Home > Architektur, Design, Gesellschaft, Konscht > Vegetal City.

Vegetal City.

07_bz

Woer lo gëschter zu Bréissel an hunn endlech dës Ausstellung gesinn: Vegetal City (vum Luc Schuiten).

Brilliant! Ech kann se nëmmen jiderengem recommandéieren deen sech fir Architektur an/oder Futurismus a Punkto Stadt-Design interesséiert. Seng Zeechnungen sinn fantastesch an seng Iddien wéi Stied kéinten an Zukunft aussinn sinn extrem poetesch, voire magësch. Natierlech sinn et Utopien, mee duerfir sinn se jo sou attraktiv. Gewëss Aspekter dovunner, zumools natierlech déi die d’Integratioun vun der Natur betreffen, kéint een awer en effet beim Design vun de Stied méi consideréieren.

(Ech sinn frou, dass Lëtzebuerg schon vun sech aus sou eng grëng Stad ass.)

An engem Interview sot hien och, dass d’Globalisatioun nët nëmmen zu enger Diminutioun vun der biologescher Artenvielfalt féiert, mee och zu enger architektonescher. D’Stied ähnlechen sech ëmmer méi, lokal Eegenvarianten ginn ëmmer méi rar. A Recht huet en. Leider.

D’Ausstellung leeft nach bis den 30. August.

06_az

01_az

02_az

  1. August 17, 2009 at 1:41 am

    Dat läscht gefällt mer. Dat gëtt et a gewësser Hisicht jo och haut a Form vun Atrien.

    Ech sinn net wierkelch domatter averstanen, dass Stied sech emmer méi ähnelen. Jo, gewësse Ketten ginn et an bal all Grousstad mëttlerweil, mee dofir sinn d’Stied awer architektonesch net d’selwecht. Kuck der emol z.B. Paräis, London, Bern, Bréissel, Oxford, Prag, Stockholm, Dresden, Amsterdam, a Lëtzebuerg un. Sou ähnlech sinn déi sech net. Mol net eng grouss Foussgängerzon em déi sech de Stadkär dréit hues de an all Stad (zu Stockholm hues de se beispillsweis, zu London a Paräis awer net).

    (De Begrëff “Futurismus” passt guer net. Futurismus war eng gewaltverherrleschend, fraefeindlech, radikal Beweegung an Italien ufanks bis Mëtt lescht Joërhonnert gewiercht.)

  2. August 17, 2009 at 1:20 pm

    Thierry:

    Die MODERN Stied, oder die MODERN Deeler vun de Stied, ähnlen sech ëmmer méi! Emmer dee selwechten Genre Héichhäiser.

    Die aal Stadtzentrem logescherweis natierlech net …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: