Home > Gesellschaft, Video, Wëssenschaft > Clear vision.

Clear vision.

September 13, 2009 Leave a comment Go to comments

Mir, als Memberen vun der sougenanntenen ‘éischter Welt’, huelen jo vill vun eisen Annehmlechkeeten als selbstverständlech an normal un. E Beispill: wann ee mierkt, dass ee net méi gutt gesäit, da geet een bei den Aandokter, kritt een e Brëll oder Kontaklënsen verschriwwen, keeft een sech déi an voilà, de Problem ass geléist.

An der ‘drëtter Welt’ ass dat awer natierlech alles anescht wéi selbstverständlech well et do 1. extrem wéineg Aandokteren ginn an 2. d’Läit och keng Suen hätten fir sech Brëller ze kafen. D’Auswierkungen dovunner maachen sech vielfälteg bemierkbar, mee zumools natierlech bei der Liewensqualitéit vun deenen betraffenen Persounen an bei hierer Edukatioun, wat sech dann och nees negativ op die ekonomesch Situation vun der Gesellschaft zeréckschléit.

Wéi eis Gesellschaft wuel funktionnéieren géiff, wann vun haut op muer all Brëller a Kontaktlënsen géiffen verschwannen? A ronn 50% vun de Läit hun där jo. A ween selwer eng Kéier testen wëll, wéi et wier sech ouni Brëll oder Kontaktlënsen duerch d’Liewen missen ze schloen kann dat jo mol een Dag laang probéieren … (natierlech just déi, die e Brëll hunn. wéivill vu mengen Lieser wieren dat btw?).

A fir dëser Problematik bäizekommen huet en cleveren, engleschen Wëssenschaftler lo en Brëll mat ‘Waasserlënsen’ erfonnt, déi een selwer, ouni Aandokter, kann regléieren. Sou en Brëll kascht momentan $19, wat jo näischt ass, mee ëmmer nach zevill fir Läit déi mat manner wéi engem Dollar pro Dag auskommen mussen … Giffen natierlech lo Milliounen der Brëller produzéiert ginn giff de Präis natierlech erof goen. Hoffe mer, dass et dozou kënt!

Hei d’Präsentation vum Josh Silver:

  1. No comments yet.
  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: