Home > Gesellschaft, Politik, Religion/Philosophy > De Blair rifft zum Kräizzuch op. Géint d’Atheisten.

De Blair rifft zum Kräizzuch op. Géint d’Atheisten.

Ech hoffen sou, dass de Blair net EU Präsident gët. Ennert anerem wéinst esou Kommentarer:

Faith was also under attack on both sides.

“We face an aggressive secular attack from without. We face the threat of extremism from within.”

Arguing that there was “no hope” from atheists who scorn God, he said the best way to confront the secularist agenda was for all faiths to unite against it.

He said: “Those who scorn God and those who do violence in God’s name, both represent views of religion. But both offer no hope for faith in the twenty first century.”

(source)

Ech wëll kee Paschtouer als EU Präsident.

A wann Atheismus eng Religioun ass, dann ass Net-Timberen-Sammelen en Hobby.

  1. October 9, 2009 at 1:42 pm

    “A wann Atheismus eng Religioun ass, dann ass Net-Timberen-Sammelen en Hobby.” Exzellent!🙂

    Mee net just dowéinst, de Blair huet Europa am Irak-Krisch gespléckt, an séng EU ass keng politesch, mee eng reng neoliberal Wirtschaftsunioun. Hien soll mengendweegen Präsident vum Mound ginn, awer net vun der EU.

  2. October 9, 2009 at 1:45 pm

    Dat Zitat ass awer leider net vu mir, hat dat irgendwou mol gelies😉

    Fir de Rescht sinn ech total denger Meenung. E Puddel a Profiteur huet et net verdéngt EU Präsident ze ginn. Respektiv d’Europäer hunn dat net verdéngt!

  3. denjclaude
    October 9, 2009 at 2:34 pm

    “d’Europäer hunn dat net verdéngt!”

    Dat ass richteg, dofier kreien mier dann ewei emmer den klengsten gemeinsamen Nenner a wonneren eis dat neischt firun geet. Mee vue dat dei ganz Präsidenten-Geschicht do jo neischt mei mat Demokratie ze dinn huet ass et jo och egal. A wei egal et den Leit ass geseit een schein bei der Wahlbedeelegung (louch europaweit ennert 50%).

  4. October 9, 2009 at 2:42 pm

    A mam Blair giff et virun goen? An die richteg Richtung?

  5. denjclaude
    October 9, 2009 at 2:52 pm

    Natirlech net. Esou en President fun Europa muss zwar dei gemeinsam europäesch Geschicht, dei nun emol stark chrëchtlesch geprägt ass, am Hannerkapp behalen. Allerdings muss en nach vill mei fier all d’Leit do sinn, och dei dei net un en Gott am chrëchtleschen Sënn gleewen. Dat ass beim Blair jo awer defintif net de Fall.

    Ofgesinn do derfun dei greissten aktuell Gefohr fier den Vertrag geht fun den Englänner aus. Wei een an esou enger Situatioun och neemen un en Kandidat aus deem Land kann denken ass mer en Rätsel.

  6. October 9, 2009 at 3:04 pm

    > Dat ass beim Blair jo awer defintif net de Fall.

    Genau. An domadder (enner anerem) disqualifizéiert en sech.

    > Ofgesinn do derfun dei greissten aktuell Gefohr fier den Vertrag geht fun den Englänner aus.

    Ech hunn zwar irgendwou gelies, dass den Cameron keen Referendum méi wéilt organiséieren.

    A ganz am Eescht: wann d’Englänner d’EU net wëllen, da sollen se austrieden (amplaz die aner just ze nerven)! Da kucke mer mol op se dann ekonomesch a sozial besser do stinn …

  7. denjclaude
    October 9, 2009 at 3:29 pm

    Dat lescht wat ech gelies hun ass dat den Cameron egal wei een Referendum weilt halen. Sinn awer do wahrscheinlech net um neisden Stand. D’Englänner hun ob lang Siicht keng Chance eleng, an dat wessen se och. Wa sie sech fun Europa ewech bewegen dann a Richtung Amerika. Ob dat wirklech besser ass fier Europa woen ech ze bezweifelen.

    Regelrecht Angscht mecht et mer wann en demokratescht Instrument ewei en Referndum zum Problem gett. Wann d’Leit net wellen da wellen se net.

    D’Iren sin quasi gezwongen gin Jo ze soen. Den Vertrag ass eigentlech just eng liicht geännert Copie fun der Verfassung dei deemols ennert anerem fun den Hollänner an den Fransousen refuseiert gin ass. Dat interesseiert awer keen mei.
    Wat keim da bei engem europaweiten Referendum eraus? Keen wees et, mee et traut och keen sech et ze froen.
    Demokratie stellen ech mer wirklech anescht fier. An dat schlemmst ass jo dat et duerch all dat Gedëngels do net mei mee manner demokratesch zougeet.

  8. October 9, 2009 at 3:34 pm

    > Dat lescht wat ech gelies hun ass dat den Cameron egal wei een Referendum weilt halen. Sinn awer do wahrscheinlech net um neisden Stand.

    Ech hat sou eppes de Weekend iwwer am Guardian gelies.

    > Wa sie sech fun Europa ewech bewegen dann a Richtung Amerika. Ob dat wirklech besser ass fier Europa woen ech ze bezweifelen.

    Firwat soll dat méi schlecht sinn? Wat huet England dann wierklech ze bidden?
    A wat stells de der fir? Eng Unioun tëschent USA an UK? Jo, sécher …😉

    > Regelrecht Angscht mecht et mer wann en demokratescht Instrument ewei en Referndum zum Problem gett. Wann d’Leit net wellen da wellen se net.

    E Referendum ass gutt fir Froen op d’Läit am Resto fëmmen sollen däerfen oder net. Mee net fir sou komplex Saachen, wéi EU Verfassungen.

    > D’Iren sin quasi gezwongen gin Jo ze soen.

    Ween huet se dann gezwongen? D’Krise?

    > Wat keim da bei engem europaweiten Referendum eraus? Keen wees et, mee et traut och keen sech et ze froen.

    En Referendum zu sou Froen ass idiotesch.

    > Demokratie stellen ech mer wirklech anescht fier. An dat schlemmst ass jo dat et duerch all dat Gedëngels do net mei mee manner demokratesch zougeet.

    Wat stells du der dann fir? Basis-Demokratie?😉

    Wéi soll dat op europäeschem Plang funktionnéieren?? Funktionnéiert jo schon nët am Klengen.

  9. denjclaude
    October 9, 2009 at 4:26 pm

    “Eng Unioun tëschent USA an UK?”
    Vue dat et den Englänner scheinbar manner em dei gemeinsam Werter geet mee mei em dat Wirtschaftlecht ass dat emol guer net esou utopesch. Ofgesinn dat New York an London zesummen och an Zukunft eng Haptroll keinten an der Finanzwelt spillen. Speidstens wann China, Indien a Brasilien richteg zou sech kommen mussen d’Englänner eng mat hierem Pond ennerhuelen.

    “En Referendum zu sou Froen ass idiotesch.”
    Esou eppes gett jo net probeiert well dat falscht Resultat keint eraus kommen, an dat ass den Problem fier mech.

    Bei Europa als Basis-Demokratie hätten mir neischt mei ze mellen well mer ze kleng sinn. Vue dat et bei Europa jo em dei gemeinsam Werter geet, breichten mer dann jo awer neischt ze färten.

  10. October 9, 2009 at 4:32 pm

    > Vue dat et den Englänner scheinbar manner em dei gemeinsam Werter geet mee mei em dat Wirtschaftlecht ass dat emol guer net esou utopesch.

    Die meescht Englänner wäerten wuel, genau wéi die meescht aner Europäer, mol guer net richteg wëssen, let alone verstoen, em wat et bei der Constitutioun geet. En plus giffen zevill lokalpolitesch Problemer consideréiert ginn, em déi et net geet.

    > Esou eppes gett jo net probeiert well dat falscht Resultat keint eraus kommen, an dat ass den Problem fier mech.

    An de Problem fir mech ass, dass eng Constitutioun eppes vill ze komplexes ass fir dass Jänni a Männi doriwwer ofstëmmen solle kënnen. Dat sollen eis Politiker man. Duerfir hu mer déi jo gewielt.

    Referenden sinn gutt fir Fëmmverbueter an aner kloer, präzise, einfach ze verstoen Froen.

    > Bei Europa als Basis-Demokratie hätten mir neischt mei ze mellen well mer ze kleng sinn. Vue dat et bei Europa jo em dei gemeinsam Werter geet, breichten mer dann jo awer neischt ze färten.

    Basisdemokratie ass eng lenksextrem Utopie.

  11. G.
    October 9, 2009 at 9:02 pm

    Wisou ass Basisdemokratie eng Utopie? Hues du en konkreten Beweis dofiir? Wei ass et mat der Schweiz, dei sin alles aneschters wei politech um Enn opwuel, eischtens hieren ganzen System aus Konsens besteet, zweetens se Referenden maan wou se och a komplexen Saachen Vollek froen. Op d’ Vollek richteg decideiert ass natierlech nie garanteiert, dat gewielten Politiker am Interesse vum Vollek handelt, awer och net. An mol eng grondsätzlech Fro : wees d’Vollek wien a wat se wielt a woufir se steet? Wei kann en Vollek iwwerhaapt wielen, wann d’Politik jo sou komplex ass, Steierpolitik, Wirtschaftspolitik, Sozialpolitik, etc. sin jo awer dei essentielst Saachen, wei soll d’Vollek dann dodriwwer urteelen kennen op d’Politiker hier Saach gudd maachen oder net?
    Wann d’Vollek geint Politik vun der Regierung oofstemmt, ass se dann nach legitim?
    Ass dann den Lisbonne Traité fir dech gudd oder schlecht? Ajo, stemmt, domm Fro, du kanns dat jo guer net beurteelen…

  12. G.
    October 9, 2009 at 9:05 pm

    Ech hoffen doweinst och daste dech deemols enthaal hues beim Verfassungs Referendum. Soss bas du net mei credibel…

  13. denjclaude
    October 9, 2009 at 10:20 pm

    “Ech hoffen doweinst och daste dech deemols enthaal hues beim Verfassungs Referendum. Soss bas du net mei credibel…”

    Weisou dat dann? Eischtens kann een seng Meenung änneren. Zweetens ass d’Volleck als Ganzt nie mat deem eenzelne Bierger ze vergleichen. Net all Deitschen war en Nazi an net all Lëtzebuerger war geint d’Nazien.

    Och wann een engem Volleck als Ganzt net zoutraut dei richteg Decisioun ze huelen, heescht dat awer nach lang net dat net deen Een oder Aneren sech d’Zeit helt, sech mam Thema beschäftegt an dann eng Decisioun hëlt.

  14. October 10, 2009 at 9:55 am

    Wou gët et dann sou eng Basisdemokratie wierklech? Och an der Schwäiz ass dat nëmmen zum Deel de Fall an et gët och genuch Kritik un deem System: http://de.wikipedia.org/wiki/Landsgemeinde#Kritik_an_der_Landsgemeinde

    Ech gleewen un die repräsentativ Demokratie. Mir wielen Läit, déi vertrieden eis an hunn Zäit fir sech mat all deenen Problemer an Aufgaben ze beschäftegen.

    Doniewent kéint een vir verschidden ‘einfach’ Froen Referenden halen.

    Wann d’Vollek e Problem mat der Regierung huet, dann soll et se bei deenen nächsten Wahlen net méi wielen! Sou einfach geet dat jo.

  15. October 10, 2009 at 9:58 am

    Ech hunn dofir gestëmmt. Well déi Läit, déi ech gewielt hunn, dofir woeren.

    Ausserdem sinn ech der Meenung, dass och wann den Traité net perfekt ass an et Argumenter dogéint ginn, et fir Europa besser ass, deen lo ze applizéieren, wéi einfach sou weider ze fueren.

    Op meng Credibilitéit huet dat keng Auswierkung. Well wann ech mech enthalen hätt, dann hätt ech just deenen déi dogéint gewiescht wieren gehollef. Well déi hätten sech jo och net einfach enthalen.

  16. October 10, 2009 at 9:59 am

    Genau.

  17. Pancho
    October 10, 2009 at 2:24 pm

    Holà,

    …wëll mech nët als “pro” oder “kontra” Blair heielei äusseren (“Il a des qualités, mais aussi des défauts…chacun peut y retrouver son compte…”), mä muss zouginn daat den Här Blair d’Konscht vum “spinning”, ënnert dem Motto “The end justifies the means.” duerch an duerch beherrscht…

    http://news.bbc.co.uk/2/hi/uk_news/7157409.stm

    Hasta
    Pancho

  18. October 10, 2009 at 3:15 pm

    Natierlech ass den Blair en ‘master of spin’, mee ech gesinn net, wéi dat lo zu dësem Blogpost passt … ?

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: