Vergänglechkeet.

September 17, 2009 Leave a comment Go to comments

Hei am Westen verdrängen mer den Doud jo gréisstendeels. A wann da mol een gestuerwen ass, da gët en oft och nach schéin ugedoen a maquiéillert, sou dass en halt sou lieweg wéi méiglech ausgesäit, éier et dann an de Buedem geet. Awer och do net egal wéi. Am Beschten an engem en Sarg aus Edelholz an net just Kiefer, et wëll een sech jo net virgeheien loossen, dass een knéckeg wier oder dass deen Doudegem engem näischt bedéit huet! An och en riesegroussen Grafsteen muss jo wuel sinn … Kee Wonner, dass Bestattungsunternehmen e krisenséchert Geschäft ass. Wat natierlech och eng Rëtsch (mënschlech) Aasgeieren unzitt, déi engem e schlecht Gewëssen man, just fir nach méi Suen an d’Täsch ze kréien.

A wou mer schon bei Aasgeieren sinn, dat bréngt mech zu enger alternativer Perspektive op dës Saachen: den buddhisteschen ‘Himmelsbestattungen‘ am Tibet. Buddhisten gleewen jo un Reinkarnatioun, also ass de Kierper fir sie usech just e Vehikel an de Kierper vun engem Doudegen definitiv just e Stéck Fleesch. Wat usech jo och mol guer net sou falsch ass. A fir der ‘Séil’ ze hëllefen sech nach méi séier vun deem doudegen Kierper ze léisen, verfidderen sie en un Geieren. Spektakulär Fotoen vun sou enger Bestattung, wann och net fir iwwersensibel Naturen!, fënnt een hei (am beschten och mat engem Adblocker kucken).

funeral_02 funeral_20 funeral_61

Dat ass jo definitiv eng ganz aner Mentalitéit, wéi déi, die mir gewinnt sinn. An die Fotoen sinn och op den éischten Bléck schockéierend, villäicht suguer verstéirend fir verschidden Läit. Menger perséinlecher Meenung no sinn se iwwerraschend, krass, awer och an engem gewëssen Sënn schéin (am Géigensaz zu üblechen Gore-Fotoen, déi ëmmer un Akzident, Krich, Verbriechen, etc gekoppelt sinn a primär sensationalistesch sinn oder primitiv Instikter befriddegen). Sie illustréieren einfach immens gutt, wat en doudegen Kierper ass: doudegt Fleesch, eng Usammlung vun Atomer, déi drop waart fir sech nees mat aneren Atomer zu neien Formen ze vermëschen. Ech kéint mer virstellen, mech sou verfidderen ze loossen. Allerdëngs wéist ech net op ech sou einfach nokucken kéint, wann do ee Familjenmember oder sou géing leien. Wat dorunner läit, dass mir manner séier lass loossen wéi sie a mir dat doudegt Stéck Fleesch nach méi laang als Persoun gesinn.

An eisen Kulturkreesser wier esou en Ritual jo wuel kaum dran an usech ass dat jo och ok, schon alleng aus ästhetëschen Gesiichtspunkter. Mee den Doud, an d’Vergänglechkeet och vum mënschlechen Kierper, bléiwt doduerch awer trotzdem irgendwéi mei abstrakt. Et kënt engem éischter vir, wéi wann d’Bomi halt lo ënnert dem Buedem schléift, wéi dass een sech bewosst gët, dass en Läichnam usech jo just nëmmen nach en physeschen, inaniméierten Objet ass, an net déi Persoun, déi en virdrun eng Kéier gehollef huet duerstellen.

Eis Mentalitéit, an d’Fixéierung op de Kierper als essentiellen (an ‘hellëgen’?) Deel vun der Persoun, huet natierlech mat eiser Religioun ze dinn, déi dovunner ausgeet, dass die doudeg Kierperen irgendwann rem eng Kéier operstinn (wann och die genau Konzepter diesbezüglëch extrem vague sinn an bei genauer Betruechtung direkt die schéinsten Paradoxen an Froen opwerfen).

Mee mat sou enger Iddi kann ech näischt ufänken. Wann et mol sou wäit ass, wëll ech, dass ee mäin Kierper verbrennen léisst an dann irgendwou an der Natur verstreet (Geieren sinn jo hei keng Optioun). An déi Suen, déi doduerch gespuert ginn, solle benotzt ginn fir e Fest ze feieren. Meng Famill a Frënn solle frou sinn, dass ech do woer an net (ze) traureg sinn, dass ech nees fort sinn. Et kann een et jo souwiesou net änneren.

Den Doud ass Deel vum Liewen. An all Dag kommen mer deem Deel vun eisem Liewen méi no.

An desto méi een sech däers bewosst gët, desto méi kann ee sech doropper astellen oder virbereeden. Op deen eegenen Doud an deen vun aneren Läit. An desto méi een déi Vergänglechkeet erkennt an akzeptéiert, desto méi intensiv a bewosst kann een, menger Meenung no, säin eegent Liewen genéissen an desto méi gët den Doud dat wat en ass: eppes Natierleches.

  1. September 18, 2009 at 11:33 am

    Thema/Fotoen ze morbide? Ze langweileg?

    Just firwëtzeg.

  2. Isa
    September 24, 2009 at 5:38 pm

    Menger Meenung no absolutt net langweileg. Morbid, bah jo, d’geet jo em den dout🙂 mais ZE….jo wahrscheinlech ZE, ech mengen, du hues daat jo gudd duergestallt, daat den Dout fir d’Leit aus eiser Gesellschaft eppes ass, wou mier einfach ofblocken, wou mier der Realiteit net an d’Ae kucken e.t.c. Ech fannen di Geier-Geschicht ganz interessant. An jo, vläit ass et an enger gewessenen Hinsicht extrem ekleg, mais ech fannen et aanerersäits och eng ganz schéin Firstellung. Et seet engem einfach: Jo, den Kierper ass fort, fir näischt méi ze gebrauchen, dout eben. An jo, d’Seil ass och fort, mais eben net dout, d’Seil ass lo fräi. D’ass bessen su en Befreiungssymbol iergendswei fir mech, di Geier-geschicht. Dofir fannen ech daat schéin. Soit. Merci fir den Bäitraag. Ech hun daat buddhistescht Bestattungsritual nach guer net kannt.

  3. September 28, 2009 at 1:08 pm

    Ok, gär geschitt dann🙂

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: