An ech gönnen engem motivéierten a gescheiten Kapp wéi dem Pritchard och, wann en ausserdem och nach ordentlech dovunner liewen kann. Besser dat wéi en onmotivéierten, deen näischt mécht fir de Läit ze hëllefen. An et ass net jidereen d’Mutter Theresa (déi dovunner och hier eegen egoistesch Motiver hat).

    En plus kënnen Megakapitalisten wéi den Gates, de Buffet, etc mat hieren Foundatiounen vill méi errechen wéi du an ech mat eisen limitéierten Ressourcen an Muecht.

    Geld ass nët ëmmer schlecht. Opmanst an der realer Welt.

  13. August 12, 2009 at 6:06 pm

    (Fortsetzung vun der Diskussioun)

    Prais: Do hunn ech mech effektiv geiert, du hues an dem Fall Recht. Trotzdem ass a bleiwt SODIS méi belleg an op manst ähnlech effektiv. Et ass awer keen Filter, mä ähnlech wéi beim Ofkachen ginn d’Krankheetsereger duerch d’UV-Strahlen embruecht.

    “D’Souen ginn direkt erem an d’Forschung gepompelt”
    Seet ween? Vlaischt huet den Härr och einfach just Loscht, sech d’Täschen vollzestoppen?

    Natirlech sinn Souen “naischt schlechtes”, mä ech fannen et trotz allem problematesch, wann eppes als DÉI LEISUNG verkaaft (!) ged, obwuehl et gudd an virun allem vill méi belleg Léisungen ged. Oder eben: Schued.

    An et passt natirlech och erem super an déi westlech Logik, Ofhänegkeeten an der dretter Welt ze schaffen, amplaatz de Leit ze weisen, wéi se sech selwer hellefen kennen.

  14. August 12, 2009 at 6:32 pm

    > Prais: Do hunn ech mech effektiv geiert, du hues an dem Fall Recht.

    Irren ist menschlich😉

    > Trotzdem ass a bleiwt SODIS méi belleg an op manst ähnlech effektiv.

    Kanns de Zuelen an Donnèeën bréngen oder ass dat just esou dohinner gesot?

    > Et ass awer keen Filter, mä ähnlech wéi beim Ofkachen ginn d’Krankheetsereger duerch d’UV-Strahlen embruecht.

    An dat funktionnéiert fir all die Krankheetserreger déi den Pritchard erwähnt? Déi kann een all duerch UV killen? Ech si kee Biolog, duerfir froen ech … Par conter hunn ech dat mam Filter verstan: alles wat méi grouss ass wéi 25 nm bleift hänken.

    > Seet ween? Vlaischt huet den Härr och einfach just Loscht, sech d’Täschen vollzestoppen?

    Den Pritchard huet gesot e grousse Batz giff nees an d’Recherche goen, fir d’Fläsch nach méi effektiv ze man, méi rentabel a méi bëlleg. Firwat bass du sou zynesch? Ech fannen dem Pritchard seng Fläsch gutt a eng Motivatioun luewenswäert. Wann en och nach e puer Frang domadder verdéngt, firwat net? Maachen die allermeescht Läit. Just dass deenen hier Aarbecht nëmmen seelen deenen Aarmen hëlleft …

    > Natirlech sinn Souen “naischt schlechtes”, mä ech fannen et trotz allem problematesch, wann eppes als DÉI LEISUNG verkaaft (!) ged, obwuehl et gudd an virun allem vill méi belleg Léisungen ged.

    Ma da soll SODIS sech un TED wennen an hiere Produit oder System virstellen! Mee die Lifesaver Fläsch do hällt wat se versprëcht an ech hätt léiwer sou eng wéi dass ech an engem verseuchtenen Camp misst liewen just well déi do eng Waasserquell hunn …

    > An et passt natirlech och erem super an déi westlech Logik, Ofhänegkeeten an der dretter Welt ze schaffen, amplaatz de Leit ze weisen, wéi se sech selwer hellefen kennen.

    Do ginn ech der prinzipiell Recht. Mee ech gesinn et eischter als Noutléisung.

    Mee wann die SODIS Saach wierklech sou effektiv ass wéi dem Pritchard seng Fläsch (waats de bis lo nach net beluegt hues), dann sinn ech absolut dofir déi ze pushen. Oder déi zwee je no Situatioun, etc.

    Ech kréien jo keng Tantiemen vum Pritchard.

    Ech fannen just deng Hostilitéit iwwerdriwwen an net ubruecht.

  15. August 12, 2009 at 7:16 pm

    Zuelen: gären!

    In 5 hours, the unit eradicated 3 log 10 (99.99%) of bacteria contained in the water samples.
    (http://www.ewb-international.org/pdf/WaterForAllJagadeesh.pdf)

    Iwerhaapt géif ech der uroden, den FAQ duerchzeliesen, ech mengen do ginn déi meescht vun dengen Froen beäntwert: http://www.sodis.ch/German/Text/T_FAQ_g.htm

    Méi zu der Recherche fenns de ennert http://www.sodis.ch/German/Text/T_Research_G.html

    Dat enzegt wat SODIS net kann, ass ze dreiwt Waaser filtern oder Chemikalien rausfiltern. Chemikalien kriss de mam LifeSaver jo awer och net raus, oder?

  16. August 13, 2009 at 8:18 am

    Ech mengen mir mussen wierklech mol ophalen fir Äppel a Bieren mateneen ze vergläichen.

    Die SODIS Prozedur, déi en effet genial einfach ass, erënnert mech éischter un d’Ofkachen vun doutéisem Waasser. Wéi zB Waasser aus engem Floss wou villäicht 1 km méi wäit uewen grad en Iesel am Gaang ass ze verwesen.

    D’Lifesaver Bottle par conter, déi wierklech genial konstruéiert ass, mécht aus schwaarzem Schmorri drenkbart Waasser a geet domadder, sou wäit ech dat aschätzen kann, e Schrëtt weider wéi d’SODIS Fläsch. Well ech huelen wuel kaum un, dass dréiwt Waasser wou Fäkalien etc dra schwammen drenkbar gët just well et 6 Stonnen an der Sonn an enger Plastiksfläsch läit … ? Dat schéngs de jo och zouzeginn wanns de sees dass SODIS keen dréiwt Waasser filteren kann. En plus huet een no just e puer Sekonnen Pompelen dat proppert Waasser!

    Mat der Lifesaver Bottle kanns de suguer Urin filteren (och wann dat net recommandéiert gët an d’Waasser salzeg bleift).

    Wat d’Filteren ugeet: “The smallest bacteria measures 200NM (nanometres) whilst the smallest virus measures about 25 nanometres. The ultra filtration membranes in the LIFESAVER Ultra-Filtration cartridge have pore sizes of only 15 nanometres, this means that no contamination can pass through into the drinking water.”

    Wat d’Chemikalien ugeet: “Your LIFESAVER bottle comes with an activated carbon filter. This is designed to reduce chemical residues, Inc: pesticides, endocrine disrupting compounds, medical residues and heavy metals. ”

    Sie ginn also emmerhin reduzéiert.

    Lange Rede, kurzer Sinn: die zwou Methoden schéngen sech ze ergänzen, mat SODIS fir déi mie einfach an LifeSaver fir die mei schwiereg Situatiounen.

    Bass de ëmmer nach géint d’LifeSaver Fläsch?

  17. August 14, 2009 at 7:51 pm

    Stemmt, SODIS kann keen Waasser rengegen, an dem Fäkalien schwammen. Mä wien géif esou een Wasser drenken? De Problem ass jo eischter Waaser, daat gudd ausgesait, waat gedronk ged.

    Ech denken daat LifeSaver eng gudd Noutleisung ka sinn no Katastrophen wou d’Wasser extrem verdreckt ass, mä net a normalen Situatiounen wou “normal” knaschtegt Wasser huet, waat duerch Fäkalien an Ofwasser verschmotzt sinn. (Och an der Kläranlag schwammen keng Stecker méi, daat ganzt leisst sech alles schnell ob an gesait erstaunlech propper aus)

    En plus ged emmer gesoot, daat Waaser daat duerch en Carbon-Filter (och net déi allerneisten Technik, mä jo och nemmen een Deel vun LifeSaver) leeft, net immens gudd schmaacht. Daat ged oft als Virdeel fir SODIS geholl.

    Ech sinn net prinzipiell géint LifeSaver, mä et géif mech awer fuerchtbar iergern, wann esou eng déier Method amplaatz vun enger belleger, genialer géif angesaat ginn. (Natirlech schwätzen ech héi vu Plaatzen/Situatiounen, bei denen eng Uwendung vun SODIS och praktikabel ass, wat meeschtens de Fall ass, denken ech.) Dofir fannen ech et zB. och net gudd dat hien direkt vun 4 Joer schwätzt: esou laang sollt keng Ofhängegkeet vun esou engem System bestoen.

    Dat ass eben och esou en Punkt, den mech immens stéiert, well een domadder eng extrem Ofhängegkeet opbauen kann. (An dann prinzipiell och d’Praiser kräfteg an d’Luucht setze kann, ouni em daat lo ennerstellen ze wellen.) PET-Fläschen ginn et dogéint iwerall respektiv sinn net sou déier.

  18. August 14, 2009 at 10:49 pm

    > Stemmt, SODIS kann keen Waasser rengegen, an dem Fäkalien schwammen. Mä wien géif esou een Wasser drenken?

    Läit déi soss keen anert Waasser hunn?

    > Ech denken daat LifeSaver eng gudd Noutleisung ka sinn no Katastrophen wou d’Wasser extrem verdreckt as

    Maja, mee der ginn et der jo och eng Rëtsch (Tsunamis, Iwwerschwemmungen, etc). Do entstinn séier all méiglech Zorten vun Krankheeten. Wat (zum Deel) verhënnert kéint ginn, wann d’Läit sou Lifesaver Fläschen hätten fir hiert Waasser ze filteren.

    > En plus ged emmer gesoot, daat Waaser daat duerch en Carbon-Filter (och net déi allerneisten Technik, mä jo och nemmen een Deel vun LifeSaver) leeft, net immens gudd schmaacht. Daat ged oft als Virdeel fir SODIS geholl.

    An enger Situatioun wou een tëschent deenen zwee als equivalent Optiounen wielen kéint, giff ech natierlech och dat wielen, wat besser schmaacht.

    > Ech sinn net prinzipiell géint LifeSaver, mä et géif mech awer fuerchtbar iergern, wann esou eng déier Method amplaatz vun enger belleger, genialer géif angesaat ginn. (Natirlech schwätzen ech héi vu Plaatzen/Situatiounen, bei denen eng Uwendung vun SODIS och praktikabel ass, wat meeschtens de Fall ass, denken ech.)

    Dat ass jo de Punkt. Et hänkt vun de Situatiounen of vun deenen ee schwätzt oder ausgeet.

    Ech sinn jo och net géint SODIS wann dat duergeet!

    > Dat ass eben och esou en Punkt, den mech immens stéiert, well een domadder eng extrem Ofhängegkeet opbauen kann.

    Ech mengen net dass dat säin Ziel ass.

    > PET-Fläschen ginn et dogéint iwerall respektiv sinn net sou déier.

    Wann déi a gëwessen Situatiounen duerginn: all the power to the PET Fläschen!

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: