Home > Geschicht, Gesellschaft, Politik > Atombommen: eng Garantie fir Fridden?

Atombommen: eng Garantie fir Fridden?

September 14, 2009 Leave a comment Go to comments

dr-strangelove-3-copy

Meng spontan Äntwert op d’Fro ‘Sollen d’Atombommen ofgeschaaft ginn?’ wier, wéi wuel bei deenen meeschten Läit, en kloren ‘Jo!’ gewiescht.

Nodeem ech awer lo die kontrovers Coverstory vun der läschter Newsweek gelies hunn (‘Learning to love the bomb‘, hei och als Podcast) wier ech tentéiert ‘Nee’ ze äntwerten. D’Argumenter am Artikel firwat eng Welt ouni Nuklearwaffen, ugeholl dat wier iwwerhaapt ze realiséieren, méi geféierlech wier, wéi eng mat, hu mech nawell iwwerzeecht. Opmanst mol op den éischten Bléck. An ech fannen et ëmmer gutt, fir traditionell Meenungen ze hannerfroen. Oft behaapten Läit einfach Saachen well aner Läit virun hinnen dat och schon behaapt hunn an sou weider. Ouni sech eigentlech mat der Fro usech am Fong beschäftegt ze hunn.

Hei lo den ‘Résumé’.

Zwou Observatiounen fir unzefänken:

1. Zënter 1945 gouffen keng Nuklearwaffen méi agesat.
2. Et huet nie eng Nuklearkrich, an och keen Net-Nuklearkrich!, tëschent zwee Nuklearstaaten statt fonnt.

Konventionell Kricher entstinn normalerweis, wann den Ugräifer der Meenung ass, hien giff mat senger Aggressioun ongeschuer dovunner kommen oder opmanst selwer nëmmen ganz limitéierten Schued ze erleiden. Atomwaffen änneren awer déi Prämisse enorm: wann een eng Natioun ugräift, déi eng Atombomm huet, sou riskéiert een selwer am Géigenzuch och, dass eegen Stied pulveriséiert ginn. An dorobber si mol net die verrécktesten Diktatoren wierklech schaarf. Am Géigendeel: sie gesinn an, dass se sou en Krich net gewannen kéinten.

Natierlech hunn d’Amerikaner an d’Russen konventionell Stellvertreter-Kricher geféiert, mee sie hunn sech géigensäiteg NET mat Atomwaffen attackéiert. An dës Kricher, ob an Korea, Vietnam, Angola oder Südamerika, hunn zB nie d’Envergure vun engem 2. Weltkrich errecht, wou die meescht Affer jo och duerch konventionell Waffen em d’Liewen komm sinn (Hätt den Hitler d’Land X ugegraff, wann d’Land X eng Atombomm gehat hätt?).

Eng direkt, nuklear Konfrontatioun ass also ëmmer vermieden ginn an et ass ganz wahrscheinlech, dass dat och an Zukunft sou bleiwen wäert.

Well suguer an enger extremer Situatioun wéi der ‘cuban missile crisis’ 1962 hunn d’Leaderen op béiden Säiten schlussendlech agesinn, a villäicht fir déi éischten Kéier wierklech, dass en Atomkrich von kengem wierklech ze gewannen wier.

An dat Muster huet sech widderholl duerno: Nuklearmuechten stéieren op e Krich zou mee zéien sech dann nees zeréck éier et ze spéit ass. An ëmmer aus dem selwechten Grond: et well keen Atombommen op säin eegent Land falen gesinn! Rezent Beispiller heifir ass d’Verhalen vun Indien an Pakistan.

Kritiker wenden awer dann ass, dass et jo wuel extrem naiv wier fir ze mengen, dass Läit wéi den Kim Jong Ill oder den Ahmadinejad net fäheg wieren eng Atombomm ze zünden. Mee sinn déi zwee wierklech méi verréckt wéi den Mao oder den Stalin, déi allen béid jo och Zougang zu Atomwaffen haten? Béid hunn och gedroht hier Feinden ze vernichten an hunn awer den decisiven Schrëtt nie ënnerholl. Kee woer gewëllt en nuklearen Suicide ze begoen.

Nordkorea ass just en klengt, veraarmtent Land mat enger ganzer Geschicht vun Okkupatiounen, deem säin Haaptziel et ass fir ze iwwerliewen. An d’Atombomm (als Ofschreckung) hëlleft hinnen dobäi. Nordkorea rasselt vun Zäit zu Zäit mam Säbel an kënt dann awer ëmmer rem zum Verhandlungdësch zeréck. An den Ahmadinejad säi Pouvoir ass limitéiert duerch die ierwescht Kleriker, déi ëmmer fäheg woer fir raisonabel ze sinn, wann hiert eegent Iwwerliewen um Spill stung.

Dat nächst Géigenargument wier natierlech d’Gefohr duerch Terroristen. Mee och déi ass ziemlech geréng, well firwat sollten zB d’Mullah’en hier Krounjuwelen un d’Hisbollah oder d’Al Qaeda ginn, iwwert déi sie wéineg Kontroll hunn? Zumools wann d’USA et kloer gemaach hunn, dass Länner, déi Terroristen giffen Zougang zu Atombommen ginn, giffen als Krichspartei giffen ugesinn an dementsprechend behandelt ginn. Nuklearwaffen weider ze ginn giff also och engem nuklearen Suicide gläichkommen.

A suguer, wann ee fäert, dass duerch politeschen Chaos an Putscher op eemol Atombommen giffen duerch d’Luucht fléien: dat woer 1964 a China net de Fall, an och net an de 1990er Joeren, wéi d’UDSSR auserneen gebrach ass (d’Amerikaner haten deemools de Russen gehollef, d’Waffen ze sécheren). An och de Risiko am Pakistan ass am Endeffet extrem kléng: suguer wann de ganzen Staat giff kollabéieren, sou wier et nach schwiereg fir d’Waffen ze aktivéieren well se duerch komplizéiert Systemer geséchert sinn, déi net esou einfach (oder alleng) ze knacken sinn. En plus sinn Atomwaffen wesentlech méi komplizéiert ze handhaben an instand ze halen, wéi e klengen Revolver. Dat kann net jidereen. En plus sinn se relativ einfach ze ‘disablen’.

Et besteet natierlech de Risiko vun engem Wettrüsten. Mee och deen muss een a Perspektive setzen: an 64 Joër gouff et maximal 12 Atomstaaten. Momentan sinn et der just 8. Ass also net, wéi wann déi Zuel explodéiert wier. Vill Länner hunn hier Atomwaffenprogrammer opginn, well se ze komplizéiert, ze kontrovers oder ze déier woeren (oder d’USA gesot hunn, sie giffen hieren Nuklearprabbeli op sie ausdehnen).

D’Logik vum nuklearen Fridden berout also op enger e bëssen beängschtegender Prämisse: mir akzeptéieren de klengen Risiko, dass eppes ganz Schlëmmes kéint passéieren (Atomkrich) well deen d’Chance, dass eppes ganz Schlëmmes (konventionellen Krich) NET passéiert, enorm vergréissert.

Amplaz also ze probéieren d’Atomwaffen ofzeschafen (wat wuel kaum méiglech, an jo villäicht och net wënschenswäert, ass) sollt een weiderfuerschen, sou dass een technësch an der Lag wier, fir no all eventuellem Atomugrëff kënnen festzestellen vun wou déi Atombomm komm ass an sou den ‘Übeltäter’ séier festzestellen wier. Dat giff déi ‘rogue states’ dann en plus nees präventiv découragéieren well se wéisten, dass sie dann eng Vergeltung fäerten missten.

En plus sollt ganz kloer an oppen gesot ginn, ween Nuklearwaffen huet. Well wéi et schon am Doctor Strangelove heescht: ‘The whole point of a Doomsday Machine is lost if you keep it secret!’. Dat giff verschidden Läit vun potentiell dommen Iddien ofhalen.

E weideren wichtegen Aspekt wier fir sécher ze stellen, dass ALL Nuklearmuechten eng ‘survivable second-strike option’ hunn. Dat wier eng weider Ofschreckung fir deen Staat net nuklear unzegräifen well sécher gestallt wier, dass den Aggressor och ze leiden hätt.

Ausserdem sollten d’USA all den Nuklearstaaten, genau wéi se et an de Fäll vun Russland a Pakistan gemaach hunn, hëllefen hiert Nuklearmaterial anstänneg ze sécheren. Suguer wann et feindlech Natiounen sinn.

Villes vun deem kléngt op den éischten Bléck natierlech verréckt a konter-intuitiv. Mee et geet drëm fir eng nuklear Welt, déi eng Realitéit ass an wuel bléiwt, méi sécher ze man. An do ginn Dreem vun Harmonie a Fridden alleng leider net duer …

  1. September 14, 2009 at 11:42 pm

    Ech ziehlen zwar bessi méi wéi 12 Länner: http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/6/6f/Atommaechte.png (Maach sinn, daat déi blo der net all haaten, mä et sinn der méi wéi 12.) An daat huet och naischt domadder ze dinn, daat Atombommen magesch dofir suergen, daat et Fridden ged, mee well Leit sech géint esou eng Monstrositéit gewiert hunn. Du baiss der do jo selwer an dain Argumentatiounsraateschwaanz.

    Der glaicher Logik no géif et keen Krich méi ginn, wann all Land Atombommen hätt. Genausou wéi een dann erem chemesch a biologesch Waffen legitimiséiren kéint. An all aaner Schwengereien, ob déi d’Menschen kommen.

    Außerdem gees du guer net ob d’Meiglechkeet an, daat eng Atommuecht eng Bomm géint een net-nukleart Land asetzt. (D’Ofschosstatione vu klenge Länner wéi dem Vatikan, Letzebuerg, Island, Liechtenstein, Monaco, etc. kéint een och bei nuklearer Bewaffnung mat engem Schlaach zerstéiren.)
    Waat ass dann mat “mini nukes”? Ech gesinn net, waat z.B. een Bush dovunner ofgehaalen hätt, esou “kleng” Atombommen géint den Irak anzesetzen. Ech gesinn net, waat eng ultrariets Partei an Israel géif dovunner ofhaalen, Atomreaktoren am Iran mat Atombommen ze bombardéiren.

    Außerdem: Waat ass daat dann fir een Argument, daat sait 1945 keng Atombomm méi gefall ass? Et ass awer genuch konventionelle Krich ginn, och vun a géint Atomstaaten. Ah, mä Atombommen verhenneren Kricher an raischen, westlechen Länner. Dann ass jo alles gudd. Méi brauche mer net. Vilaischt sollte mer déi aaner Länner och an d’Steenzait zereckbommen? Ass jo och méi secher.

  2. September 14, 2009 at 11:51 pm

    Joël:

    Lies wgl wat do steet? 12 Länner woer de maximum vun Länner déi AtomWAFFEN hunn oder haten. Hei gouff net vun Länner mat einfach just Atomtechnologie geschwat. Momentan hu just 8 Länner Atomwaffen.

    > An daat huet och naischt domadder ze dinn, daat Atombommen magesch dofir suergen, daat et Fridden ged, mee well Leit sech géint esou eng Monstrositéit gewiert hunn. Du baiss der do jo selwer an dain Argumentatiounsraateschwaanz.

    Ech si mer net sécher, wat däin Punkt ass … ?

    > Der glaicher Logik no géif et keen Krich méi ginn, wann all Land Atombommen hätt. Genausou wéi een dann erem chemesch a biologesch Waffen legitimiséiren kéint. An all aaner Schwengereien, ob déi d’Menschen kommen.

    Jo, wann et Schwéngereien sinn déi die total Vernichtung bréngen. Oder hues du e Beispill vun engem Diktator oder sonstegen Verréckten, deen d’Atombomm géint en aneren Staat mat enger Atombomm agesat huet? Oder deen en aneren Staat, deen Atombommen huet, konventionell ugegraff huet (an zwar richteg, net e bëssen Grenzgeplänkel)?

    > Außerdem gees du guer net ob d’Meiglechkeet an, daat eng Atommuecht eng Bomm géint een net-nukleart Land asetzt. (D’Ofschosstatione vu klenge Länner wéi dem Vatikan, Letzebuerg, Island, Liechtenstein, Monaco, etc. kéint een och bei nuklearer Bewaffnung mat engem Schlaach zerstéiren.)

    All déi Länner stinn ënnert dem nuklearen Prabbeli vun den USA. Wann een Lëtzebuerg giff attackéieren, dann giff d’NATO direkt zeréckschloen (wa mir keng automatesch ‘second strike option’ hätten). Suguer de Gadaffi huet déi Mechanismus verstan. En plus kéinten mir eng second-strike Statioun an, zb, Schweden stoen hunn.

    > Waat ass dann mat “mini nukes”? Ech gesinn net, waat z.B. een Bush dovunner ofgehaalen hätt, esou “kleng” Atombommen géint den Irak anzesetzen. Ech gesinn net, waat eng ultrariets Partei an Israel géif dovunner ofhaalen, Atomreaktoren am Iran mat Atombommen ze bombardéiren.

    De Punkt ass, dass d’USA KENG mini-nukes giff asetzen, wann den Irak der och asetzen kéint. Genausou wéineg giff eng israelesch ultra-riets Partei, virausgesat déi hätt iwwerhaapt den Zougang zu den Atomwaffen, den Iran bombardéieren, wann den Iran d’Atombomm hätt.

    > Außerdem: Waat ass daat dann fir een Argument, daat sait 1945 keng Atombomm méi gefall ass? Et ass awer genuch konventionelle Krich ginn, och vun a géint Atomstaaten.

    Wat fir konventionell Kricher sinn vun Atomstaaten géint aner Atomstaaten geféiert ginn?

    > Ah, mä Atombommen verhenneren Kricher an raischen, westlechen Länner. Dann ass jo alles gudd. Méi brauche mer net.

    Falsch. Atombommen verhënneren Kricher AN ALL DEENEN Länner déi eng Atombomm hunn (an déi, die sie mat ënnert hieren Prabbeli huelen). Egal op westlech, räich oder wat och ëmmer.

    Hues de den Newsweek-Artikel gelies, Joël?

  3. September 15, 2009 at 12:05 pm

    De Blödsinn, deens ech héi gelies hunn, ass mir duer gaangen.
    Et gouf méi Länner wéi 12 déi Atomwaffen haaten. Hues du gelies waat ech geschriwen hunn? D’Kaart op Wikipedia weißt Länner déi een eng Atombomm haaten oder een Programm haaten, respektiv der nach hun, mat oder ouni Sperrvertrag.

    De Punkt ass: Engersaits argumentéiers du domadder, daat et keen Wettrüste gi wier/geif, well et jo awer manner Länner mat Atombommen ginn wier, aanersaits bass de awer dofir, daat ALL LAND eng Atombomm soll kreien.

    Mini-Nukes: Ah, dh. net nemmen Atombommen, mä jiddereen muss och genee esou eng grouss an schlagkräfteg Arméi wéi d’USA kreien. Well soss kann een jo och keng Mini-Nukes am Land vun dem aaneren asetzen. Esou vill Zaldoten maachen d’Welt bestemmt méi secher!

    Sinn iwerhaat genuch Resourcen do, fir den Wahnsinn ze realiséiren? Waat ass wann sech zwee Staaten zesummendinn an engem seng SecondStrike-Optioun freckt maachen? Kenns de der net bessen verreckt vir, wanns de Atombommen fir all Land fuerders, no engem Post dens de “Free speech for the dumb” nenns?

    Läscht Fro: Waat hätt den Hitler dovunner ofgehaalen, virun sengem Selbstmord all die daitsch Atombommen ze zünden?
    (Ahjo stemmt. Wier et deemols schon Atombommen an all Land ginn, wier et nie zum Kirch komm. Huet een eng Zaitmaschinn?)

  4. September 15, 2009 at 1:53 pm

    > De Blödsinn, deens ech héi gelies hunn, ass mir duer gaangen.

    Dat schwätzt net fir dech, fir den Originalartikel, den alles anescht wéi Blödsinn ass, ze ignoréieren.

    > Et gouf méi Länner wéi 12 déi Atomwaffen haaten. Hues du gelies waat ech geschriwen hunn? D’Kaart op Wikipedia weißt Länner déi een eng Atombomm haaten oder een Programm haaten, respektiv der nach hun, mat oder ouni Sperrvertrag.

    Falsch. Die blo Länner op der Kaart haten net all Atomwaffen! Verschiddener haten just en Atomwaffenprogramm, wou se der wollten hierstellen. Dat hunn se awer dunn aus verschiddenen Grënn opginn. An d’Ausso woer, dass der nie méi wei 12 gläichzäiteg Atomwaffen haten.

    > De Punkt ass: Engersaits argumentéiers du domadder, daat et keen Wettrüste gi wier/geif, well et jo awer manner Länner mat Atombommen ginn wier, aanersaits bass de awer dofir, daat ALL LAND eng Atombomm soll kreien.

    D’Wettrüsten gët jo ëmmer als Argument vun de Géigner geholl. Ech, resp den Originalauteur, hunn just doropper higewiesen, dass et sou en Wettrüsten nët gët a nët ginn ass. Opmanst net am groussen Stil.

    An de FAIT, deens du bis lo nët widderluecht hues, bléiwt, dass Atomstaaten keng aner Atomstaaten ugegraff hunn! Oder kanns du en Konterbeispill ginn?

    > Mini-Nukes: Ah, dh. net nemmen Atombommen, mä jiddereen muss och genee esou eng grouss an schlagkräfteg Arméi wéi d’USA kreien. Well soss kann een jo och keng Mini-Nukes am Land vun dem aaneren asetzen. Esou vill Zaldoten maachen d’Welt bestemmt méi secher!

    Fir lo mol eppes kloer ze stellen: ech wéilt et kéint eng Flower-Power Häppi-Diwwi Welt ginn, wou et keng Waffen ginn a wou jidereen mateneen fein a léiw ass. Dat ass awer eng Utopie. An der realer Welt ass et awer numool de Besëtz vun enger Atombomm (oder mini-nukes), déi en anert Land dovunner ofhalen fir ze attackéieren well sie net de Géigenschlag erdroen wëllen! Bestreits du dat?

    > Sinn iwerhaat genuch Resourcen do, fir den Wahnsinn ze realiséiren? Waat ass wann sech zwee Staaten zesummendinn an engem seng SecondStrike-Optioun freckt maachen? Kenns de der net bessen verreckt vir, wanns de Atombommen fir all Land fuerders, no engem Post dens de “Free speech for the dumb” nenns?

    Ech giff der nach eng Kéier recommandéieren den Newsweek-Artikel ze liesen. Du kanns jo Englesch, oder?

    Wann sech zwee Staaten zesummen dinn fir engem drëtten seng fréck ze maachen sou ass dat och en ‘act of war’ an ginn vun deem drëtten Staat (oder sengen Alliéierten) bestrooft.

    > Waat hätt den Hitler dovunner ofgehaalen, virun sengem Selbstmord all die daitsch Atombommen ze zünden?

    Fir esou eppes ze verhënneren, muss jo eben eng Protektioun matagebaut ginn, dass keen eenzelenen déi Decisioun einfach am Handumdrehen huelen kann. Et muss méi komplizéiert sinn, wéi just en Knäppchen ze drécken. An dengem Beispill géiffen dann genuch SS Offizéier intervenéieren an den Déclenchment blokéieren, well sie (an hier Familjen) keng Loscht op Selbstmord hätten. Duerfir argumentéiert den Auteur jo dofir, dass d’USA all den Länner, déi Atomwaffen hunn, hëllefen sollt, déi ordentlech ze SECHEREN.

    > Ahjo stemmt. Wier et deemols schon Atombommen an all Land ginn, wier et nie zum Kirch komm. Huet een eng Zaitmaschinn?

    Du bass jo awer usech e rationalen Mënsch, oder?

    Mengs du wierklech den Hitler hätt 1939 Polen attackéiert, wann d’Polen (oder hier Alliéiert) als Reaktioun hätten kéinten eng Atombomm op Däitschland falen loossen? Jo oder Nee? Sëff éierlech …

  5. Pol
    September 15, 2009 at 7:23 pm

    http://de.wikipedia.org/wiki/Datei:Nuclear_weapons_states.svg

    hei ass mol eng Kaart mat Legend, wou ee mol eppes erkennt
    Ofiziell Atommuechten
    1 USA
    2 Russland
    3 China
    4 Frankraich
    5 England
    net NPT Atommächt
    6 Indien
    7 Pakistan
    8 Nord Korea
    Inoffiziell
    9 Israel
    Ex- Atomstaaten
    10 Kazakhstan
    11 Belarus
    12 Ukraine
    13 Süd Afrika

    An dann nach D B NL I an TK mat zougreff op N-Bomm iwwert dNATO

  6. September 15, 2009 at 7:43 pm

    Dat ass jo wat den Artikel seet: max woeren et der 12 (13, mat Israel), an 8 (9) aktuell.

  7. September 15, 2009 at 8:52 pm

    Grommel, du lies net waat ech schreiwen. (“(Maach sinn, daat déi blo der net all haaten, mä et sinn der méi wéi 12.)”) Dofir huet et wuehl keen Senn, mat dir ze disktuéiren, en plus gees de blöd a frech.

    Schued, daat waar mol anescht. Vill Spaß an denger nekrophiler Welt.

  8. Pol
    September 15, 2009 at 8:56 pm

    Joel wou kenns de ob mei wei 12? Et waren ni mei wei 12 Staaten glaichzaiteg (och mat Israel net)

  9. September 15, 2009 at 9:53 pm

    Joël:

    Fir d’éischt emol Merci, dass de iwwerhaapt reagéiert hues. Mee du enttäuschs mech trotzdem.

    Jo, et ass eng krass an kontrovers Ausso, dass Atombommen zum Fridden bäidroën! Ech hat och fir d’éischt eng negativ Reaktioun a wollt mech opregen. Mee dunn hunn ech den Artikel mol gelies. An die Theorie ass net ganz vun der Hand ze wéisen. Wat een eigentlech misst zouginn, op der Basis vun hieren sachlechen, rationalen Argumenter, an egal op een dofir oder dogéint ass.

    ‘Mir’ verlaangen dat jo och ëmmer vun der ‘anerer’ Säit, oder? Wa mir iwwerzeecht sinn déi besser Argumenter zu hunn an déi aner se nët akzeptéieren wëllen. Mee bass du, oder sinn die Grëng, awer am Endeffekt net besser? Verschléisst net och du d’Aan virun Argumenter déi deng Positioun, deng Iwwerzeegung oder deng Perspektiven kéinten ugräifen?

    Et ass nie agréabel seng eegen Positiounen z’iwwerdenken an a Fro ze stellen. An trotzdem ass et fannen ech mat dat wichtegst, wat ee kann man. Wann die eegen Positiounen sou eng ‘Attack’ iwwerstinn, ëmsou besser! Dann woeren se wuel wierklech richteg a gutt! An dann wees een dat. Mee wann net, da wier et villäicht un der Zäit fir d’Realitéit nees ze konfrontéieren an nët nëmmen a Wonschwelten ze schwiewen (wat awer natierlech och schéin ka sinn, mee op där Basis kann een net onbedengt konstruktiv argumentéieren an weider kommen).

    Et kann een awer och, an dat schéngt mir bei dir de Fall ze sinn, léiwer d’Aan zoumaachen an vun enger (menger Meenung no sachlecher) Diskussioun fortlafen. Well een wees, dass een selwer (oder seng Weltsiicht) net komplett ouni Schued dovunner giff kommen … An deem Sënn erënnert mech d’Reaktioun un religéis Läit mat deenen ech heiandsdo debattéieren. Sie wëllen einfach HIER Siicht vun der Welt opriicht erhalen, egal op se usech der Wourecht oder der Realitéit entsprëcht oder net.

    Perséinlech fannen ech awer d’Wourecht ëmmer dat Wichtegst. Oder opmanst den Versuch fir der Wourecht méi nozekommen. Egal op dat lo irgendwelch liberal oder konservativ Iwwerzeegungen stäerkt oder schwächt.

    D’Wourecht steet iwwert den Iwwerzeegungen.

    Domadder wëll ech net soen, dass deen Artikel do perfekt ass oder der Weisheit letzter Schluss ass! Mee en bréngt eng Rëtsch GUTT an VALID Argumenter un den Dësch. An déi wollt ech diskutéieren, fir ze kucken op se och stoen bléiwen an domadder wirklech gutt sinn.

    Du hues leider decidéiert fir opzeginn, dat ass schued.

    Mee ech giff mech fréeën, wanns de giffs zeréck kommen a mer déi Diskussioun kéinte weider féieren. An endlech d’Fro beäntwers, ops de wierklech mengs Nazi-Däitschland hätt Polen ugegraff, wann Polen d’Atombomm gehat hätt.

    NB. Ech hat och dem Manuel Huss an dem Philippe Schockweiler de Link zu dësem Post geschéckt, well ech wierklech un hieren Argumenter interesséiert sinn. Et sinn Läit, wéi sie déi eventuell falsch oder schwaach Argumenter entlarven kéinten well sie d’Theorie jo och wuel attackéieren géiffen. Bis lo sinn se nach net hei gewiescht. Villäicht hunn se jo och just keng Zäit.

    PS. Ech sot ech wéilt och léiwer an enger Welt liewen wou weder Atombommen nach Kricher existéieren. Mee dat ass eng Utopie. Dat ass net déi Welt an der mir liewen. An de Mënsch usech schéngt och net gemaach sinn fir ëmmer harmonesch ze liewen. Dofir sollt een d’Realitéit konfrontéieren an kucken, wéi een d’Welt, och wann se nuklear ass, méi sécher kann man! Fir jidfereen. Vun Utopien dreemen ass net ëmmer die bescht Solutioun um Terrain.

  10. September 15, 2009 at 9:58 pm

    Froën mech dat och …

  11. September 16, 2009 at 6:16 pm

    Dat do ass sou eng al Diskussioun, déi extrem schwéier ass, denken ech.

    Iwwert meng eege Positioun, dass ech Atomwaffen (wéi och Atomenergie) ofleenen sinn ech mer am Kloeren, dass e Fonke Wourecht awer dru si kéint, dass Atomwaffen eiser Welt eng Illusioun vu Stabilitéit ginn huet an de leschte 60 Joer. Dass dës Illusioun e kompletten Trugschluss ass, dierft awer och jidderengem bewosst sinn, well d’Verstoppen hannert dem ausgeliefte Konflikt, deen evitéiert gëtt vun den existente Konflikter oflenkt, déi trotz allem tëscht “Atommiecht” existéieren.

    D’Existenz vun Atomwaffen gëtt vläicht physesch Sécherheet, mä kengesfalls eng materiell oder ideologesch, sou dass awer all Dag Mënschen och duerch d’passiv-aggressiv Strategien, déi am internationalen Dialog benotzt ginn, well Atomwaffen existéieren sou munches behënnert.

    Wéi gesot, en heikelt Thema.

  12. September 16, 2009 at 6:41 pm

    > Dass dës Illusioun e kompletten Trugschluss ass, dierft awer och jidderengem bewosst sinn, well d’Verstoppen hannert dem ausgeliefte Konflikt, deen evitéiert gëtt vun den existente Konflikter oflenkt, déi trotz allem tëscht “Atommiecht” existéieren

    Mee emmerhin existéiert keen oppenen Konflikt tëschent dësen Länner! Dat ass dach och eppes, oder? An entretemps kann ee jo dru schaffen fir d’Ursaachen vun den Divergencen méi kleng ze maachen? Am Fall wou keng Atomwaffen an der Equatioun wieren, da wier villäicht schon en konventionellen Krich ausgebrach? Wier dat besser?

    > D’Existenz vun Atomwaffen gëtt vläicht physesch Sécherheet, mä kengesfalls eng materiell oder ideologesch, sou dass awer all Dag Mënschen och duerch d’passiv-aggressiv Strategien, déi am internationalen Dialog benotzt ginn, well Atomwaffen existéieren sou munches behënnert.

    Ech si mer net ganz sécher, wat s de hei soen wëlls. Kéins de dat eng Kéier reformuléieren?

    > Wéi gesot, en heikelt Thema.

    Natierlech! Mee dofir awer och interessant.

  13. Pol
    September 16, 2009 at 9:19 pm

    Ech faerten an der Fro get et iwwerhat keen zreck,
    All Land waat iergendwei zougreff ob Uranvirkommen huet keint eng Atombomm bauen, dofir ass dach all Land waat seng Biirger schützen well ob Atomwaffen ugewiss, genau wei ob eng ‘airforce’ oder eng Marine (bzw ob anerer ugewiss dei sou eppes hun)

  14. September 16, 2009 at 9:22 pm

    Gutt Argument. Firwat soll Israel seng Atomwaffen opginn, wann den Iran der entwéckelen kann? An och den Iran fillt séch méi sécher, wann en Atomwaffen huet. Dann traut sech Israel net méi ze attackéieren etc …

    Méi flott wier et natierlech mir giffen all Waffen verschrotten an nëmmen nach Kumbaya sangen, mee dat ass awer numol net die real Welt.

  15. G.
    September 17, 2009 at 12:29 am

    Dann wier et jo lo un der Zeit dat Israel, den Iran an d’Jenseits scheckt, soulaang den Iran keng Atomwaffen huet. Wisou maachen se dat dann net, dofiir hueste jo bestemmt och eng Erklärung. An wei wier et wuel ausgaang wann den Iran als eischt Atomwaffen gehaat hätt, an Israel weilt der lo bauen…
    Aner Hypothes : Huele mer un den Grommel wier Präsident vun Nordkorea. Lo geif sein Geheimdengscht kommen an soen d’USA plangt an den nächsten Stonnen Nordkorea mat Atomwaffen platt ze maan. Dei Informatiounen sin falsch, geschit jo öfters, net nemmen an den USA. Wat geif den Grommel lo wuel maan? An sein Bunker goen an warden bis en mierkt dei wellen awer naischt platt maachen? Oder geif en probeiren d’Amerikaner als eischt platt ze maachen?
    Natierlech, et ass nemmen eng Hypothes, d’Wahrscheinlechkeet dat sou Fehler gescheien ass minimal. Mee se ass awer do.
    Zur denger Argumentatioun : Ech fannen se e besschen komesch. 64 Joer laang ass naischt geschit, dat heescht dat dei nächst 200 Joer genee sou verlaafen. Jo, an wann net? Wien garanteiert mier dann dat irgendeen Mellen Diktator net awer engkeier op dei Idee kennt Atombommen ze zünden? Wou ass dann do dei Garantie vum Fridden?
    Zum Oofschloss : Dat et an der Vergaangenheet keen Krich zweschen Atommuechten gouf ass jo net ganz wouer. Et gouf eben dei sougenannt “Stellvertreter-Kricher” bescht Beispiel “Vietnam”. Opwuel d’Sowjets an d’Amerikaner Atomwaffen haaten, hun se sech konventionell bekricht. Dat beweist d’Geschicht an du kanns wuel kaum den Geigendeel behaapten an och hei kanns du net ausschleissen dat an Zukunft trotz Atombommen keng sou “Stellvertreter-Kricher” kennen stattfannen. Lo stin mer virun engem Dilemma, mat Atombommen gin “Stellvertreter-Kricher” gefouert, ouni Atombommen gin Kricher um eegenen Terrain gefouert. Et spillt also keng Roll op e Stat Atomwaffen huet oder net, wann Staten sech wellen bekrichen, dann bekrichen se sech. Den Risiko mat Atomwaffen dat eps greisseres geschit ass awer vill mei grouss.

  16. benem
    September 17, 2009 at 1:48 am

    Interessanten Usaatz, deen mer op den éischten Bléck guer net sou falsch erschëngt.
    @G firwat Israel den Iran net an d’Jenseits schéckt: Well soss Amerika als Beschützer vun der Welt Israel géif platt maachen😉
    D’Saach as hautesdaachs géif ech soen och haaptsächlech déi, dass Zivilisten bei allen Kricher (ausser lo terroristesch Aktiounen) probéiert gin oder sollen verschount gin. Daat as an mengen Aan net méiglech, wann een eng Atombomm asetzen wëll. Enplus mat den Allianzen wéi d’NATO, kann een och net einfach sou ouni weideres ee Land ugraifen ouni eng Kettenreaktioun un Géigenugrëffer auszeléisen.

  17. September 17, 2009 at 8:28 am

    G:

    > Dann wier et jo lo un der Zeit dat Israel, den Iran an d’Jenseits scheckt, soulaang den Iran keng Atomwaffen huet. Wisou maachen se dat dann net, dofiir hueste jo bestemmt och eng Erklärung.

    Wat hätt Israel dann do ze gewannen? Wann sie, ouni echt Provokatioun (a schon sécher net als Verteidegung oder Géigenschlag) en anert Land atomar ugräifen, sou misst Israel duerfir en héijen Präis bezuelen. Moralesch wieren se bankrott, ekonomesch giffen se wuel boykottéiert ginn an sie wieren sou verletzlech, wéi seelen virdrun a giffen garantéiert vun Selbstmordattentäter iwwerschwemmt ginn.

    En plus giffen d’USA hinnen sou eng Attack net erlaben (och wann Israel séch natierlech net misst dorunner halen mee dann missten se déi lo just opgezielten Konseqeunzen erdroen).

    Ausserdem ass et extrem onwahrscheinlech, dass den Iran, suguer wann en eng Bomm hätt, se en effet giff op Israel lancéieren. Et wier en nationalen Suicide.

    > Huele mer un den Grommel wier Präsident vun Nordkorea. Lo geif sein Geheimdengscht kommen an soen d’USA plangt an den nächsten Stonnen Nordkorea mat Atomwaffen platt ze maan. Dei Informatiounen sin falsch, geschit jo öfters, net nemmen an den USA. Wat geif den Grommel lo wuel maan? An sein Bunker goen an warden bis en mierkt dei wellen awer naischt platt maachen? Oder geif en probeiren d’Amerikaner als eischt platt ze maachen?

    Dat ass eng ridicule Hypothese. D’USA géiffen sou eppes nët man, haaptsächlech well se selwer absolut keen Interet hunn a just negativ Konsequenzen ze erleiden hätten. An dat wees och en Kim Jong Il. Duerfir giff hien (oder ech) sengem Geheimdëngscht mësstrauen a méi geséchert Informatiounen fuederen. Well zu deem Zäitpunkt ass Nordkorea souwiesou an enger Lose-Lose Situation. Attackéieren sie d’USA präventiv, also bevrun dass d’USA sie attackéiert hunn (ugeholl d’USA wéilten dat iwwerhaapt man), kënnen se sécher sinn, dass d’USA zeréckschloen an d’ganzt Land pulveriséieren wäerten. Maachen se näischt an d’USA attackéieren en effet (wat jo awer en extrem onwahrscheinlechen Szenario ass), da gët hiert Land och pulveriséiert. Am läschteren Fall kéinten d’Nordkoreaner sech awer opmanst als Opfer vun enger onprovozéierter Attack gesinn/duerstellen.

    > Zur denger Argumentatioun : Ech fannen se e besschen komesch. 64 Joer laang ass naischt geschit, dat heescht dat dei nächst 200 Joer genee sou verlaafen. Jo, an wann net? Wien garanteiert mier dann dat irgendeen Mellen Diktator net awer engkeier op dei Idee kennt Atombommen ze zünden? Wou ass dann do dei Garantie vum Fridden?

    Och du hues offensichtlech den Newsweek-Artikel net gelies, seufz. Sou en Diktator misst nët nëmmen mëll, mee suizidär sinn. A mat him nach eng ganz Rëtsch aner Läit. Dat ass awer onwahrscheinlech, den Ahmadinejad säin Pouvoir gët duerch d’Kleriker limitéiert an den Kim ass just e Schnëssert. An och weder de Stalin nach den Mao, och éischter verréckt Diktatoren hunn d’Atombomm agesat.

    Den Artikel argumentéiert och fir d’Sécherung vun Atombommesystemer an fir et onméiglech ze maachen, dass just ENG Persoun kéint die Decisioun huelen an just, zB, misst e Knäppchen am Büro drécken.

    > Dat et an der Vergaangenheet keen Krich zweschen Atommuechten gouf ass jo net ganz wouer. Et gouf eben dei sougenannt “Stellvertreter-Kricher” bescht Beispiel “Vietnam”. Opwuel d’Sowjets an d’Amerikaner Atomwaffen haaten, hun se sech konventionell bekricht.

    Sie hunn awer a. weder hier Länner direkt attackéiert (konventionell oder atomar) an b. hunn se och an hieren Stellvertreterkricher keng atomar Waffen agesat. Die Stellvertreterkricher, sou schlëmm se och woeren, woeren awer ëmmer nach MANNER schlëmm, wéi atomar Kricher gewiescht wieren!

    > Lo stin mer virun engem Dilemma, mat Atombommen gin “Stellvertreter-Kricher” gefouert, ouni Atombommen gin Kricher um eegenen Terrain gefouert. Et spillt also keng Roll op e Stat Atomwaffen huet oder net, wann Staten sech wellen bekrichen, dann bekrichen se sech.

    1. Die Zuel vun Stellvertrer-Kricher ass limitéiert an huet an de läschten Joeren extrem ofgeholl.
    2. D’Wahrscheinlechkeet, dass e Krich entstinn geet erof, wann dat concernéiert Land Atomwaffen huet. D’Amerikaner wieren wuel kaum an de Vietnam gaangen, wann d’Vietnamesen eng Atombomm gehat hätten.

    D’Tatik an de Gebrauch vun Stellvertreter-Kricher ass natierlech erbärmlëch, schändlech an net ze entschëllegen. Mee dat ass nees en Thema fir sech.

    > Den Risiko mat Atomwaffen dat eps greisseres geschit ass awer vill mei grouss.

    D’Logik vum nuklearen Fridden berout op enger e bëssen beängschtegender/riskanter Prämisse: mir akzeptéieren de klengen Risiko, dass eppes ganz Schlëmmes kéint passéieren (Atomkrich) well deen d’Chance, dass eppes ganz Schlëmmes (konventionellen Krich) NET passéiert, enorm vergréissert.

    Ech fannen dee Risiko ass et wäert.

    Oder mengs du den 2. Weltkrich hätt statt fonnt, wann et deemools schon Atomwaffen ginn hätt? Hätt den Hitler Polen ugegraff, wann d’Polen Atombommen gehat hätten?

  18. September 17, 2009 at 9:27 am

    Joel: Nach do?

  19. Pol
    September 17, 2009 at 3:13 pm

    Ech geif och denken daat an deem Israel-Iran Fall et sech net grad sou einfach duerstellt wei bai klasseschen Staaten Konflikter.
    Eng gesond Portioun fanatismus (ob beide Saiten) setzt rationalt Denken seier ausser Kraft.
    Desweideren gin et jo wei vu mengem Virgänger erwähnt jo net nemmen Israel an den Iran op der Welt, mee nach vill anerer Faktoren…

    De Problem ass numol daat et nemmei meiglech ass all Nuklear waffen lass ze gin.

    An dofir ass eng gesond balance enner verschiddenen Atommuechten mir vill leiwer wei daat op emol een alleng sech do massiv oprüst.

    Desweideren ass den Wirtschaftlechen Faktor jo och net ze ennerschätzen, oprüsten resp. ennerhalen vu Krichsmaterial hällt dWirtschaft a Schwong, a soulaang keen et asätzt ass dogeint dach naischt anzewännen

  20. September 17, 2009 at 3:43 pm

    > Desweideren ass den Wirtschaftlechen Faktor jo och net ze ennerschätzen, oprüsten resp. ennerhalen vu Krichsmaterial hällt dWirtschaft a Schwong, a soulaang keen et asätzt ass dogeint dach naischt anzewännen

    Do sinn ech nët ganz mat d’Accord. Menger Meenung no sollt jeweils just deen absolut néidegen Minimum un Atomwaffen zur Verfügung stoen. Et brauch keen Mënsch eng Gazillioun Atomwaffen.

  21. September 17, 2009 at 4:35 pm

    Do ass iergendeppes am Saz verluer gaang. Wat ech soe wëll ass, dass duerch d’Existenz vun Atomwaffen Konflikter op engem aneren Niveau ausgedroe ginn, an Räizpunkter net wierklech gesat ginn. Et entsteet eng Passivitéit doduerch an d’Leit leiden ënnert dësem verhënnerten Dialog tëscht streidenden Natiounen.

    Gutt, en oppenen Konflikt existéiert net – dat ass gutt. Mä dofir existéiert dësen Net-Konflikt-Konflikt, deen ech als grad esou schlëmm ugesinn. Et stierwen doduerch zwar net onbedéngt direkt Mënschen, mä wann sou Situatioune kéinte geléist ginn, wat duerch d’Existenz vun Atomwaffen net de Fall ass, géifen an anere Fäll vläicht Problemer kënnen an Ugrëff geholl ginn, déi am Moment net um Radar sinn.

    Mä vläicht spannen ech och.

  22. September 17, 2009 at 4:52 pm

    > mä wann sou Situatioune kéinte geléist ginn, wat duerch d’Existenz vun Atomwaffen net de Fall ass, géifen an anere Fäll vläicht Problemer kënnen an Ugrëff geholl ginn, déi am Moment net um Radar sinn.

    firwat këinten déi Situatiounen wéinst der Existenz vun Atomwaffen net geléist ginn?

    kanns de en konkret Beispill ginn?

  23. September 17, 2009 at 5:13 pm

    Beispill: Kaschmir. Pakistan an Indien sinn zwar aggressiv, mä opgrond vun der Existenz vun Atomwaffen geet d’Dikussioun net weider. Zum Beispill. Gutt, Konsequenz vun der Netexistenz vun Atomwaffen kéint e wierkleche Krich tëscht deenen zwee Länner sinn. Mä dat wier eventuell och net wierklech vill méi schlecht wéi de Status Quo.

    D’Resultat vun der Existenz vun Atomwaffen ass meeschtens Stëllstand – an dat ass net gutt.

  24. September 17, 2009 at 5:18 pm

    Hm, ech sinn awer iwwerzeecht, dass schon laang e konventionellen Krich tëschent Indien a Pakistan stattfonnt hätt, wann béid Säiten net Atomwaffen hätten! Mat wahrscheinlech villen Doudegen op béiden Säiten.

    Da fannen ech Stëllstand besser. An irgendwann kënt och an dee Bewegung.

    Ech verstinn awer net ganz firwat an dësem Fall Stëllstand genausou schlëmm wéi e Krich wier?? Opmanst kommen vill manner Läit ëm! An dat ass dach d’Ziel, oder?

  25. September 18, 2009 at 11:32 am

    pour info: de Joël an ech féieren dës, a mengen Aan interessant, Diskussioun weider. Leider iwwer e-mail😦

  26. September 20, 2009 at 10:15 am

    hallo,

    ech well just e klengen Detail zum ursprüngleche Bäitrag bäifügen. Déi Saach, datt souwisou keen sech traut se ofzefeieren, dat klappt just an der Theorie, well et an der Praxis oft näischt mat Wellen an Trauen ze dinn huet. Am kaale Krisch gouf et souwäit ech wees mindestens 2 Situatiounen, wou en Atomkrisch just duerch ee ganz groussen “Zoufall” net entfacht gouf. Dat eent wor am Kader vun der Cuba-Kris, wou en atomaren Torpedo just aus deem Grond net ofgefeiert ginn ass, well den zoustännegen Matrous op engem russegen Atomuboot den Uerder vum Capitain net direkt ausgefouert huet.
    An och dono goufen déi sowjetesch Atom-Streitkräften eng Kéier duerch en Computerfehler (Start vu feindlechen Atomrakéiten) mobiliséiert, an den zoustännegen Offizéier huet mat séngem Bauchgefill géint d’Kommandoketten entscheed, wat als läschten Aflossfaktor de Start vun den eegene Rakéite verhennert huet.
    Esou Faktoren ginn et natierlech och bei konventionelle Waffen, an am Fong bei allem, wat mat Entscheedungen ze dinn huet, mee do kann d’Kettereaktioun nach emmer nodréiglech kontrolléiert a gestoppt ginn, ier de Schued absolut ass, während dat am Fall vun Atomwaffen net zoutrefft. Eng Welt mat Atomwaffen, kann alleng wéint der Komplexitéit an domat duerch d’net-100%-Kontrolléierbarkeet an wéint der ‘Absolutheet’ vun den Atomwaffe selwer ni méi secher sinn ewéi eng Welt ouni Atomwaffen (déi doduerch natierlech net automatesch secher ass).
    Déi eenzeg secherheetsfördernd Funktioun vun Atomwaffen, déi ech mer virstelle kéint, dat wier eng demokratesch legitiméiert Weltregierung, déi als eenzeg Instanz am Besetz vun sou Waffe wier, fir am Noutfall ‘Schurkestaaten’ ofzewieren. Mee dovun sinn mer wuel éischter Joerzengten wéi Joeren entfernt.

  27. September 20, 2009 at 10:55 am

    Merci fir däin Kommentar, Manuel.

    Interessant Objektiounen, ech recherchéieren dat mol.

    Ech sinn awer firwetzeg: mengs du den Hitler hätt Polen ugegraff, wann d’Polen d’Atombomm hätten? A mengs du dat éischt, wat den Iran giff maachen, wann sie dann bis eng Atombomm hätten, wier fir se op Israel ofzeschéissen (an domadder natierlech eng atomar Reaktioun ze provozéieren)?

  28. September 20, 2009 at 11:11 am

    Manuel,

    Ech huelen un du spills op dat hei un:

    “Arguably the most dangerous moment in the crisis was unrecognized until the Cuban Missile Crisis Havana conference in October 2002, attended by many of the veterans of the crisis, at which it was learned that on October 26, 1962 the USS Beale had tracked and dropped signalling depth charges on the B-39, a Soviet Foxtrot-class submarine which was armed with a nuclear torpedo. Running out of air, the Soviet submarine was surrounded by American warships and desperately needed to surface. An argument broke out among three officers on the B-39, including submarine captain Valentin Savitsky, political officer Ivan Semonovich Maslennikov, and chief of staff of the submarine flotilla, Commander Vasiliy Arkhipov. An exhausted Savitsky became furious and ordered that the nuclear torpedo on board be made combat ready. Accounts differ about whether Commander Arkhipov convinced Savitsky not to make the attack, or whether Savitsky himself finally concluded that the only reasonable choice left open to him was to come to the surface.”

    Do kéint een natierlech argumentéieren, dass en nuklearen Torpedo net die selwecht Konsequenzen gehat hätt wéi eng nuklear Bomm, déi op eng Stad gehäit gët. Et geet just ‘just’ en anert U-Boot oder Schëff drop … Mee et wier natierlech en Krichsakt gewiescht. Trotzdem wees ech net op d’USA dofir mat terrestrechen Atomwaffen drop reagéiert hätten. Well dat hätt jo definitiv en atomaren (terrestrechen) Géigenschlag vun de Russen bedéit. Wien hätt vun sou enger Eskalatioun profitéiert?

    Computerfehleren sinn natierlech e Problem. An ech sot jo och nie, dass Atomwaffen eng perfekt Léisung fir all Problemer wieren!

    Ech hunn just doropper higewiesen, dass Atomwaffen och positiv Konsequenzen kënnen hunn an net alles just schwaarz a wäiss ass.

    En plus ass et e FAIT, dass Atomwaffen existéieren. An déi verschwannen net vun haut op muer. Duerfir misst gekuckt ginn fir eng nuklear Welt, mat nuklearen Waffen, sou sécher wéi méiglech ze man. An et däerf een och net ausser Uecht loossen, wat die geopolitesch Konsequenzen wieren (oder kéinte sinn), wa keng méi do wieren …

  29. September 20, 2009 at 12:20 pm

    Jo also ech well net bestreiden, datt et duerchaus och Argumenter get, déi fir Atomwaffen an dier Fro schwätzen. Ech hale jo net vill vun Dogmen🙂 Ennert dem Strich mengen ech awer, datt laangfristeg d’Gefore-Potential vun deem Ofschreckungsequiliber relativ zum direkte Schued, deen e konventionelle Krisch uriite kann, dat gréissert Iwwel ass.

    Natierlech kanns de soen, dat et mat Atomwaffe vläit net zum 2. Weltkrisch komm wier, mee genau sou gutt kéint et sinn, dat d’Menschheet an deem Fall deemols schon duerch e blöden Zoufall ausgerott gi wier.

    Ech denken awer och datt d’Atomwaffen d’Gewalt net verhenneren, mee se just a Form vun engem absolute Potential verlageren. Eischtens dränge Konflikter emmer drop, geléist ze ginn, esou oder sou, se loosse sech net endlos opstauen – esou wéi Waasser emmer biergof leeft. An zweetens ass den Atomkrisch statistesch betruecht just eng Fro vun der Zäit soulaang wéi et keng 100% Secherheet a Kontroll get, an déi get et opgrond vun der Komplexitéit vun eiser Welt a virun allem opgrond vum onberechenbare ‘Faktor Mensch’ net. D’atomar Ofschreckung kéint een dofir vläit als eng Art Flatrate beschreiwen. Du kanns souvill Konflikter wéis de wells um Ausbriechen verhenneren, mee eng Kéier muss de dann awer fir dat Ganzt bezuelen.

  30. Pol
    September 20, 2009 at 9:20 pm

    “An och dono goufen déi sowjetesch Atom-Streitkräften eng Kéier duerch en Computerfehler (Start vu feindlechen Atomrakéiten) mobiliséiert, an den zoustännegen Offizéier huet mat séngem Bauchgefill géint d’Kommandoketten entscheed, wat als läschten Aflossfaktor de Start vun den eegene Rakéite verhennert huet.” Fir mech ass daat een Musterbeispill daat Atombommen numol net zum Asaatz kommen, well den Russeschen Offizeier DRakeiten eben net gestart huet…

  31. September 21, 2009 at 1:17 pm

    D’Atomwaffen kéinten allerdëngs en Konflikt och esou laang erauszögeren bis et zu enger Eenegung komm ass? Ouni Atomwaffen giffen Kricher wahrscheinlech vill méi séier ausbriechen. Ass dat besser?

    Dat mat der Flatrate ass originell! Obwuel ech net iwwerzeecht sinn, dass en effet eng Kéier eng Rechnung misst bezuelt ginn.

  1. October 8, 2009 at 12:33 pm

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: