Home > Gesellschaft, Luxembourg > Belval Plaza e Flop?

Belval Plaza e Flop?

Et ass jo schon vill geschriwwen ginn (zB am Lëtzebuerger Land), dass et zu Belval nawëll ordentlech Problemer ginn an d’Butteker déi do sinn ferme struewelen. An och de Kino asss anscheinend net de Renner an seelen wierklech ausgelaascht?

Mee ass dat verwonnerlech?

Wier et net méi efficace gewiescht fir fir d’éischt d’Wunn-Quartieren ze bauen an ze fëllen an réischt duerno d’Geschäfter etc? D’Läit sinn, menger Meenung no, éischter bereet fir um Ufank och mol nach e puer Kilometer (vun hierem Domizil aus) ze fueren fir an e Shopping Center ze kommen (de Cactus ass jo och net sou wäit fort a wann dann henno e Shopping Center nobäi ass, emsou besser!) wéi ëmgedréit.  Well wéivill Läit si bereed fir x Kilometer ze fueren fir an e Chantier akafen ze goen oder e Film kucken ze goen? An dat Ganzt an enger Geeschterambiance? Gëschter Owend woeren zb och d’Restauranten um Site wéi ausgestuerwen (ok, et ass Summer, Fouer, etc mee trotzdem) … Dann ass am Utopolis par conter ëmmer eng lass (+-).

An jo, ech wees natierlech wéi ëmmer alles besser. Verbessert mech also lo.

Categories: Gesellschaft, Luxembourg
  1. August 25, 2009 at 7:26 pm

    De Raymond Massard huet bei der Eröffnung gesot en geing mat 500’000 Besicher am Joer rechnen. Alles iwwer 350’000 géing awer duergoen.

    Am Juli wor en Artikel an der Zeitung dass bis elo 100’000 Leit do gewiecht sin. Ech mengen do wor den Harry Potter awer nach net en compte geholl, an d’Chreschtdaagsprogramm steet och nach aus. Mee 250’000 Leit ass nach e wäiten Wee.
    Mee et wier schued, et ass e flotte Kino. Anerersäits ass denken ech bewosst gewiecht, wéi riskéiert dee Schrett wor.

    Et ass schwéier sou en Quartier ze man, besonnech wann d’Uni nach emmer net kennt.

  2. Pol
    August 25, 2009 at 7:27 pm

    Also ech weilt do kee Geschäft hun… Do ass jo och mei Secherheetspersonal wei Clienten….

  3. Pit
    August 25, 2009 at 11:32 pm

    De Kino ass zwar wat d’Setzer an den Sound an iwwerhaapt alles wat mam Sall u sech ze dinn huet eng Klass méi héich wéi den Utopolis.

    Mee hiren Keesen System ass am A…

    Obwuel oder grad well een an der selwechter Kees den Ticket an d’Fressalien kafe kann sinn d’Waardeschlaangen zimlech laang. An obwuel se 8 oder 9 Keesen hunn, sinn seelen méi wéi zwou op.

    Mä trotzdem géif ech jidderengem aus dem Minett empfielen do an de Kino ze goen.

    Wat elo d’Geschäfter ugeet, muss ech agestoen dass ech net op d’Idee géif kommen do akafen ze goen, ausser an de Saturn, mä dee mécht jo och deementspriechend Reklamm.

    Vun de Restauranten well ech guer net schwätzen.

  4. Nemo
    August 27, 2009 at 2:55 am

    Mär huet de Patron vun engem alagesiessene Geschäft am Zentrum vun Esch verzielt, wéi hien och virun e puer Joer gefrot gi wier, eng Filial op Belval opzemaachen. Hien huet ausgerechent, wat en eleng un Ëmsaz maache misst, fir Loyer an Onkäschten ze bezuelen an “op Null ze kommen”, an huet dat emol schéi si gelooss, och wann Anerer him gesot hunn, dat wier e Riesefeeler, vu wegen, wat do alles op Belval hikéim.
    Haut ass e frou, do bis ewell d’Fangeren dervu gelooss ze hunn, wahrscheinlech hätt e bei deem Finanzlach, dat Belval em gerappt hätt, säi Buttik an Esch och gläich mat kënnen zoumaachen.
    Wann emol bis d’Uni steet, a wann emol bis Leit do wunnen, a wann emol dee ganze Site net méi no Mega-Chantier ausgesäit, a wann d’Emgéigend net méi de Charme vun enger trostloser Einöde verstréimt, da gëtt et vläit intressant, do ze sinn.
    Bis dohinner: Alle Pionéier e laaaaangen Otem gewënscht!

  5. August 29, 2009 at 1:36 am

    Ech war bis elo just eemol am Saturn. An dat och just, well déi ukennegt Eröffnung vum Kino guer net stattfonnt huet, wat mer awer eréischt gesot kruten wéi mer schon virun der Dier stoungen. Aus deem Grond wert ech och ni an dee Kino goen. A wat de Saturn ugeet, do ginn ech weiderhin op Tréier. Dat ass genausouwäit ewech, an do hunn ech och nach eng ganz aner Geschäfter an vill, vill méi Liewen.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: