Home > Gesellschaft, Sex > Guido for Aussenminister!

Guido for Aussenminister!

250708MUC136Ech sinn zwar kee grousse Fan vum Guido Westerwelle, mee vu dass e gewielt gouff, hoffen ech lo, dass en Ausseminister gët.

Alleng schon fir moslemesch Länner wéi Saudi-Arabien an den Iran an onkomfortabel Situatiounen ze bréngen, wann se hien, en oppenen Homosexuellen, mussen empfänken. Mat militäreschen Éieren, Handginn, gemeinsamer Foto, etc.

Oder op se séch do virdrun drécken wäerten?

Natierlech kéint en schwulen Aussenminister och nees vun Radikalen als Beweis fir d’Dekadenz vum Westen präsentéiert ginn, mee ech mengen et wier de Risiko wäert. An der Tëschenzäit sinn jo och an verschiddenen islameschen Länner Fraen e bëssen méi an der Politik vertrueden wéi nach virun Joeren. Do huet de Westen jo sécher och eng ‘Matschold’ drun.

Wee wees, villäicht huet de Guido jo eng ähnlech Influenz … Mee natierlech ass et méi schwéier, vu dass hien nëmmen een ass an et awer an der Tëschenzäit Dozen Fraen op héijen politeschen Posten ginn. An Homosexualitéit ass jo awer nach ëmmer eng Grëtz méi schwéier ze erkennen an manner offensichtlech wéi Weiblechkeet.

Categories: Gesellschaft, Sex
  1. October 7, 2009 at 10:39 pm

    Jo ech sinn och dofir, datt en Ausseminister get. Do kann e relativ wéineg Schued uriiten.

  2. October 8, 2009 at 8:22 am

    Fair enough. Mee du gesäiss dat aus engem ekonomeschen Bléckwénkel.

    Giffs de et nët awer och interessant fannen, wann d’Hypokrisie an die mëttelalterlech Astellung vun de meeschten moslemeschen Länner a Punkto Homosexualitéit duerch en schwulen Aussenminister giffen bëssen méi exposéiert ginn?

    Emmerhin ginn am Iran an Saudi-Arabien Läit higeriicht well se schwul sinn …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: