Home > Video, Wëssenschaft > Dee coolsten Anti-Kreationist, deen ech bis lo gesinn hunn.

Dee coolsten Anti-Kreationist, deen ech bis lo gesinn hunn.

Nee, net die Päiff um Ufank. Deen duerno. Schéngt en Evolutiounsbiolog ze sinn?

Seng Art & Weis ass einfach Mauer (jo, ech benotzen die Expressioun ‘Mauer’, an zwar gären).

Categories: Video, Wëssenschaft
  1. Pol
    August 21, 2009 at 6:30 pm

    Wow, ee Biolog deen eppes vu Cosmologie verstan huet, cool😉

    Just mat der Thermodynamik, do ass daat ganzt rem mei problematesch….

  2. August 21, 2009 at 6:52 pm

    Cool woer och op säin Attitüde a säin Ausgesinn bezunn.

    An Pol, du däerfs gleewen wat och ëmmers de wëlls, soulaangs de kengem virschräiws dat och (ouni Beweiser) missen ze gleewen😉

  3. Pol
    August 21, 2009 at 8:28 pm

    Woubai mer rem bai dem Wuer ‘Gleewen’ wieren, well ech daat bai wessenschaftlechen Fakten net benotzen well.

    Ech denken dofir och daat et wahnsinneg dämlech ass eppes ze gleewen waat wessenschaftlech bewisen net stemmt.

    Ech wollt mat der Thermodynamik jo just soen daat dem L. Aron Nelson (sou heescht de Mann) sain Argument daat dErschafen vu Matiere aus dem Naischt, dem eischten Gesetz vun der Thermodynamik widersprieche geif, mat sech feiert daat et matiere (a weienger form och emmer) emmer scho gouf, an si sech emmer nees verännert. Daat geif par contre dem 2ten Gesetz vun der Thermo widerspriechen, laut deem Thermodynamesch Prozesser nemmen an eng Richtung oflaafen kennen…

  4. August 21, 2009 at 8:47 pm

    Wéi huet denger Meenung no dann alles ugefaangen?

  5. August 21, 2009 at 9:20 pm

    Am Fong ass dat Argument “dat sprecht géint d’Naturgesetzer” dach Blödsinn, vis a vis vun engem, den un een allmächtege Gott glewt. Deen *mescht* d’Naturgesetzer jo a kann se, wann hien d’Universum erschaff huet, ausser Kraaft setzen.

    Ech fannen sou Diskusiounen emmer relativ sennlos. Natirlech géif ech et besser fannen, wann d’Leit géife probéiren, déi wessenschaftlech Erklärungen (an oft ass déi jo och: “Mir hunn do e puer Theorien, wessen et awer nach net) unzehuelen, amplaatz un Märercher ze glewen/hier reléis Texter à la lettre huelen, mä fir lo ze diskutéiren, ob Gott elo géint d’Gesetzer vun der Thermodynamik verstousse kann oder net, klengt fir mech bessen wéi Diskusiounen vun Hardcore Fans/Nerds vun Comcis/Serien/Filmer. Just eben manner witzeg an “ze eescht”.

  6. Pol
    August 21, 2009 at 9:41 pm

    aaaaahhhhhh ech gi messverstan…. hellef….

    @Joel, Ech wollt do guer net Gott an dSpill brengen, deen huet a Wessenschaftlechen Saachen naischt ze sichen. Ech wollt just soen daat ech meng Problemer mat daer Theorie vun der onendlecher Existenz vum Universum hun, zumindest a verbindung mat der Urknall Theorie. Daat widersprecht zumindest deenen Naturgesetzer dei een ob Makroskopeschen Niveau beobachte kann (1st an 2t Thermodynamescht Gesetz)…
    (bai der Steady State Theorie ass deen Problem mat der Thermodynaik fort, well laut daer Theorie daat 1st Gesetz guer ob kosmologeschem niveau guer nemmei gellt)

    also nachemol, nemmen well ech net mat senger Cosmologescher Theorie averstan sen heescht net daat ech denken Gott huet dUniversum erschaf, a scho guer net a 6 deeg etc…

    @Grommel, do bleiwen jo dei 2 Theorien Steady State a Big Bang.
    Baim Big Bang ass et schnell gesoot: Waat virun enger singulariteit war kann een net wessen, si ass jo quasi een eezegt alleng, a wa mer dann bessen infotheorie mat der Physik vermeschen, kann een an daer singulariteit dei jo och nemmen een Zoustand huet null Bit also och keng informatioun spaicheren. Si haett deemno alles waat virdrun war vir emmer gelöscht….

    Steady State ass natierlech anescht, dUniversum expandeiert, mee et entsteht iwwerall nei matiere sou daat dDensiteit konstant ass… Daat wier dann daat onendlecht Universum vun deem hee schwetzt…

    perseinlech ‘gefällt’ mir Steady State besser, einfach well et mei elegant ass a keen Ursprung brauch. (dMajoriteit vun de Physiker ass awer fir Big Bang…)

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: