Home > Gesellschaft > Schwarz auf weiss.

Schwarz auf weiss.

October 16, 2009 Leave a comment Go to comments

Interessanten Artikel vum Günther Wallraff, iwwert wat hien erliewt huet, wéi en een Joër laang als Schwaarzen duerch Däitschland ënnerwee woer. Kënt och eng Dokumentatioun doriwwer eraus.

Wat de Rassismus usech ugeet, sou sinn d’Grënn dofir jo haaptsächlech Ignoranz an/oder Angscht. Die meescht Mënschen fäerten dat, wat se nët kennen. A ween vun deenen Rassisten kennt schon wierklech en Auslänner, zumools därer, déi sech soit optësch oder kulturell vun eis ënnerscheeden? Vill Läit kennen sou Auslänner jo och haaptsächlech am Zesummenhang mat negativen Evenementer, déi et jo zweifellos ginn, mee déi awer och meeschtens d’Resultat vun verfehlter Integratiounspolitik etc sinn. A wann een Tierken oder Schwaarzer just vun der Tele kennt, wou nees gewiesen gët, wéi se ech wees net wat fireng Dommheet gemaach hunn, dann ass et jo och irgendwéi verständlech, dass die éischt Kéier, wou een wierklech selwer mat engem konfrontéiert ass, automatesch déi Clichéen héichkommen. Och däerf een d’Muecht vun ‘Indoktrinatioun’ während der Kandheet net vergiessen: ‘Die kleng Negeren sinn domm a bréngen selwer näischt fäerdeg’, etc.

Den Challenge ass natierlech fir op béiden Säiten opzeklären, ze informéieren, eegen Problemer zouzeginn an dann ze reduzéieren. Well d’Reaktioun vun der Eitzi-Eitzi-Fraktioun ass och falsch, fir all Auslänner d’office als ‘onschëlleg’ dohinner ze stellen. Dat sinn sie genausou wéineg, wéi Net-Auslänner, déi sech doniewent oder kriminell behuelen. D’Reaktioun vun den Rassisten ass awer genausou falsch, well sie all Auslänner oder ‘Aneschtaartegen’ par défaut verurteelen an als kriminell oder inkapabel duerstellen.

Global gesinn mengen ech awer schon, dass Auslänner, an wéi gesot zumools därer, déi eng aner Hautfaarw oder aus engem aneren Kulturkrees kommen, et méi schwéier hunn, well bei hinnen (onbewosst?) d’Laat vill méi héich geluegt, resp. hinnen keng fair Chance ginn, gët: lossen ‘Däitscher’ (oder ‘Lëtzebuerger’) eng kommen, sou sinn dat halt e puer schlecht Äppel tëschent all deenen gudden; lossen Auslänner eng kommen, sou ass dat ‘typesch’ fir sie an hier ganz ‘Natioun’, ‘Ethnie’, ‘Rass’ oder wéi och ëmmer. An dat ass jo definitiv en dueblen Standard.

Bléiwt natierlech och nach de Problem vum emgedréinten Rassismus, deen awer jo definitiv méi kléng ass, duerfir loossen ech dee fir de Moment mol op der Säit.

Categories: Gesellschaft
  1. No comments yet.
  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: